Departement Corrèze

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag France template.gif Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Corrèze (19)
Blason département fr Corrèze.svg
Regioun Limousin
Prefecture Tulle
Ënnerprefecture Brive-la-Gaillarde
Ussel
Bevëlkerung 242 896 Aw.(2008)
Fläch 5 857 km²
Arrondissementer 3
Kantoner 37
Interkommunalitéiten 24
Gemengen 286
Corrèze-Position.svg

D'Corrèze (19) ass e franséischt Departement an der Regioun Limousin. Et krut säin Numm duerch de Floss Corrèze deen derduerch fléisst.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Departement gouf geschaf während der franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790 (Gesetz vum 22. Dezember 1789 aus Deeler vun der Provënz Limousin.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Kaart vun der Corrèze

D'Corrèze grenzt un d'Departementer Creuse, Haute-Vienne, Cantal, Puy-de-Dôme, Lot an Dordogne.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

D'Bevëlkerungszuel geet zanter dem Enn vum 19. Joerhonnert no ënnen a louch 2008 bei 242 896 Awunner. An engem Drëttel vun de Gemenge gëtt et méi Leit iwwer 75 Joer wéi der ënner 20.

Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

Bis am Ufank vum 20. Joerhonnert war de Limousin, en Dialekt vun der okzitanescher Sproochefamill, déi gängest mëndlech Sprooch, bis et verbuede gouf, se an de Schoulen ze schwätzen. Se gëtt haut bal just nach geleegentlech vun eelere Leit geschwat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: D'Corrèze – Biller, Videoen oder Audiodateien