Dräilännereck
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Lëtzebuergesch-belsch-franséischen Dräilännereck bei Rodange.
Lëtzebuergesch-däitsch-franséischen Dräilännereck un/an der Musel bei Schengen.
Fréiere belsch-lëtzebuergesch-preiseschen Dräilännereck op der Schmëdd, ëm 1910.
Fréieren Dräilännereck op der Schmëtt am Joer 2010. Lénks d'Gossemaark LB286 riets déi sténge Maark LB75
En Dräilännereck ass dee geographesche Punkt, wou dräi Grenze vu gläichem Rang an domatter och dräi gläichaarteg Territoiren (Staaten, Regiounen, ...) openee stoussen.
D'Zuel vun den Dräilännerecken hänkt vun der Zuel vun den Noperen of, ma och dovunner, wéivill Miergrenzen do sinn.
Sou huet zum Beispiel Éisträich 9 Dräilännerecken, Däitschland der 7, d'Schwäiz der 6 a Frankräich der 4. Lëtzebuerg huet der 3, Dänemark a Portugal dogéint keen eenzegen.
Lëtzebuerger Dräilännerecken haut (no 1919) [änneren]
- Belsch-Frankräich-Lëtzebuerg, bei Éibeng (Aubange), Lonkech (Longwy) a Rodange;
- Däitschland-Belsch-Lëtzebuerg, bei Sevenig, Ouren a Léiler;
- Frankräich-Däitschland-Lëtzebuerg, bei Opech (Apach), Perl a Schengen.
Lëtzebuerger Dräilännerecke fréier (virun 1919) [änneren]
Déi zwéin Dräilännerecken, déi Lëtzebuerg mat Däitschland huet, ginn et esou, wéi mer se haut kennen, eréischt zënter 1919:
- Als Folleg vum Éischte Weltkrich goung Elsass-Loutrengen vun Däitschland hannescht u Frankräich. Virdru war den Däilännereck mat Frankräich bei Bieles (do, wou haut d'Limite vun den Departementer Moselle a Meurthe-et-Moselle u Lëtzebuerg stéisst).
- Och un der Nordgrenz gouf et Ännerungen, wéi Territoirë vu Preisen un d'Belsch goungen. Virdru war den Dräilännereck op der Schmëdd (Koordinaten:
50° 10’ 58’’ N 06° 01’ 29’’ O).
Kuckt och [änneren]
- Traité vu Versailles
- Dräilännereck bei Ouren
- Dräilännereck bei Schengen
- Dräilännereck bei Rodange
- Däitsch-Hollännesch-Belschen Dräilännereck um Vaalserberg tëscht Gemmenich (B), Vaals (NL), a Reinartzkehl, Oochen (D)
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Dräilännerecken – Biller, Videoen oder Audiodateien |