16. Oktober
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 16. Oktober ass den 289. Dag (290. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
| Sep – Oktober – Nov | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | 31 | ||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- 1793: D'Marie Antoinette gëtt op der Guillotine gekäppt.
- 1799: De Napoleon ass zu Paräis.
- 1813: D'Vëlkerschluecht bei Leipzig fänkt un.
- 1934: D'chinesesch Kommunisten ënnert dem Mao Tse-Tung fänken hire Laange Marsch un.
- 1946: Déi zéng zum Doud veruerteelt Ugekloten aus dem Nürnberger Prozess ginn opgehaangen.
- 1955: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Kortrijk 0:5 géint Belsch.[1]
- 1963: De Ludwig Erhard gëtt zum Bundeskanzler vun Däitschland gewielt.
- 1964: China mécht säin éischten Atombommentest.
- 1970: Den Anwar as-Sadat gëtt zum President vun Egypten gewielt.
- 1973: D'OPEC decidéiert, de Pëtrolspräis ëm 70% ze héijen; Ufank vun der éischter Uelegkris.
- 1974: Den Henry Kissinger an de Lê Ðức Thọ kréien de Friddensnobelpräis.
- 1976: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1978, 1:4 géint Italien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nico Braun geschoss.[2]
- 1978: De polnesche Kardinol Karol Józef Wojtyła gëtt als Nofolger vum Poopst Jean-Paul I. († 28. September), gewielt an hëlt de Numm Jean-Paul II. un. Et ass deen éischte net-italienesche Poopst zënter dem Hadrian VI. (†1523.
- 1979: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Koblenz 0:9 géint d'Bundesrepublik Däitschland.[3]
- 1984: Den Desmond Tutu kritt de Friddensnobelpräis.
- 2002: Déi nei Bibliotheca Alexandrina zu Alexandria an Egypten, geet op.
- 2002: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2004, 0:7 géint Rumänien.[4]
- 2012: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Tel-Aviv, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 0:3 géint Israel.[5]
Gebuer [änneren]
- 1540: Arnold Mylius, Drécker a Buchhändler zu Köln.
- 1854: Oscar Wilde, iresche Schrëftsteller.
- 1874: Nicolas Braunshausen, lëtzebuergesche Professer fir Psychologie a Politiker.
- 1886: David Ben Gurion, éischte Premierminister vun Israel.
- 1888: Eugene O'Neill, US-amerikaneschen Theaterschauspiller.
- 1893: Alexander Weicker, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 1904: Emile Raus, lëtzebuergesche Jurist.
- 1908: Enver Hoxha, albanesche Politiker an Diktator.
- 1911: Mahalia Jackson, US-amerikanesch Gospelsängerin.
- 1912: Vic. Abens, lëtzebuergesche Politiker.
- 1915: Léon Buck, lëtzebuergeschen Drécker a Fechter.
- 1917: Paul-Maria Meier, lëtzebuergesche Paschtouer.
- 1919: Jean Feller, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1921: Georges Wilson, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 1923: Linda Darnell, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1925: Angela Lansbury, britesch Schauspillerin.
- 1927: Günter Grass, däitsche Schrëftsteller.
- 1936: Irina Demick, franséisch / US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1954: Tim Berne, US-amerikaneschen Altsaxophonist.
- 1956: François Bausch, lëtzebuergesche Politiker.
- 1958: Tim Robbins, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1960: William Bianchini, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1961: Marc Levy, franséische Schrëftsteller.
- 1979: Xavier Hellenbrand, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1983: Loreen, schwedesch Sängerin.
Gestuerwen [änneren]
- 1541: Johann Baptiste vun Taxis, däitsche Generalpostmeeschter.
- 1553: Lucas Cranach den Eeleren, däitsche Moler.
- 1791: Grigori Alexandrowitsch Potjomkin, russesche Feldmarschall a Staatsmann.
- 1793: Marie Antoinette, franséisch Kinnigin.
- 1937: Arthur Lewin-Funcke, däitsche Sculpteur.
- 1946: Joachim von Ribbentrop, däitschen Diplomat a Politiker.
- 1960: Adolf Hnatek, éisträicheschen Astronom.
- 1973: Gene Krupa, US-amerikanesche Jazz-Batteur.
- 2005: Marcel Jander, lëtzebuergesche Sänger an Schauspiller.
- 2006: Trebisonda Valla, italienesch Liichtathletin.
- 2007: Deborah Kerr, britesch Schauspillerin.
Feierdeeg [änneren]
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 16. Oktober – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 16. Oktober 1955 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Italien de 16. Oktober 1976 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Däitschland-Lëtzebuerg de 16. Oktober 1979 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Rumänien de 16. Oktober 2002 um Site European Football.info]
- ↑ De Foussballlännermatch Israel-Lëtzebuerg de 16. Oktober 2012 op rtl.lu