Tallinn

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
EU Insignia.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Stadmauer vu Tallinn
Tallinn
TallinnCoatOfArms.png En-map.png
Land Flag of Estonia.svg Estland
Krees: Harju
Koordinaten: 59°26'N, 24°46'E
Fläch: 159.2 km²
Awunner: 401.502 (vun 2004/publ.2005)
Bevëlkerungsdicht: 2.524 / km²
Héicht: 44 m i. NN
Buergermeeschter: Edgar Savisaar

Tallinn ass d'Haaptstad an dee gréisste Séihafe vun Estland. Si läit um Finnesche Golf (engem Deel vum Baltesche Mier), eng 80 km südlech vun Helsinki.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Politik

Zënter dem Abrëll 2007 huet um Buergermeeschterstull den Edgar Savisaar säi Virleefer Jüri Ratas ofgeléist.

De Buergermeeschter Edgar Savisaar
Alstad vun Tallinn (2012)
Alexander-Newski-Kathedral

[änneren] Kuckeswäertes

  • d'Nikolaikierch ( estn.Niguliste kirik)
  • d'Helleg-Geescht-Kierch mat hire Konschtschätz aus dem spéide Mëttelalter vum Bernt Notke an dem Hermen Rode
  • d'Olaikierch
  • d'Stadhaus
  • d'Parlamentsgebai
  • d'Gilde-Haus (estn. Toompea), awer virun allem
  • déi orthodox Alexander-Newski-Kathedral. (Si gouf tëschent 1894 a 1900 gebaut an der Zäit, wou Estland nach e Deel vum russeschen Zareräich war an zitt haut nach ëmmer vill Visiteuren un.)

[änneren] An der Stad selwer

D'Stad Tallinn huet de Charakter vun enger mëttelalterlecher Alstad behal. Ronderëm d'Stad féieren Festungsmaueren mat vill gutt erhalen Tierm.

D' Stad Tallinn huet streng Bestëmmungen, wat d'Ëmwelt an d'Evakuatioun vu den Offäll ugeet an ass bekannt als déi propperst Stad vun Europa.

[änneren] Ronderëm d'Stad

  • Um Stadrand läit d'Schlass Katharinental (estn. Kadriorg)
  • Am Perita-Staddeel, nordöstlech vum Stadkäer, läit de Jachthafen, dee vun engem Nolenbësch begrenzt gëtt. D'Plage dernieft profitéiert am Summer vun engem staarken Zoulaf.
  • Eng Ofwiesslung ass de Besuch vu der Insel Naissaar an der Tallinner Bucht no beim Festland.
  • Ee Fernsehtuerem ( estn. Teletorn) mat senger Aussiicht-Plattform fir Visiteuren erlaabt eng schéin Vue op d'Stad, an bei guddem Wieder en Ausbléck bis zur finnescher Küst.

[änneren] Ënnert UNESCO Protectioun

D'Alstad vu Tallinn figuréiert zënter 1997 op der UNESCO-Lëscht vu der Weltierfschaft

Den Tallinner Hafen

[änneren] Dichteg Tallinner

[änneren] Literatur zum Thema

Katharinental (estn. Kadriorg).

[änneren] Um Spaweck


Commons: Tallinn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen