Prefecture (Frankräich)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Prefecture a Frankräich. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Prefecture.

A Frankräich huet de Begrëff Prefecture verschidde Bedeitungen.

E bezeechent an éischter Linn de Ressort vun engem Prefet an déi administrativ Servicer déi dozou gehéieren.

Dernieft gëtt och d'Gebai an deem de Prefet säi Büro huet an an deem seng Servicer sinn, Prefecture genannt.

Am iwwerdroene Sënn gëtt d'Stad an der eng Prefecture hire Sëtz huet och sou bezeechent.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]