Departement Cantal

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Cantal (15)
Logo vum Cantal.jpg Wopen Cantal.png
Regioun Blason de l'Auvergne.svg Auvergne
Prefektur Aurillac
Ënnerprefektur {{{Ënnerprefektur}}}
Bevëlkerung 150 772 Aw.(1999)
Fläch 5 726 km²
Arrondissementer 3
Kantoner 27
Interkommunalitéiten 18
Gemengen 260
Cantal-Position.svg

De Cantal (15) ass e franséischt Departement, an der Regioun Auvergne, dat säin Numm vun de Bierger huet déi op sengem Territoire leien, d'Monts de Cantal.

Geschicht [änneren]

D'Departement Cantal ass eent vun den 83 Departementer déi während der Franséischer Revolutioun de 4. Mäerz 1790 unhand vun engem Gesetz vum 22. Dezember 1789 gegrënnt goufen. E setzt sech zesummen aus engem Deel vun der fréierer Provënz Auvergne, der Haute-Auvergne.

Geographie [änneren]

De Cantal gehéiert zur Regioun Auvergne a läit deelweis am Baseng vun der Garonne, an eng kleng Partie am Dall vun der Loire.

E stéisst am Norden un d'Departmenter Corrèze, Haute-Loire a Puy-de-Dôme, am Osten un d'Haute-Loire an d' Lozère, am Süden den Aveyron an de Lot, an am Westen de Lot an d'Corrèze.

Et ass e koppegt Departement, de moyenne montagne a Frankräich genannt, deen aus dem Hiwwele vum Vulkanesche Massiv vum Cantal a sengen Ausleefer besteet. Dee Massiv ass en Iwwerrescht vun engem ale Vulkan, dee mat engem Duerchmiesser vun un déi 60 km de gréissten an Europa ass. Déi héchste Plaz de Plomb du Cantal leit op 1 858 Meter.

Aner héich Plaze sinn:

Op den Hänk vum Massif ginn déif Däller fort, déi an den Äiszäiten duerch d'Erosioun geformt goufen. Si breede sech vum Zentrum radial no alle Säiten aus. Déi bekannste sinn d'Däller vu folgende Baachen a Flëss: Impradine, Santoire, Cère, Alagnon, Jordanne, Doire a Rhue.

Tëscht deenen Däller leie Plateauen, wéi Planèze a Saint-Flour am Osten, déi zimlech dréche sinn, a am Westen Salers wou et méi reent.

Déi gréisste Stied sinn Aurillac, Saint-Flour a Mauriac.


Kuckt och [änneren]


Commons: Cantal – Biller, Videoen oder Audiodateien