Oslo

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Oslo
Wopen Lokalisatiounskaart
Land: Flag of Norway.svg Norwegen
Provënz (fylke): Oslo
Koordinaten: 59° 56' 00" N
10° 41' 00" E
Fläch: 454 km²
Awunner: 613.285 (1. Jan. 2012)
Bevëlkerungsdicht: 1.351 Aw./km²
Héicht: 1 m
Zäitzon: UTC+1
Buergermeeschter: Fabian Stang (Høyre)

Oslo (norw. /ˈuslu/, tëscht 1624-1877 Christiania a vun 1877-1925 Kristiania genannt) ass d'Haaptstad vum Kinnekräich Norwegen. Si huet ronn 600.000 Awunner (2011) a läit op de Koordinaten 59°56'N, 10°41'E.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Der nordescher Seechen no gouf Oslo ëm d'Joer 1048 vum Kinnek Harald Hardråde gegrënnt. Méi rezent archeologesch Ausgruewungen hunn awer gewisen datt éischt Siidler sech scho virum Joer 1000 do an der Géigend niddergelooss haten. 2000 huet d'Stad dunn offiziell hir 1000 Joer gefeiert.

Vue op Oslo (d'Gemengenhaus) vum Hafen aus

Och d'Etymologie vum Numm Oslo ass net ganz eendeiteg. D'mëttelalterlech Schreifweis Ásló léisst sech op zwou verschidde Manéieren interpretéieren. Oslo wier deemno entweder mat Glécht beim Hiwwel oder awer Glécht vun de Gëtter z'iwwersetzen.

Oslo ass em d'Joer 1300 ënner dem Kinnek Håkon V. Magnusson Haaptstad ginn. An der Uniounszäit mat Dänemark (1380-1814) huet d'Stad hiren zentrale Status dunn awer nees verluer. Zu enger renger dänescher Provënzstad degradéiert huet Oslo an där Zäit virun allem wirtschaftlech ferm gelidden.

1624 si grouss Deeler vun der Stad duerch e Feier zerstéiert ginn. Oslo sollt natierlech nees erëm opgebaut ginn, déi Kéier awer mat engem Stadkär op der anerer Säit vun der Bucht (do wou haut d'Festung Akershus läit). Den deemolegen dänesch-norwegesche Kinnek Christian IV. konnt och nach duerchsetzen datt bannent de Stadmauere keng Holzhaiser méi däerften opgeriicht ginn. Am selwechte Joer gouf d'Stad och op Christiania ëmgedeeft (tëscht 1877 an 1925 Kristiania an der offizieller Schreifweis).

1814, nodeem d'Unioun mat Dänemark opgeléist gi war, ass Christiania nees Haaptstad ginn. D'19. Joerhonnert war d'Zäit vun der Expansioun. D'Stad ass séier gewuess an eng ganz Rëtsch houfreg Gebaier wéi z. B. d'Kinneksschlass, d'Universitéit, d'Parlament (Stortinget) an den Nationaltheater -fir der nëmmen e puer ze nennen- goufe gebaut.

1925 krut d'Stad hiren alen Numm Oslo nees zréck. Nodeem 1948 d'Nopeschgemeng Aker agegliddert ginn ass, gouf d'Stad flächeméisseg nach eemol staark vergréissert.

D'Gemengenhaus (Rådhus), d'Symbol vun der Stad gouf 1950 ageweit. 1952 huet Oslo déi Olympesch Wanterspiller organiséiert.

Panorama vun Oslo

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Monumenter a Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Muséeën[änneren | Quelltext änneren]

  • Norsk Folkemuseum (kulturhistoresche Musée, deelweis Nobaute vun "typesch" norwegesche Gebaier)
  • De Kon-Tiki Musée
  • De Fram Musée (Polarschëff)
  • Vikingskipmuseet (Wikinger Schëffer)
  • De Munch Musée
  • D'Nationalgalerie
  • Oslo Bymuseum (Stadsmusée)

Sportanlagen[änneren | Quelltext änneren]

  • Schischanz vun Holmenkollen, 20 Minutte vum Zentrum vun Oslo ewech, ass eng vun de bekanntste Schischanze vun der Welt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Oslo – Biller, Videoen oder Audiodateien