1946
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1941 | 1942 | 1943 | 1944 | 1945 | 1946 | 1947 | 1948 | 1949 | 1950 | 1951
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1946.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer[änneren]
- 1. Februar: Den Trygve Lie gëtt éischte Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen.
- 18. Mäerz: D'Weltbank fänkt u mat schaffen.
- 4. November: D'UNESCO gëtt gegrënnt.
- 5. Dezember: New York gëtt neie Sëtz vun der NATO.
Europa[änneren]
- 1. Januar: Den neigebaute Fluchhafen Heathrow bei London geet op.
- 7. Januar: D'Alliért erkennen Éisträich als Staat an de Grenze vun 1937 un.
- 10. Januar: De Paul-Henri Spaak declaréiert déi éischt UN-Vollversammlung fir op.
- 11. Januar: Den Enver Hoxha proklaméiert d'Volleksrepublik Albanien an d'Enn vun der Monarchie, nodeems de Kinnek Zogu den 2. Januar zréckgetrueden ass.
- 31. Januar: Jugoslawien gëtt sech eng nei Verfassung nao sowjeteschem Virbild a gëtt eng Federativ Volleksrepublik, déi sech aus den Deelrepubliken Bosnien-Herzegowina, Kroatien, Mazedonien, Montenegro, Serbien a Slowenien zesummesetzt.
- 1. Februar: D'Volleksrepublik Ungarn gëtt proklaméiert; de Zoltán Tildy gëtt Staatspresident.
- 5. Mäerz: An enger Ried am Westminster College zu Fulton (Missouri) warnt de Winston Churchill virdrun, datt d'Sowjetunioun ëmmer méi Muecht an Europa kréich a gebraucht den Ausdrock "Eisene Rideau" als Symbol fir d'Deelung.
- 9. Mäerz: De Juho Kusti Paasikivi gëtt nom Récktrëtt vum Gustaf Mannerheims neie Staatspresident a Finnland.
- 9. Mee: De Vittorio Emmanuele III. trëtt als Kinnek vun Italien zréck, Nofolger gëtt säi Jong Umberto II.
- 1. Juni: De Ion Antonescu, deen am Zweete Weltkrich „Conducator“ a Rumänien war, gëtt higeriicht.
- 18. Juni: An Italien gëtt d'Republik proklaméiert; den 2. Juniwar an engem Referendum d'Majoritéit fir d'Aféiere vun enger Republik, den Umberto II. ass an den Exil gaangen.
- 28. Juni: Den Enrico De Nicola gëtt éischte Staatspresident vun Italien.
- 2. August: De Camille Huysmans gëtt Regierungschef an der Belsch un der Spëtzt vun enger sozial-liberaler Koalitioun.
- 8. September: Bulgarien gëtt, no Referendum, eng Volleksrepublik erklärt. Den Zar Simeon II. geet an den Exil.
- 28. September: De Kinnek Georgie II. kënnt zréck a Griicheland.
- 30. September an 1. Oktober: Beim Haaptprozess géint d'Haaptkrichsverbriecher ginn zu Nürnberg d'Uerteeler gesprach, dorënnter 12 Doudesuerteeler.
- 13. Oktober: A Frankräich gëtt d'Verfassung vun der Véierter Republik ugeholl.
- 26. November: De Jean Monnet presentéiert säin éischte Wirtschaftsplang fir Europa.
- 9. Dezember: Ufank vun den Nürnberger Doktere-Prozess.
- 18. Dezember: De Léon Blum gëtt sozialistesche Premierminister a Frankräich.
Lëtzebuerg
- 9.-10. Mäerz: Déi Lëtzebuerger, déi de 25. Februar 1944 am SS-Sonderlager Hinzert erschoss goufen, kréien e Staatsbegriefnes.
- 17. Abrëll: D'Société nationale des chemins de fer luxembourgeois gëtt gegrënnt.
- 21. Juni: Den Dominique Urbany gëtt neie Gesondheetsminister amplaz vum Charles Marx, dee mam Auto verongléckt war.
- 15. Juli: De Winston Churchill besicht Lëtzebuerg a gëtt do begeeschtert empfaangen.
Afrika[änneren]
Amerika[änneren]
USA[änneren]
Südamerika[änneren]
- De Juan Perón gëtt Staatspresident vun Argentinien, seng Fra Eva Perón First Lady.
Asien[änneren]
- 1. Januar: Friddensvertrag tëschent Indien, Groussbritannien an Thailand.
- 6. Januar: Den Ho Chi Minh gewënnt Walen an Nord-Vietnam.
- 22. Januar: Zu Mahabad gëtt d'Republik Kurdistan gegrënnt.
- 7. Juni: De Bhumibol Adulyadej gëtt Kinnek vun Thailand.
- 4. Juli: D'Philippinen ginn onofhängeg.
- 19. August: Bei Kämf tëscht Hinduen a Mosleme kommen zu Kalkutta 3.000 Mënschen ëm d'Liewen.
- 19. Dezember: D'Kolonialadninstratioun deklaréieren den Ausnamezoustand am Vietnam. Fransiésch Truppen stierzen d'Regierung vum Ho Chi Minh. Doropshi ginn d'Việt Minh an den Ënnergrond a féiere vun do aus den Indochinakrich fir hiert Land ze befreien.
Ozeanien & Pazifik[änneren]
Arabesch Welt an Noen Osten[änneren]
- 10. Mäerz: Groussbritannien fänkt dermat un, seng Truppen aus dem Libanon zréckzezéien.
- 17. Abrëll: Syrien gëtt vu Frankräich onofhängeg.
- 22. Mee: Transjordanien gëtt vum Vereenegte Kinnekräich onofhängeg; den Emir Abdallah gëtt de 25. Mee Kinnek.
Konscht & Kultur[änneren]
- 20. September: 1. Filmfestival cu Cannes.
Molerei[änneren]
Literatur[änneren]
- 14. November: Den däitsche Schrëftsteller Hermann Hesse kritt de Literatur-Nobelpräis.
- Edmond Dune, Usage du temps.
Musek[änneren]
Wëssenschaft & Technik[änneren]
Sport[änneren]
- 23. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Charleroi 0:7 géint Belsch.[1]
- 10. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:6 géint Holland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Edy Lahure a Paul Feller geschoss.[2]
- 14. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Stroossbuerg 4:4 géint Frankräich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Paul Feller (2), Pierre Schaack a Paul Reuter geschoss.[3]
- 5. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:5 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Vic Feller geschoss.[4]
- 12. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg 0:0 géint Schwäiz.[5]
- 28. Juli: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 3:2 géint Norwegen. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Léon Schumacher (2) an Nic Pauly geschoss.[6]
- 30. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Tournai 1:2 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nicolas Kettel geschoss.[7]
Gebuer[änneren]
- Marie-Claude Beaud, franséisch Ausstellungscommissairin an Direktesch vu Kulturinstitutiounen.
- 2. Januar: Fernand Diederich, lëtzebuergesche Politiker.
- 3. Januar: John Paul Jones, britesche Bassist.
- 5. Januar: Diane Keaton, US-amerikanesche Schauspillerin.
- 5. Januar: Tomohito vu Mikasa, japanesche Krounprënz.
- 6. Januar: Victor Gillen, lëtzebuergesche Jurist, President vum Staatsrot.
- 6. Januar: Marc Olinger lëtzebuergesche Film- an Theaterschauspiller a Regisseur.
- 14. Januar: Howard Carpendale, südafrikanesch-däitsche Sänger a Komponist.
- 17. Januar: Jean-Jacques Kasel, lëtzebuergesche Jurist an Diplomat.
- 17. Januar: Sylvie-Anne Thyes, lëtzebuergesch Molerin.
- 19. Januar: Dolly Parton, US-amerikanesch Country-Sängerin.
- 20. Januar: David Lynch, US-amerikanesche Regisseur.
- 22. Januar: Malcolm McLaren, englesche Kënschtler, Designer a Museker.
- 28. Januar: Guy Lenz, Colonel an der lëtzebuergescher Arméi.
- 7. Februar: Pete Postlethwaite, englesche Schauspiller.
- 21. Februar: Alan Rickman, britesche Schauspiller.
- 22. Februar: Marc Fischbach, lëtzebuergesche Politiker.
- 26. Februar: Ahmed H. Zewail, egyptesche Chemiker, Nobelpräisdréier 1999.
- 6. Mäerz: David Gilmour, britesche Museker (Pink Floyd)
- 7. Mäerz: Robert Treis, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 12. Mäerz: Liza Minnelli, US-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.
- 13. Mäerz: Yann Arthus-Bertrand, franséische Fotograf.
- 13. Mäerz: Chris Roberts, däitsche Sänger.
- 13. Mäerz: Jean-Jacques Schartz, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 6. Abrëll: Mario Hirsch, lëtzebuergesche Jurist, Politikwëssenschaftler a Journalist.
- 7. Abrëll: Léon Krier, lëtzebuergeschen Architekt an Urbanist.
- 9. Abrëll: Johny Grettnich, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 30. Abrëll: Carl XVI. Gustaf, Kinnek vu Schweden.
- 1. Mee: John Woo, chinesesche Regisseur a Filmproduzent.
- 9. Mee: Candice Bergen, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 9. Mee: Drafi Deutscher, däitsche Sänger, Komponist a Musekproduzent.
- 11. Mee: José Samyn, franséische Vëlossportler.
- 12. Mee: Daniel Libeskind, Architekt.
- 17. Mee: Udo Lindenberg, däitsche Rockmuseker.
- 19. Mee: Michele Placido, italienesche Schauspieler, Regisseur an Dréibuchauteur.
- 20. Mee: Cher, US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
- 24. Mee: Tansu Çiller, tierkesch Politikerin.
- 26. Mee: René Féret, franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 26. Mee: Niels-Henning Ørsted Pedersen, dänesche Bassist.
- 29. Mee: Jeannot Lunkes, lëtzebuergesche Moler.
- 31. Mee: John Scheid, franséischen Archeolog a Reliounsfuerscher.
- 2. Juni: Inga Nielsen, dänesch Sopranistin.
- 4. Juni: Magdalena Jetelová, Sculptrice.
- 5. Juni: Stefania Sandrelli, italienesch Schquspillerin.
- 6. Juni: Lasse Hallström, schwedesche Regisseur.
- 14. Juni: Donald Trump, US-amerikaneschen Entreprener.
- 15. Juni: Brigitte Fossey. franséisch Schauspillerin.
- 15. Juni: Demis Roussos, griichesche Sänger.
- 17. Juni: Barry Manilow, US-amerikanesche Sänger.
- 20. Juni: Xanana Gusmão, President vun Osttimor
- 25. Juni: Alexandre Krieps, lëtzebuergesche Politiker.
- 3. Juli: Leszek Miller, polnesche Politiker.
- 6. Juli: George W. Bush, 43. President vun den USA (2001-2009), Gouverneur vun Texas.
- 6. Juli: Peter Singer, australesche Philosoph an Ethiker.
- 6. Juli: Sylvester Stallone, US-amerikanesche Schauspiller.
- 9. Juli: Bon Scott, schottesche Museker.
- 15. Juli: Maisy Hausemer, lëtzebuergesch Dréibuchautorin a Filmregisseurin.
- 15. Juli: Linda Ronstadt, US-amerikanesch Sängerin.
- 22. Juli: Mireille Mathieu, franséisch Sängerin.
- 27. Juli: Roland Smaniotto, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 27. Juli: Norbert Bausch, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- {{6. August]]: Élisabeth Guigou, franséisch Politikerin.
- 6. August: Roh Moo-hyun, südkoreanesche President.
- 19. August: Bill Clinton, 42. President vun den USA (1993–2001).
- 20. August: Laurent Fabius, franséische Politiker.
- 20. August: Hans Meiser, däitschen Teleesmoderator.
- 27. August: John C. Mather, US-amerikaneschen Astrophysiker.
- 29. August: Dimitris Christofias, zypriotesche Politiker.
- 1. September: Barry Gibb, britesche Sänger, Komponist, Produzent.
- 5. September: Freddie Mercury, britesche Rocksänger.
- 9. September: Billy Preston, US-amerikanesche Soulmuseker.
- 10. September: Michèle Alliot-Marie, franséisch Politikerin.
- 15. September: Oliver Stone, US-amerikanesche Regisseur.
- 23. September: Franz Fischler, éisträichesche Politiker, EU-Commissaire.
- 27. September: Nikos Anastasiades, zypresche Politiker.
- 4. Oktober: Susan Sarandon, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 5. Oktober: Raymond Linden, lëtzebuergeschen Historiker.
- 8. Oktober: Jean-Jacques Beineix, franséische Filmregisseur.
- 10. Oktober: Naoto Kan, japanesche Politiker.
- 10. Oktober: Paul Geimer, lëtzebuergesche Sportsprofesser a Lokalpolitiker.
- 12. Oktober: Rosanna Marani, italienesch Journalistin a Schrëftstellerin.
- 14. Oktober: François Bozizé, zentralafrikanesche President.
- 20. Oktober: Elfriede Jelinek, éisträichesch Schrëftstellerin.
- 20. Oktober: Lucien Van Impe, belsche Vëlosportler an Tour-de-France-Gewënner.
- 22. Oktober: Steven Weinberg hollännesche Biolog.
- 30. Oktober: René Jacobs, belsche Kontertenor an Dirigent.
- 6. November: Sally Field, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 10. November: Hannes Swoboda, éisträichesche Politiker.
- 15. November: Jean Becker, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 18. November: Amanda Lear, britisch Sängerin, Entertainerin an Dänzerin.
- 22. November: Annette Schlechter, lëtzebuergesch Theater- a Filmschauspillerin.
- 28. November: Joe Dante, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 2. Dezember: Gianni Versace, italienesche Coutûrier.
- 3. Dezember: Joop Zoetemelk, hollännesche Vëlosportler.
- 4. Dezember: Pierre Even, lëtzebuergesche Komponist an Hobbyhistoriker.
- 4. Dezember: Geert Mak, hollännesche Journalist an Historiker.
- 5. Dezember: José Carreras, spueneschen Tenor.
- 6. Dezember: Serge Kollwelter, President vun der ASTI
- 9. Dezember: Sonia Gandhi, indesch Politikerin.
- 14. Dezember: Jane Birkin, britesch Schauspillerin a Sängerin.
- 14. Dezember: Sanjay Gandhi, indesche Politiker.
- 16. Dezember: Benny Andersson, schwedesche Sänger a Museker.
- 18. Dezember: Steve Biko, südafrikanesche Biergerrechtler.
- 18. Dezember: Steven Spielberg, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 20. Dezember: Uri Geller, Läffelsgeschierkënschtler.
- 26. Dezember: Uli Stein, däitsche Cartoonist.
- 29. Dezember: Marianne Faithfull, britische Musekerin a Schauspillerin.
- 30. Dezember: Patti Smith, US-amerikanesch Rockmusekerin .
- 30. Dezember: Berti Vogts, däitsche Foussballspiller an -trainer.
Gestuerwen[änneren]
- 3. Januar: Gustav Witt, däitschen Stenograph an Astronom.
- 13. Januar: Mathias Ruden, lëtzebuergesche Schrëfsteller.
- 14. Januar: Maurice Koechlin, franséischen Ingenieur.
- 15. Januar: Josef Kreitmaier, däitsche Jesuit, Konschthistoriker a Komponist.
- 27. Februar: Harry Edwin Wood, südafrikaneschen Astronom.
- 24. Mäerz: Alexander Alexandrowitsch Aljechin, Schachweltmeeschter
- 30. Mäerz: Pierre Blanc, lëtzebuergesche Moler.
- 21. Abrëll: John Maynard Keynes, englesche Mathematiker an Ekonom.
- 29. Abrëll: Gaston Diderich, lëtzebuergesche Politiker.
- 4. Mee: Gaston Barbanson, belschen Industriellen.
- 6. Juni: Gerhart Hauptmann, däitsche Schrëftsteller.
- 13. Juni: Fernande Marx, lëtzebuergesch Fraerechtlerin.
- 13. Juni: Charles Marx, lëtzebuergeschen Dokter, Politiker a Resistenzler.
- 13. Juli: Alfred Stieglitz, Fotograf.
- 27. Juli: Gertrude Stein, amerikanesch Schrëftstellerin.
- 13. August: H. G. Wells, englesche Schrëftsteller.
- 20. September: Raimu, franséische Komiker.
- 5. Oktober: Damian Kratzenberg, Collaborateur am Zweete Weltkrich (higeriicht).
- 15. Oktober: Herrmann Göring "Reichsmarschall" vum "Drëtte Räich".
- 16. Oktober: Hans Frank, nationalsozialistesche Politiker.
- 16. Oktober: Wilhelm Frick, nationalsozialistesche Politiker a Minister.
- 16. Oktober: Alfred Jodl, däitsche Generoloberst.
- 16. Oktober: Wilhelm Keitel, däitsche Generolfeldmarschall.
- 16. Oktober: Joachim von Ribbentrop, däitschen Diplomat a Politiker.
- 16. Oktober: Alfred Rosenberg, Ideolog an nationalsozialistischer Politiker.
- 16. Oktober: Fritz Sauckel, nationalsozialistesche Politiker.
- 16. Oktober: Arthur Seyß-Inquart, nationalsozialistesche Politiker.
- 16. Oktober: Julius Streicher, nationalsozialistesche Politiker.
- 24. Oktober: Hubert Loutsch, lëtzebuergesche Politiker.
- 14. November: Manuel de Falla, spuenesche Komponist.
- 11. Dezember: Jean-Pierre Beckius, lëtzebuergesche Moler.
- 11. Dezember: Léon Suttor, lëtzebuergeschen Architekt.
- 17. Dezember: Grigoriy Nikolaevich Neujmin, russeschen Astronom.
- 25. Dezember: W.C. Fields (William Claude Dukenfield), US-amerikanesche Komiker a Schauspiller.
- 29. Dezember: Nicolas Engel, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 31. Dezember: Joseph Nouveau, lëtzebuergeschen Architekt.
| Commons: 1946 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 23. Februar 1946 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland den 10. Mäerz 1946 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland de 14. Abrëll 1946 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch de 5. Mee 1946 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 12. Mee 1946 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Norwegen den 28. Juli 1946 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 30. Oktober 1946 um Site European Football