Departement Meurthe-et-Moselle
|
|
|
|---|---|
| Regioun | Loutrengen |
| Prefecture | Nanzeg |
| Ënnerprefecture | Briey Lunéville Toul |
| Bevëlkerung | 713.779 Aw.(1999) |
| Fläch | 7 340 km² |
| Arrondissementer | 4 |
| Kantoner | 44 |
| Interkommunalitéiten | 38 |
| Gemengen | 594 |
D'Meurthe-et-Moselle (54) ass e franséischt Departement, a Loutrengen.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
D'Meurthe-et-Moselle gëtt et als Departement eréischt zënter 1871. Et gouf aus deenen Territoirë vun den Departementer Meurthe a Moselle zesummegesat, déi Rescht bloufen, wéi den aneren Deel dervunner duerch den Traité vu Frankfurt un Däitschland goung. Déi haiteg Grenz mat der Moselle ass déi, wéi se vun 1871 bis 1919 tëscht Frankräich an Däitschland war.
[änneren] Wopen
Op gëllenem Fong, de queesche Wee e rout Band mat dräi klénge sëlwer Adleren (Wope vu Loutrengen), riets a lénks dervun all kéiers eng blo gewellte Sträif fir déi zwéi Flëss d'Meurthe an d'Musel duerzestellen.
[änneren] Geographie
D'Departement Meurthe-et-Moselle ass Deel vun der Regioun Loutrengen. Et grenzt un d'Departementer Meuse, Vosges, Bas-Rhin a Moselle, u Lëtzebuerg an un d'Belsch.
Well et aus de "Reschter" vum Franséisch-Preisesche Krich zesummegesat gi war, huet et déi glunge Form: 130 km vu Norde no Süden, mee tëschent 7 an 103 km vun Osten no Westen.
Wichteg Stied sinn: Nanzeg (Prefecture), Lonkech (Longwy), Pont-à-Mousson a Villerupt.
Waasserleef sinn d'Musel, d'Meurthe, d'Kuer an d'Vezouze.
[änneren] Economie
D'Wirtschaft vun dësem Departement hung laang vum Biergbau of, besonnesch vum Ofbau vu der Minette, vum Salz a Kallek. Zënter den 1970er Joren ass et mat deenen Industrië rapid biergof gaang, an nach haut ass de Chômage héich, besonnesch an der Géigend nërdlech vu Briey. Vill Leit vun do hunn zu Lëtzebuerg als Frontalier eng Aarbecht fonnt. Ëm Nanzeg ass d'Situatioun awer besser, do si vill Servicer installéiert.
[änneren] Démographie
D'Awunner vun der Meurthe-et-Moselle heeschen op Franséisch Meurthe-et-Mosellans.
[änneren] Kuckt och
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Meurthe-et-Moselle
- Arrondissementer am Departement Meurthe-et-Moselle
- Kantonen am Departement Meurthe-et-Moselle
[änneren] Um Spaweck
01 Ain · 02 Aisne · 03 Allier · 04 Alpes-de-Haute-Provence · 05 Hautes-Alpes · 06 Alpes-Maritimes · 07 Ardèche · 08 Ardennes · 09 Ariège · 10 Aube · 11 Aude · 12 Aveyron · 13 Bouches-du-Rhône · 14 Calvados · 15 Cantal · 16 Charente · 17 Charente-Maritime · 18 Cher · 19 Corrèze · 2A Corse-du-Sud · 2B Haute-Corse · 21 Côte-d'Or · 22 Côtes-d'Armor · 23 Creuse · 24 Dordogne · 25 Doubs · 26 Drôme · 27 Eure · 28 Eure-et-Loir · 29 Finistère · 30 Gard · 31 Haute-Garonne · 32 Gers · 33 Gironde · 34 Hérault · 35 Ille-et-Vilaine · 36 Indre · 37 Indre-et-Loire · 38 Isère · 39 Jura · 40 Landes · 41 Loir-et-Cher · 42 Loire · 43 Haute-Loire · 44 Loire-Atlantique · 45 Loiret · 46 Lot · 47 Lot-et-Garonne · 48 Lozère · 49 Maine-et-Loire · 50 Manche · 51 Marne · 52 Haute-Marne · 53 Mayenne · 54 Meurthe-et-Moselle · 55 Meuse · 56 Morbihan · 57 Moselle · 58 Nièvre · 59 Nord · 60 Oise · 61 Orne · 62 Pas-de-Calais · 63 Puy-de-Dôme · 64 Pyrénées-Atlantiques · 65 Hautes-Pyrénées · 66 Pyrénées-Orientales · 67 Bas-Rhin · 68 Haut-Rhin · 69 Rhône · 70 Haute-Saône · 71 Saône-et-Loire · 72 Sarthe · 73 Savoie · 74 Haute-Savoie · 75 Paräis · 76 Seine-Maritime · 77 Seine-et-Marne · 78 Yvelines · 79 Deux-Sèvres · 80 Somme · 81 Tarn · 82 Tarn-et-Garonne · 83 Var · 84 Vaucluse · 85 Vendée · 86 Vienne · 87 Haute-Vienne · 88 Vosges · 89 Yonne · 90 Territoire de Belfort · 91 Essonne · 92 Hauts-de-Seine · 93 Seine-Saint-Denis · 94 Val-de-Marne · 95 Val-d'Oise · 971 Guadeloupe · 972 Martinique · 973 Guyane · 974 Réunion · 976 Mayotte
| Commons: Meurthe-et-Moselle – Biller, Videoen oder Audiodateien |