Departement Martinique

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Martinique
Flag of France.svg
Fändel vun der franséischer Republik
Wope vu Martinique
Wope vun der Martinique
Basisdaten
Offiziell Sprooch Franséisch
Haaptuertschaft Fort-de-France
Fläch 1.128 km²
Awunnerzuel 436.131 [1]
Bevëlkerungsdicht 338 Awunner pro km²
Arrondissementer 4
Kantonen 45
Gemengen 34
Prefekt Ange Mancini
President vum Regionalrot Serge Letchimy
President vum Generalrot Claude Lise
Währung Euro
Zäitzon UTC-4

(Ënnerscheed zur MEZ am Wanter -5, am Summer -6)

Internet-TLD .mq
Telefonsprefix +596
Kaart
Martinique an der Karibik
Kokosnosspalm

Martinique [maʀtiˈnik] (Martinique-Kreoulesch Matinik oder Matnik) ass eng Insel an der Karibik a gehéiert zu den klengen Antillen. Si ass e franséischt Iwwerséidepartement an eng franséisch Iwwerséiregioun.

An der Sprooch vu den Urawunner gouf d'Insel Madinina (Blummeninsel) genannt, dës Bezeechnung gëtt och haut nach dacks vun den Einheimesche gebraucht.

Martinique ass e vollintegréierten Deel vum franséische Staat a gehéiert domat och zur Europäescher Unioun.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Martinique läit tëscht dem Karibesche Mier an dem Atlanteschen Ozean, 25 km südlech vun Dominica a 37 km nërdlech vu Santa Lucia. D'Insel ass 73 km laang an 39 km breet. Si huet ronn 350 km Küst.

Op der Insel sinn eng Rëtsch Bierger. Am Norde läit d'Montagne Pelée, en 1.397 m héije Vulkan.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

D'Klima ass tropesch an d'Reeperiod dauert vu Juni bis Oktober. Den Norden ass fiicht mat enger üppeger Vegetatioun. Am Süden ass d'Klima méi dréchen, do leien déi touristesch Zentren. D'Moyenne vun der Lofttemperatur ass am Januar a Februar tëscht 21°C a 27°C, am August a September tëscht min. 24°C a max. 30°C. Vu Juni bis November ass eng héich Loftfiichtegkeet. De Februar huet eng Moyenne vun 12 Reeendeeg, de Juli vun hirer 22.

D'Waassertemperatur ass vu Juli bis Oktober 28°C a méi, a läit am Februar net ënner 26°C.

Tëscht Juni an November kënnen Hurrikanen och iwwer d'Insel ewechzéien. 2007 huet den Hurrikan Dean grouss Schied gemaach.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Zirka 90 % vun der Bevëlkerung hunn afrikanesch oder afrikanesch-indesch Originnen, ronn 5 % europäesch an e bësse manner wéi 5 % si Mënsche vun indeschen a chinesesche Wuerzelen.

Offiziell Sprooch op Martinique ass Franséisch. D'Majoritéit vun de Leit hunn als Mammesprooch d'Martinique-Kreolesch,eng franséisch Kreolsprooch.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bis 4.000 v. Chr. kann nogewise ginn, datt do Mënsche gelieft hunn. Ëm 100 v. Chr. sinn Arawak aus der Géigend vum Orinoko am Venezuela op d'Insel komm. Am 10. Joerhonnert koumen d'Kariben. Als éischten Europäer huet de Christoph Kolumbus de 15. Juni 1502 op senger véierter Rees Martinique entdeckt. 1635 gouf d'Insel deurch de Pierre Belain d'Esnambuc am Numm vun der "Compagnie des Isles d'Amerique" fir Frankräich kolonialiséiert a blouf zanterhier, ofgesi vun 3 kuerze Perioden, franséisch. 1648 goung d'Companie des Isles d'Amérique faillite, and'Insel gouf dem Jaques Dyel du Parquet verkaaft. Hien huet Fort-de-France gegrënnt an als Éischten Zockerrouer uplanze gelooss. Géint 1660 waren d'Urawunner bal ganz deziméiert.

Wéi d'Compagnie des Indes occidentales 1664 vum Jean-Baptiste Colbert gegrënnt gouf, gouf d'Martinique Besëtz vun der franséischer Kroun. 1685 gouf de sougenannte Code noir ugeholl, deen d'Sklaverei an de franséische Kolonien confirméiert huet.

Vu 1762 bis 1763 war d'Martinique vun den Englänner besat. 1783 gouf et op der Insem ronn 60.000 Sklaven. Tëscht 1787 an 1802 gouf et e Biergerkrich wéinst Konflikter tëscht de Proprietäre vun de Plantagen a Geschäftsleit, an d'Sklaven hu sech revoltéiert. 1794 gouf d'Sklaverei ofgeschaf, mä schonn nees 1802 duerch den Napoléon nees agefouert. Dem Napoleon seng Fra, d'Joséphine de Beauharnais, koum vun der Martininque a war d'Duechter vun engem Plantagebesëtzer. Nach 1991 krut eng Statu vun hir, zu Fort-de-France, de Kapp ofgeschloen.

Den 22. Mee 1848 gouf, virun allem op Bedreiwe vum Victor Schoelcher hin, d'Sklaverei a Frankräich definitiv ofgeschaaft. Vun do un goufe virun allem Inder a Chinesen an de Plantatiouen agestallt.

Den 8. Mee 1902 ass de Vulkan Montagne Pelée ausgebrach. Duerch eng Lawin vu gliddege Gaser, e sougenannte pyroklastesche Stroum hunn iwwer 30.000 Leit hiert Liewe verluer. Zu Saint-Pierre, enger Stad mat ronn 25.000 Awunner, hunn der just zwéin iwwerlieft.

1946 gouf d'Martininque, e franséischt Iwwerséidepartement (Département d'Outre-Mer / DOM), an domat integralen Deel vu Frankräich. Der Martinique goufe 4 Deputéiertesëtzer an zwee Senatoresëtzer zougesprach. 1974 gouf d'Martinique doriwwer eraus eng franséisch Regioun.

Dësen Duebelstatut Regioun/Departement gouf 2003 confirméiert.

Administratioun[änneren | Quelltext änneren]

Arrondissement Awunner
(1999)
Fläch
(km²)
Bev.dicht Kantonen Gemengen
Fort-de-France 166.139 171 972 16 4
Le Marin 106.818 409 261 13 12
Saint-Pierre 23.464 210 112 5 8
La Trinité 85.006 338 252 11 10

Kuckt och: Lëscht vun de Gemengen am Departement Martinique

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

Op der Insel gëtt et ee Fluchhafen zu Lamentin, deen nom Aimé Césaire genannt ass. (IATA-Code: FDF). Vu Paräis-Orly an d'Martinique brauch een um Hiwee eng 8 an eng Hallef Stonnen, hannescht der aacht.

De Stroossereseau ass gutt, zum Deel véierspuereg, ausgebaut an ënnerhalen. Et gëtt eng jett Kéieren a géi Bierger, sou datt d'Duerchschnëttsvitessë relativ niddreg sinn, zemools, well et och dacks Staue gëtt.

Op Martinique gëtt et keng Eisebunn. Et gëtt regelméisseg Färverbindunge mat St. Lucia, Dominica a Guadeloupe.

Economie[änneren | Quelltext änneren]

Banannen- an Zockerrouerplantage

No Eurostat louch de PIB 2005 bei 7,336 Mrd. €. Dat sinn 18,455 € pro Awunner.[2]

7,6 Prozent vun de Beschäftegte sinn am primäre Secteur agestallt, 17,5 am sekundären a 74,9 am tertiäre Secteur.

Bananne maache 40 % vun den Exporterléiser aus. 80 % vun de Leit, déi an der Landwirtschaft schaffen, maachen dat am Banannen-Ubau. Zockerrouer (deen zu Rum verschafft gëtt) an Ananas si weider wichteg landwirtschaftlech Produkter.

De sekundäre Secteur gëtt ze soe vun zwou grousse Firmen ofgedeckt; de Stroumkonzern Electricité de France an d'Raffinerie SARA.

Den tertiäre Secteur besteet haaptsächlech aus Handel an der Tourismusindustrie. Den Tourismus dréit zu 7 % vum BIP bäi. Iwwer 80 % vun den Touriste komme vum franséische Festland.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Quell: CIA 2006; 381.427 nom Zensus vu 1999
  2. EUROSTAT
Commons: Martinique – Biller, Videoen oder Audiodateien