Departement Eure

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eure (27)
Wopen Departement Eure.png
Eure-Position.png
Regioun Gendarmerie Nord Normandie 1.svg Haute-Normandie
Prefecture Évreux
Ënnerprefecture Les Andelys
Bernay
Bevëlkerung 541 054 Aw.(1999)
Fläch 6 040 km²
Arrondissementer 4
Kantoner 43
Interkommunalitéiten 38
Gemengen 419

D'Eure (27) ass e franséischt Departement, dat säin Numm vum Floss Eure hierhuet. Et gehéiert zur Regioun Haute-Normandie

[änneren] Geschicht

D'Departement Eure ass eent vun den 83 Departementer déi während der Franséischer Revolutioun de 4. Mäerz 1790 unhand vun engem Gesetz vum 22. Dezember 1789 gegrënnt goufen. Et gouf zesummegesat aus engem Deel vun der Provënz Normandie.

[änneren] Geographie

D'Eure gehéiert zu Regioun Haute-Normandie, a grenzt un d'Departementer Oise, Val-d'Oise, Yvelines, Eure-et-Loir, Orne a Calvados.

Se besteet haaptsächlech aus Plateauen déi vun den Däller vun der Seine an hiren Nieweflësss duerchschnidde ginn.

D'Landschaft ass duerch landwirtschaftlech Aktivitéite markéiert, et gëtt vill Heckelandschaften déi sougenannte Bocages, an ass dat Departement an der Haute-Normandie mat de meeschte Bëscher.

Déi gréissten natierlech Géigende sinn d'Campagne de Saint-André, de Pays d'Ouche, d'Bëscher ëm Lyons-la-Forêt, de Roumois an de Lieuvin. Bekannt ass och nach de Marais Vernier am Parc naturel régional des Boucles de la Seine normande.

D'Departement läit op enger Héicht vun 0 Meter, do wou d'Seine an d'Mier leeft, bis 248 Meter, déi héchste Plaz am Pays d'Ouche.

Déi gréisste Floss am Departement ass d'Seine mat den Nieweflëss Epte Andelle, Eure, Avre, Iton, Risle a Charentonne.

[änneren] Landwirtschaft

D'Landwirtschaft ass e groussen economesche Facteur an der Eure. 3 850 km², dat si ronn 63 % Prozent vum Departement, si vu landwirtschaftleche Fläche bedeckt. Op deene meeschte gi Fruucht an aner Käre gezillt, an eng ronn 740 km² bestinn aus Laangzäitkulturen, wéi Bongerten oder Bamschoulen.

[änneren] Brécken

Op der Grenz mat dem Departement Seine-Maritime steet d'Bréck vun Tancarville eng vun de gréisste Brécken a Frankräich

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck


Commons: Cities and villages in Eure – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen