Departement Eure-et-Loir
|
|
|
|---|---|
| Regioun | |
| Prefektur | Chartres |
| Ënnerprefektur | {{{Ënnerprefektur}}} |
| Bevëlkerung | 422.411 Aw.(2007) |
| Fläch | 5 880 km² |
| Arrondissementer | 4 |
| Kantoner | 29 |
| Interkommunalitéiten | 28 |
| Gemengen | 403 |
![]() |
|
Eure-et-Loir (28) ass e franséischt Departement. Et ass ee vun de sechs Departementer vun der Regioun Centre; Chef-lieu ass Chartres.
Et huet säin Numm vun den zwéi wichtegste Flëss, déi derduerch lafen: d'Eure, en Niewefloss vun der Seine, an de Loir, Niewefloss vun der Sarthe.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Wéi déi meescht Departementer gouf d'Eure-et-Loir an der Zäit vun der Franséischer Revolutioun gegrënnt, méi genee de 4. Mäerz 1790. Et gouf haaptsächlech aus Deeler vun der fréierer Provënz Orléanais an der Grofschaft Maine, mee och vun der Île-de-France (Drouais, Thimerais, dem Dall vun der Avre, Hurepoix) zesummegesat.
Dat haitegt Departement Eure-et-Loir entsprécht dem fréieren Territoire vun de Carnutes (mat der Haaptstad Chartres, deemools Autricum genannt).
Chartres war e wichtegt Handelszentrum fir Agrarprdukter, an d'Foire vu Chateaudun bis an d'19. Joerhonnert ee wichtegt Dréikräiz fir Wueren.
Geographie [änneren]
D'Eure-et-Loir ass Deel vun der Regioun Centre. Et läit südwestlech vum Paräisser Ballungsgebitt an d'Landschaft ass duerch 3 Couchë vum Paräisser Baseng gekennzeechent: am Norden den Thimerais, am Osten d'Beauce, am Süden den Dunois. Am Weste leien d'Hiwwele vun der Perche.
D'Eure an de Loir sinn déi zwéi wichtegst Waasserleef.
Biller [änneren]
-
D'Kathedral vu Chartres (Westfaçade)
-
Château de Châteaudun (Buergfrid a Sainte-Chapelle)
-
Schlass vu Châteaudun (Trap)
-
Kuppel vun der Schlasskapell vun Anet
-
Beffroi vun Dreux
-
Schlass Saint-Jean zu Nogent-le-Rotrou
-
Forêt domaniale de Senonches
-
Château de Villebon
-
Schlass vu Montigny-le-Gannelon
-
De Beauce
-
Abtei Nottonville
-
Millen zu Ymonville
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Eure-et-Loir
- Kantonen am Departement Eure-et-Loir
- Arrondissementer am Departement Eure-et-Loir
Um Spaweck [änneren]
01 Ain · 02 Aisne · 03 Allier · 04 Alpes-de-Haute-Provence · 05 Hautes-Alpes · 06 Alpes-Maritimes · 07 Ardèche · 08 Ardennes · 09 Ariège · 10 Aube · 11 Aude · 12 Aveyron · 13 Bouches-du-Rhône · 14 Calvados · 15 Cantal · 16 Charente · 17 Charente-Maritime · 18 Cher · 19 Corrèze · 2A Corse-du-Sud · 2B Haute-Corse · 21 Côte-d'Or · 22 Côtes-d'Armor · 23 Creuse · 24 Dordogne · 25 Doubs · 26 Drôme · 27 Eure · 28 Eure-et-Loir · 29 Finistère · 30 Gard · 31 Haute-Garonne · 32 Gers · 33 Gironde · 34 Hérault · 35 Ille-et-Vilaine · 36 Indre · 37 Indre-et-Loire · 38 Isère · 39 Jura · 40 Landes · 41 Loir-et-Cher · 42 Loire · 43 Haute-Loire · 44 Loire-Atlantique · 45 Loiret · 46 Lot · 47 Lot-et-Garonne · 48 Lozère · 49 Maine-et-Loire · 50 Manche · 51 Marne · 52 Haute-Marne · 53 Mayenne · 54 Meurthe-et-Moselle · 55 Meuse · 56 Morbihan · 57 Moselle · 58 Nièvre · 59 Nord · 60 Oise · 61 Orne · 62 Pas-de-Calais · 63 Puy-de-Dôme · 64 Pyrénées-Atlantiques · 65 Hautes-Pyrénées · 66 Pyrénées-Orientales · 67 Bas-Rhin · 68 Haut-Rhin · 69 Rhône · 70 Haute-Saône · 71 Saône-et-Loire · 72 Sarthe · 73 Savoie · 74 Haute-Savoie · 75 Paräis · 76 Seine-Maritime · 77 Seine-et-Marne · 78 Yvelines · 79 Deux-Sèvres · 80 Somme · 81 Tarn · 82 Tarn-et-Garonne · 83 Var · 84 Vaucluse · 85 Vendée · 86 Vienne · 87 Haute-Vienne · 88 Vosges · 89 Yonne · 90 Territoire de Belfort · 91 Essonne · 92 Hauts-de-Seine · 93 Seine-Saint-Denis · 94 Val-de-Marne · 95 Val-d'Oise · 971 Guadeloupe · 972 Martinique · 973 Guyane · 974 Réunion · 976 Mayotte
| Commons: Eure-et-Loir – Biller, Videoen oder Audiodateien |
