Departement Drôme
| Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|
|
|---|---|
| Regioun | |
| Prefecture | |
| Ënnerprefecture | |
| Bevëlkerung | 473 428 Aw.(2007) |
| Fläch | 6 530 km² |
| Arrondissementer | 3 |
| Kantoner | 36 |
| Interkommunalitéiten | 22 |
| Gemengen | 369 |
D'Drôme (26) ass e franséischt Departement an der Regioun Rhône-Alpes. Säin Numm huet et vum Floss Drôme deen derduerch leeft.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
D'Departement gouf wéi déi aner 82 Depertementer, wärend der franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790, an Applikatioun vum Gesetz vum 22. Dezember 1789, geschaf. Et setzt sech zesummen aus engem Deel vun der fréierer Provënz Dauphiné
D'Grenze vum Departement goufen am Laf vun der Zäit e puer Mol g'ännert. 1792 koum de Comtat Venaissin derbäi. Wéi 1793 d'Departement Vaucluse gegrënnt gouf, war déi nächst Ännerung fälleg. Carpentras a Valréas hun net laang zur Drôme gehéiert. Déi Ännerungen hun och aus dem Kanton Valréas eng Enklav vun engem Deel vun der Vaucluse an der Drôme gemaach.
[änneren] Geographie
D'Drôme grenzt un d'Departementer Ardèche, Isère, Hautes-Alpes, Alpes-de-Haute-Provence, an d'Vaucluse. De Relief vum Departement ass doduercher datt en zu engem groussen Deel zu de westlechen Alpe gehéiert, ganz koppeg, derzou ghéieren och nach Deeler vun de Viralpe wéi de Plateau vum Vercors den Diois den Dévoluy, an d'Baronnies am Osten, an den Dall vum Rhône am Westen.
Den héchste Punkt an der Drôme ass de Rocher Rond am Massif du Dévoluy mat 2.456 Meter.
D'Drôme deelt sech op a fënnef Géigenden:
- D'Drôme des collines am Norden mat Felder a Bëscher, déi de Bierger vum Lyonnais gläicht.
- Den Dall vu Valence am weste vum Cul du loup.
- De Vercors am Osten.
- Den Dall vun der Drôme an d'Géigend vun Die um Fouss vum Vercors.
- d'Drôme provençale am Süden.
De Floss Drôme deen derduercht leeft, ass en Niewefloss vum Rhône. En ass ronn 110 km laang, an huet seng Quell op der Grenz mat den [[Departement Hautes-Alpes|Hautes-Alpes, zu La Bâtie-des-Fonds.
[änneren] Klima
De Klima assméi oder wéineger kontinental nërdlech vu Livron. Tëscht Livron a Montélimar ass e Mëtlmierklima mat kontinentalen Aflëss, a weider südlech ass et en typescht Mëttelmierklima. Am Osten sinn d'Alpe mat engem Biergklima.
E gëtt beaflosst vum Wand deen aus dem Norde bléist, dem Mistral an vum Wand aus dem Süden de Marin.
Den Nidderschlag ass mat 850 - 950 mm am Joer relativ héich. D'Drôme gehéiert mat der Vaucluse an der Ardèche zu den Departementer, déi déi meeschten Donnerwiederen hunn.
[änneren] Kuckt och
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Drôme
- Arrondissementer am Departement Drôme
- Kantonen am Departement Drôme
[änneren] Um Spaweck
01 Ain · 02 Aisne · 03 Allier · 04 Alpes-de-Haute-Provence · 05 Hautes-Alpes · 06 Alpes-Maritimes · 07 Ardèche · 08 Ardennes · 09 Ariège · 10 Aube · 11 Aude · 12 Aveyron · 13 Bouches-du-Rhône · 14 Calvados · 15 Cantal · 16 Charente · 17 Charente-Maritime · 18 Cher · 19 Corrèze · 2A Corse-du-Sud · 2B Haute-Corse · 21 Côte-d'Or · 22 Côtes-d'Armor · 23 Creuse · 24 Dordogne · 25 Doubs · 26 Drôme · 27 Eure · 28 Eure-et-Loir · 29 Finistère · 30 Gard · 31 Haute-Garonne · 32 Gers · 33 Gironde · 34 Hérault · 35 Ille-et-Vilaine · 36 Indre · 37 Indre-et-Loire · 38 Isère · 39 Jura · 40 Landes · 41 Loir-et-Cher · 42 Loire · 43 Haute-Loire · 44 Loire-Atlantique · 45 Loiret · 46 Lot · 47 Lot-et-Garonne · 48 Lozère · 49 Maine-et-Loire · 50 Manche · 51 Marne · 52 Haute-Marne · 53 Mayenne · 54 Meurthe-et-Moselle · 55 Meuse · 56 Morbihan · 57 Moselle · 58 Nièvre · 59 Nord · 60 Oise · 61 Orne · 62 Pas-de-Calais · 63 Puy-de-Dôme · 64 Pyrénées-Atlantiques · 65 Hautes-Pyrénées · 66 Pyrénées-Orientales · 67 Bas-Rhin · 68 Haut-Rhin · 69 Rhône · 70 Haute-Saône · 71 Saône-et-Loire · 72 Sarthe · 73 Savoie · 74 Haute-Savoie · 75 Paräis · 76 Seine-Maritime · 77 Seine-et-Marne · 78 Yvelines · 79 Deux-Sèvres · 80 Somme · 81 Tarn · 82 Tarn-et-Garonne · 83 Var · 84 Vaucluse · 85 Vendée · 86 Vienne · 87 Haute-Vienne · 88 Vosges · 89 Yonne · 90 Territoire de Belfort · 91 Essonne · 92 Hauts-de-Seine · 93 Seine-Saint-Denis · 94 Val-de-Marne · 95 Val-d'Oise · 971 Guadeloupe · 972 Martinique · 973 Guyane · 974 Réunion · 976 Mayotte
| Commons: Drôme – Biller, Videoen oder Audiodateien |