Friddensnobelpräis

Vu Wikipedia
D'Nobelinstitut zu Oslo, Norwegen

De Friddensnobelpräis ass ee vun de fënnef Präisser déi nom testamentaresche Wëlle vum schweedeschen Industriellen an Erfinder Alfred Nobel verdeelt ginn. De Präis gëtt zanter 1901 all Joer den 10. Dezember - um Doudesdag vum Nobel - zu Oslo vum norwegeschen Nobelinstitut (Det Norske Nobelinstitut) verginn. Déi aner Nobelpräisser ginn dogéint vun der schweedescher Nobelstëftung zu Stockholm verdeelt. Norwegen a Schweden waren zur Zäit wou den Alfred Nobel gestuerwen ass an enger politescher Unioun. Schweden eleng huet d'Aussepolitik vun den zwee Länner bestëmmt. Den Nobel huet dofir gemengt, datt d'Gefor fir politesch Korruptioun manner grouss wier wann Norwege responsabel fir de Friddenspräis wier.

Konditiounen[änneren | Quelltext änneren]

Den Alfred Nobel huet dräi Konditioune fir d'Auszeechnung festgeluecht, woubäi op d'mannst eng vum Präisdréier erfëllt gi muss:

  • Reduktioun vun den Arméien a Waffenarsenaler
  • Organiséiere vu Friddenskongresser
  • Engagement fir e bessert Versteesdemech tëscht de Vëlker

Déi zwou éischt Konditioune si relativ kloer. Déi drëtt ass dogéint méi vague formuléiert a kann doduerch och méi flexibel interpretéiert ginn. Dat erméiglecht et zum Beispill och Verdéngschter ëm d'Mënscherechter (zanter 1960) oder den Ëmweltschutz (2004) ze honoréieren.

Anescht wéi déi aner Nobelpräisser kann de Friddensnobelpräis nieft Persounen un Organisatioune vergi ginn.

Nominatioun[änneren | Quelltext änneren]

Den norwegeschen Nobelpräis Comité ass zoustänneg fir d'Nominatioun vun de Laureaten. En huet fënnef Memberen déi vum norwegesche Parlament fir eng Period vu sechs Joer designéiert ginn. Wéi dacks ee ka gewielt ginn ass net festgeluecht. Den Direkter vum Nobelinstitut gëtt automatesch Sekretär, de President gëtt vum Comité selwer gewielt. Den Nobelpräis Comité ass en onofhängegt Gremium a muss sech a sengen Decisioune weeder justifiéieren nach dës kommentéieren.

Nominatioune kënnen nieft de Membere vum Comité an de fréiere Präisdréier och vun all Member vun enger Regierung oder dem Internationale Geriichtshaff zu Den Haag agereecht ginn. Professeren aus de Fachberäicher vun de Sozialwëssenschaften an de Kultur an Humanwëssenschafte kënne och Virschléi maachen.

Laureaten[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Friddensnobelpräis – Biller, Videoen oder Audiodateien