Holmenkollschanz

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Soccer stub.svg Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Schischanz Holmenkollen

D'Holmenkollschanz ass eng vun de bekannteste Schischanzen. Si steet zu Holmenkollen an Norwegen, um Bord vun der Haaptstad Oslo.

Schonn 1866 gouf zu Christiania (Oslo) d'Schisprange praktizéiert a Kompetitiounen an där Disziplinn ofgehal. Well do iewer keng Schnéisécherheet garantéiert war, sinn d'Competitiounen op den Hiwwel Holmenkollen deen nobäi läit, verluecht ginn. Dat éischt Schisprange war do 1892 virun 10.000 Nokuckerten. Zënterhier trefft sech déi international Schielite all Joer zu Holmenkollen, wou Plaz ass fir 50.000 Persounen. D'Weltmeeschterschafte vun 1930, 1952, 1966 an 1982 an d'olympesch Wanterspiller vun 1952 goufen do ofgehal. Zu Holmenkollen kann een och e Schimusée besichen.
Am Summer ginn um Fouss vun der Schanz op enger Bühn am Waasser och Festspiller a Summerconcerten ofgehal.

D'Schanz vun uewen

Kuckt och[änneren]

Um Spaweck[änneren]

Offiziell Säit vu der Schischanz Holmenkollen, op engl.

Commons: Holmenkollschanz – Biller, Videoen oder Audiodateien