SS-Sonderlager Hinzert

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Plaz vum Lager am November 1945. Foto: Tony Krier. Fotothéik Stad Lëtzebuerg.
Bannen an enger Brak vum Lager. Foto: Tony Krier. Fotothéik Stad Lëtzebuerg.
Offizéier vun der SS am Lager zu Hinzert.

D'SS-Sonderlager Hinzert, och KZ Hinzert genannt, war e Lager fir politesch Gefaange vum nationalsozialistische Staat Däitschland bei der Uertschschaft Hinzert am Hunsrück. D'Lager huet vun 1939 bis am Mäerz 1945 bestanen.

An den 1990er Jore gouf op der Plaz vum Lager eng Commemoratiounsplaz ageriicht.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Commemoratiounsplaz Hinzert Nuvola apps xmag.png

Well d'Hinzerter KZ zum Symbol fir den nationale Widderstand géint déi däitsch Besatzung gouf, gëtt et vun Historiker als Lieu de mémoire (Erënnerungsplaz) vu Lëtzebuerg ugesinn.[1]

Geographesches[änneren | Quelltext änneren]

D'Lager louch ronn 900 Meter südwestlech vun der Uertschaft Hinzert am Hunsrück, Rheinland-Pfalz.

Koordinaten: Gnome-globe.svg 49° 41’ 56’’ N 06° 53’ 34’’ O.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Polizeiprisong an Erzéiungslager vum RAD[änneren | Quelltext änneren]

De 16. Oktober 1939 gouf et als Polizeihaft- und Erziehungslager vum Reichsarbeitsdienst (RAD) ageriicht. Et war am Ufank fir déi disziplinaresch Behandlung vun Zwangsrekrutéierte bestëmmt déi um Westwall oder un de Reichsautobunnen agesat waren. Et gouf vill Ausselager, déi virun allem dem Bau vun neie militäreschen Infrastrukture sollte weiderbréngen, wéi zum Beispill de Fluchhafen zu Mannheim oder dee vu Mainz-Finthen.

D'SS-Sonderlager Hinzert war en eegestännegt Lager dat net als Bausselager vun engem anere KZ funktionéiert huet. Dëse Status huet et bis den 21. November 1944 behalen. Du gouf et wéinst der verännerter Situatioun, bedingt duerch d'Invasioun vun den Alliéierten dem KZ - Buchenwald ënnerstallt.

Konzentratiounslager[änneren | Quelltext änneren]

De Plang

Den 1. Juli 1941 gouf d'Lager duerch d'Inspektion der Konzentrationslager (IKL) iwwerholl an huet vun dunn u vill verschidden Aufgaben als Wiedereindeutschungs-, Schutzhaft- an Arbeitserziehungslager erfëllt.

Mëtt Mäerz 1942 gouf d'IKL dem neigeschaaften Wirtschaftsverwaltungshauptamt der SS (WVHA) ënner dem Oswald Pohl ënnerstallt, a war domat direkt am Himmler sengem Muechtberäich.

Spéidestens nodeem et zum WVHA gehéiert huet, war et en offiziellt Konzentratiounslager / KZ an domat en Deel vun engem grousse Lagersystem. Dozou hunn tëscht 1940 an 1944, 30 Niewelageren a méi wéi 60 Baussekommandoe gehéiert, sou datt vum Lager net nëmmen eng Uertschaft betraff war. De Beräich vum KZ - Hinzert ass vu Mainz bis op Frankfurt gaangen. Et hunn och nach Wittlich, Zweebrécken, de Fluchhafe vu Mannheim a Fulda dozou gehéiert.

Op d'mannst 13.600, ausschliisslech männlech, Prisonéier am Alter tëscht 13 an 80 Joer si bis 1945, wéi et geraumt gouf, do passéiert. Während deene grousse Verhaftungswellen am Benelux-Raum an a Frankräich an de Joren 1941/1942 waren zäitweis 1.200 bis 1.500 Prisonéier an de Baracken zesummegepercht, obwuel d'Lager nëmme fir 560 Prisonéier virgesi war. Deelweis louch d'Stierflechkeet bei bis zu 2 % vun de Prisonéier pro Dag. Dofir muss vun enger méi grousser Zuel vun Affer wéi den 321 Doudegen, déi et offiziell waren, ausgaange ginn.

Obwuel Hinzert ni eng ausdrécklech Vernichtungsaufgab hat an net iwwer speziell Anlage wéi z. B. Gaskummere verfügt huet, koum et nieft den alldeegleche sadistesche Muerden duerch d'Lagerpersonal (besonnesch duerch Erdrénken) zu ugeuerdnete Massendoutschléi ënner anerem vu sowjetesche Krichsgefaangenen, sief et duerch Erschéissen, sief et duerch Gëftsprëtzen.

Auslännesch Prisonéier, wéi z. B. franséisch Affer vun der Nuecht-an-Niwwel-Aktioun a virun allem lëtzebuergesch Staatsbierger, hunn e groussen Deel vun der Beleegschaft an den Affer ausgemaach. Dofir gouf schonn 1945 duerch d'Lëtzebuerger do e grousst hëlzent Kräiz opgericht. Dëst Kräiz gouf awer 1946 do ewechgeholl an op Lëtzebuerg bruecht, wou et vun enger Schräinerei fachmännesch zesummegesat gouf an duerno um Nikloskierfecht um Lampertsbierg opgestallt gouf. Et ass zu Lëtzebuerg ënner dem Numm Hinzerter Kräiz bekannt.

D'Kommandante vum Lager[änneren | Quelltext änneren]

Prisonéier vu Lëtzebuerg am KZ Hinzert[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Benz, Wolfgang & Barbara Distel (Editeuren), 2008. Hinzert - Das Konzentrationslager Hinzert und seine Außenlager. Verlag C.H. Beck, 80 S. München. ISBN 978-3-406-57700-1
  • Biermann, Pierre, 1945. Streiflichter aus Hinzert, Natzweiler und Buchenwald. Verlag der «Volksstimme», Dréckerei Bourg-Bourger, 44 S. (Cf. S. 3-6).
  • Bost, B., 2013. Neues zur Rolle der Gestapo in Hinzert. Die Tagebuchquelle. Luxemburger Wort vum 4. Mee 2013, S. 49.
  • Engel, Marcel & André Hohengarten, 1983. Hinzert. Das SS-Sonderlager im Hunsrück 1939-1945. Sankt-Paulus-Druckerei A.G., Luxemburg.
  • Klopp, Eberhard & Lofy, Reinhold, 1982. Hinzert - kein richtiges KZ? : eine Dokumentation. Trier, Selbstverlag, IV-83-(1) S.
Klopp, Eberhard, 1983. Hinzert - kein richtiges KZ? : Ein Beispiel unter 2000. Trier, éditions trèves, 141 S. ISBN 3-88081-128-8
  • Peruzzi, Luigi, 2002. Mes Mémoires. Un antifasciste italien déporté au SS-Sonderlager Hinzert raconte. Éditions Le Phare, Esch-Uelzecht, 398 S. (Mat detailléierten historeschen Annotatiounen a biographeschen Detailer vun no 1945 vum Denis Scuto). ISBN 2-87964-056-3.
  • Pütz, Albert, 1998. Das SS-Sonderlager/KZ Hinzert 1940-1945. Teil 1. Das Anklageverfahren gegen Paul Sporrenberg. Eng juristesch Dokumentatioun erausgi vum Ministerium der Justiz Rheinland-Pfalz.
Am Buch sinn ze fannen: Den NS-Gewaltsystem – D'Geschicht vum Entstoe vum Lager bei Hinzert – D'Strofverfolgung no 1945 – D'Enquête géint de Paul Sporrenberg.
  • Steichen, Yves, 2012. KZ Hinzert. In: S. Kmec & P. Péporté (éds). Lieux de mémoire au Luxembourg II. Jeux d'échelles. Erinnerungsorte in Luxemburg II. Perspektivenwechsel. Dréckerei Saint-Paul, 280 S. ISBN 978-2-897963-830-0
  • Stumper, Robert, 1949. Gestapo-Terror in Luxemburg. Esch-sur-Alz. : Impr. H. Ney-Eicher. 40 p.
  • Welter, Beate & Uwe Bader, 2005. Luxemburger Häftlinge im SS-Sonderlager/KZ Hinzert 1940-1945. In Dachauer Hefte, Nr. 21 Häftlingsgesellschaft 21. Joergank 2005, S. 66-81.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: SS-Sonderlager Hinzert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Yves Steichen, 2012. In Lieux de mémoire au Luxembourg II, S. 37-42.
B-17 Flying Fortress.jpg Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.