Departement Finistère
| Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|
|
|---|---|
| Regioun | |
| Prefecture | |
| Ënnerprefecture | |
| Bevëlkerung | 852 418 Aw.(1999) |
| Fläch | 6 733 km² |
| Arrondissementer | 4 |
| Kantoner | 54 |
| Interkommunalitéiten | 26 |
| Gemengen | 283 |
De Finistère (29) ass e franséischt Departement an der Regioun Bretagne. Op Bretonesch ass säin Numm Penn-ar-Bed
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
D'Departement gouf wéi déi aner 82 Departementer, wärend der franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790, an Applikatioun vum Gesetz vum 22. Dezember 1789, geschaf. Et setzt sech zesummen aus engem Deel vun der fréierer Provënz Bretagne.
[änneren] Geographie
De Finistère ass dat westlechst Departement vu Frankräich, a grenzt am Norden, Westen, a Süden un den Äermelkanal an den Atlantik. Am Oste stéisst un d'Côtes d'Armor an de Morbihan.
D'Längt vu senger Küst ass 1.250 km, wat ongeféier engem Véirel vun der Küstelängt vu ganz Frankräich entstprécht. Den Deel vum Mier deen am Weste vum Finistère läit gëtt Mer d'Iroise genannt. Dozou gehéieren en etlech Insele wéi Ouessant , den Archipel de Molène, d'Île de Sein, déi virun der Pointe du Raz leien, an am Süden den Archipel des Glénan.
[änneren] Klima
De Finistère huet en temperéiert ozeanescht Klima, dat vum Nordatlantikstroum beaflosst gëtt. D'Wänter sinn am grousse Ganze mëll, an d'Summere si frësch. D'Reenperiode sinn iwwer d'ganzt Joer verdeelt, et reent awer méi am Hannerland, an op den Héichten, wéi op der Küst. De Frascht ass rar, awer met Wand ass ëmmer ze rechnen.
[änneren] Kuckt och
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Finistère
- Arrondissementer am Departement Finistère
- Kantonen am Departement Finistère
[änneren] Um Spaweck
01 Ain · 02 Aisne · 03 Allier · 04 Alpes-de-Haute-Provence · 05 Hautes-Alpes · 06 Alpes-Maritimes · 07 Ardèche · 08 Ardennes · 09 Ariège · 10 Aube · 11 Aude · 12 Aveyron · 13 Bouches-du-Rhône · 14 Calvados · 15 Cantal · 16 Charente · 17 Charente-Maritime · 18 Cher · 19 Corrèze · 2A Corse-du-Sud · 2B Haute-Corse · 21 Côte-d'Or · 22 Côtes-d'Armor · 23 Creuse · 24 Dordogne · 25 Doubs · 26 Drôme · 27 Eure · 28 Eure-et-Loir · 29 Finistère · 30 Gard · 31 Haute-Garonne · 32 Gers · 33 Gironde · 34 Hérault · 35 Ille-et-Vilaine · 36 Indre · 37 Indre-et-Loire · 38 Isère · 39 Jura · 40 Landes · 41 Loir-et-Cher · 42 Loire · 43 Haute-Loire · 44 Loire-Atlantique · 45 Loiret · 46 Lot · 47 Lot-et-Garonne · 48 Lozère · 49 Maine-et-Loire · 50 Manche · 51 Marne · 52 Haute-Marne · 53 Mayenne · 54 Meurthe-et-Moselle · 55 Meuse · 56 Morbihan · 57 Moselle · 58 Nièvre · 59 Nord · 60 Oise · 61 Orne · 62 Pas-de-Calais · 63 Puy-de-Dôme · 64 Pyrénées-Atlantiques · 65 Hautes-Pyrénées · 66 Pyrénées-Orientales · 67 Bas-Rhin · 68 Haut-Rhin · 69 Rhône · 70 Haute-Saône · 71 Saône-et-Loire · 72 Sarthe · 73 Savoie · 74 Haute-Savoie · 75 Paräis · 76 Seine-Maritime · 77 Seine-et-Marne · 78 Yvelines · 79 Deux-Sèvres · 80 Somme · 81 Tarn · 82 Tarn-et-Garonne · 83 Var · 84 Vaucluse · 85 Vendée · 86 Vienne · 87 Haute-Vienne · 88 Vosges · 89 Yonne · 90 Territoire de Belfort · 91 Essonne · 92 Hauts-de-Seine · 93 Seine-Saint-Denis · 94 Val-de-Marne · 95 Val-d'Oise · 971 Guadeloupe · 972 Martinique · 973 Guyane · 974 Réunion · 976 Mayotte
| Commons: Finistère – Biller, Videoen oder Audiodateien |