Athen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Athína
Athen
Wopen Lokalisatiounskaart
Land: Flag of Greece.svg Griicheland
Verwaltungsbezierk: Attika
Prefecture: Athen
Koordinaten: 37° 58' 00" N
23° 43' 00" E
Fläch: 38 km²
Awunner: 655.790 (2011)
Bevëlkerungsdicht: 17.258 Aw./km²
Héicht: 70 m
Buergermeeschter: Nikítas Kaklamánis

Athen (Αθήνα [aˈθina] / Athína) ass d'Haaptstad vu Griicheland an zugläich och déi gréisst Stad an déi mat der gréisster Bevëlkerung. Um Territoire vun Athen hu scho viru 5.000 Joer Leit gewunnt.

Wéinst hirer kulureller Ierfschaft a well si - iwwer den Hafe Piräus an iwwer den neien internationale Fluchhafen - e wichtege Verkéierspunkt mat de griicheschen Inselen ass, zielt Athen zu de meeschtbesichte Metropole vum Kontinent. Doriwwereraus ass Athen mat Ofstand dat wichtegst Wirtschafts-, Kultur- a Bildungszentrum vu Griicheland.

Der Seechen no hu sech d'Gëttin Athene an de Mieresgott Poseidon ëm d'Gonscht vun den Awunner vun der Stad gestridden, déi nach keen Numm hat. Béid Gëtter sollten den Awunner e Kado maachen - deen, deen der Stad de schéinste Kado géif maachen, sollt hiren Nummpatroun ginn. De Poseidon huet der Stad e Bur geschenkt, aus deem awer nëmme Salzwaasser erauskomm ass. D'Athene huet der Stad en Olivebam geschenkt, deen hinnen Iessen, Olivenueleg an Holz ginn huet. Sou huet d'Athene dëst Duell gewonnen, an d'Stad gouf no hir benannt. Mat dësem Grënnungsmythos wollten déi antik Pappe vun der Stad schonn deemools hir Tendenz zum Pragmatismus historesch begrënnen.

Der Iwwerliwwerung no gouf Athen vum Kinnek Kekrops I. gegrënnt. D'Stad ass zanter 5.000 kontinuéierlech bewunnt, an domat sécher eng vun den eelste Stied an Europa. 1985 gouf Athen zu der Europäescher Kulturhaaptstad gewielt. D'Akropolis (1987) an d'Klouschter Daphni (1990) stinn op der Lëscht vun der UNESCO-Weltierfschaft.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Athen läit an der Landschaft Attika mat de Flëss Ilisos a Kephisos an huet op dräi Säite Bierger, den Hymettos (1026 m), de Pentelikon (1107 m), de Parnes (1413 m) an den Ägaleo (468 m). Op der véierter Säit läit de Saronesche Golf.

Athen am Joer 1888.

Ënnerdeelung[änneren | Quelltext änneren]

D'Staddeeler vun Athen, d'Gitonies (lëtz.: Noperschaften), sinn dacks kleng Bezierker mat eegener Infrakstruktur.

Gitonies hu meeschtens eegen Afkaszentre mat Geschäfter vun all Zort. D'Gitonia ass fir d'Awunner en iwwersiichtleche Bezierk, hei kennt jiddweree jiddwereen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Staddeeler vun Athen Nuvola apps xmag.png

Klima[änneren | Quelltext änneren]

D'Stadklima vun Athen ass ganz besonnesch a Griicheland an och an Europa. Duerch d'Lag vun Athen, wat am Westen, Norden an Oste Bierger ronderëm sech huet, ass d'Klima zu Athen nach méi dréchen a waarm wéi an anere Regioune vum Land. D'Summertemperature kënne bis op 40 °C bis 45 °C am Schiet klammen. Duerch d'Bevëlkerungsdicht an de Mangel vu Gréngflächen an der Stad killt et an der Nuecht och net wierklech of. Temperature vu 25 °C um Hallefnuecht sinn am Summer ganz normal, an och 30 °C sinn net seelen. Eréischt an de fréie Moiesstonne falen d'Temperaturen ënner 25 °C. Am Wanter dogéint kënnt et dacks zu Abréch vu kaler Loft aus dem Norden, déi an den nërdleche Bezierker och zu Schnéi féiere kënnen. Fir mëtteleuropäesch Verhältnesser ass et awer och am November nach waarm. Zu Athen gi Mëtt November nach dacks 20–25 °C am Dag gemooss. Dofir fängt d'Fréijoer méi spéit un, a Mäerz an Abrëll sinn éischter kal. Zu Athen gi pro Joer ongeféier 2.700 Sonnestonne gezielt. Zu Athen reent et am Duerchschnëtt 402 mm pro Joer, meeschtens vun Enn Oktober bis Ufank Februar.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Parthenon zu Athen.

D'Geschicht vun Athen geet ëm déi 7.500 Joer an d'Jongsteenzäit zréck. Ëm 1300 v. Chr. gouf op der Akropolis e mykenesche Palast gebaut. Déi eelst Stadanlag huet sech op déi iewescht Fläch vum Hiwwel beschränkt, op deem méi spéit d'Buerg (Akropolis) de militäreschen a reliéise Mëttelpunkt vun Athen sollt ginn. D'Fläch gouf scho fréi platt gemaach, an et gouf eng grouss Mauer mat néng Diere ronderëm gebaut (Enneapylai). Dëse Komplex gouf no de Pelasger, deenen dës Bauten zougeschriwwe goufen, Pelargikon genannt. An dëser Buerg hunn déi al Kinneke vun dësem Deel vun Attika gewunnt. Athen stoung fir seng Awunner schonn ëmmer ënner dem besonnesche Schutz vum Zeus, fir deen och fréi en Altor gebaut gi war, sou wéi der Stadgëttin Athene (Athene Polias), fir déi den eelsten Tempel vun der Stad, den Hekatompedos, gebaut gi war. Vis-à-vis vun der Staddir war den eelste Maart vun der Stad, d'Agora.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel Akropolis an am Artikel Agora Nuvola apps xmag.png Der Seechen no soll de myhologesche Kinnek Theseusverschidden Deeler vun der Landschaft Attika zu enger Polis zesummebruecht hunn. Athen war nieft Sparta déi gréisst griichesch Polis vun dëser Zäit. Den Héichpunkt vun hirem politeschen a kulturellen Afloss huet Athen als Attesch Demokratie a Féierungsmuecht vum Attesche Séibond am 5. a 4. Joerhonnert v. Chr. erreecht.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel Attesch Demokratie an am Artikel Attesche Séibond Nuvola apps xmag.png Och wéi d'Stad 86 v. Chr. zum Réimesche Räich gezielt huet, huet si hire Status als intellektuellen Zentrum behalen. Dëst huet sech eréischt am Joer 529 geännert, wéi déi lescht Philosopheschlulen op Uweisung vum byzantinesche Keeser Justinian I. hu missen zougemaach ginn.

Eréischt am 9. Joerhonnert gouf d'Stad Bëschofssëtz mat dem Parthenon als Bëschofskierch. Athen gouf am Véierte Kräizzuch (1204) no der Eruewerung vu Konstantinopel zu engem fränkeschen Herzogtum. Nom Afall vun der Katalanescher Kompanie waren tëscht 1388 bis 1402 d'Florentiner un der Muecht, souwéi d'Tierken (1392), an d'Venezianer (1395). Nom Fall vu Konstantinopel 1453 gouf 1456 Athen vun den Osmanen ënner dem Sultan Mehmed II. eruewert, de Parthenon gouf zu enger Moschee an den Erechtheion zum Harem. D'Stad huet weider u Bedeitung verluer. Duerch Zerstéierungen tëscht dem 17. an 19. Joerhonnert gouf aus der Stadt eng kleng Provënzhaaptstad, déi 1834 als Haaptstad vum neie griichesche Kinnekräich knapps 4.000 Awunner hat.

Den Zentrum vun Athen ronderëm d'Plaze Syntagma an Omonia duerch d'urbanistesch Entwécklung, déi ënner dem Kinnek Otto I., engem Wittelsbacher, initéiert ginn ass, geprägt. 1920 huet d'Gebitt vum haitege Grouss-Athen ëm déi 453.000 Awunner gezielt. Zu engem onregelméissege Wuesstum koum et um Ufank vun den 1920er Joren als Resultat vum Griichesch-Tierkesche Krich an der Masseverdreiwung vun de Griichen aus Klengasien.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Griichesch-Tierkesche Krich Nuvola apps xmag.png
Nom Zweete Weltkrich koum et zu wirtschaftlechem Wuelstand duerch déi konservativ Regierung. Tëscht 1950 an 1960 huet sech d'demographesch Situatioun vu Griicheland radikal verännert : d'Bevëlkerung ass op der Sich no Aarbecht vum Land an d'Stad geplënnert. Dës Migratiounswell huet d'Wunnsituatioun an de Stied verschlechtert, besonnesch zu Athen. Privat Investoren hunn de System vun der „Antiparochí“ (lëtz.: Géigeleeschtung) entwéckelt. Dobäi hu si Grondstécker iwwerholl, an déi al Proprietär mat fäerdege Wunnengen entschiedegt. Vill Baufirmen a Bauhären hunn hir Aarbechter och mat Wunnenge bezuelt.

Zanter den 1980er Joren hunn och vill Auslänner zu Athen eng nei Heemescht fonnt, de gréissten Deel dovu sinn Albaner. Weider Immigrante si Russen, Polen oder Nigerianer. An der Sophokleousstrooss/Plateia Theatrou ass eng kleng „China-Town“ entstanen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vun Athen Nuvola apps xmag.png

Kuckeswäertes zu Athen[änneren | Quelltext änneren]

Bauwierker[änneren | Quelltext änneren]

D'Réimesch Agora.

Zu de bekanntste Bauwierker vun Athen zielen d'Akropolis, ë. a. mat Parthenon, Niketempel, Erechtheion, Propyläen an d'Agora, ë. a. mam Tempel vum Hephaistos an der Athena an dem Nobau vun der Stoa vum Attalos. Kuckeswäert ass och de Kerameikos, déi antik Stadmauer mam Dipylon, der gréisster Staddir vun Athen an d'Pnyx, en Hiwwel westlech vun der Akropolis a Plaz vun de Volleksversammlungen am klasseschen Athen. Südlech vun der Pnyx steet d'Philopapposmonument. E Beispill fir d'Athenesch Kultur sinn den Dionysostheater - hei goufen déi klassesch Tragedie vun de groussen Dramatiker Aischylos, Sophokles an Euripides opgefouert, souwéi d'Komödie vum Aristophanes - an den Odeion vum Herodes Attikus.

Op der Réimescher Agora ass de Wandtuerm ze bewonneren, an och d'Hadriansbibliothéik ass e Besuch wäert. Den Olympieion, Tempel vum olympeschen Zeus, ass ee vun de gréissten Tempele vum ale Griicheland.

330 v. Chr. gouf de Kallimarmaro-Stadion fir d'Panathenäesch Spiller ënner dem Demosthenes gebaut an 140 vum Herodes Atticus mat penteleschem Marmer erneiert. Nei opgebaut gouf de Stadion duerch de griichesche Kafmann Georgios Averof. An dësem Stadion waren och déi meescht Concourse vun den Olympesche Summerspiller 1896 an d'Tëschenolympiad 1906. D'Syntagma-Plaz ass kuckeswäert, genee wéi den éischten Athener Kierfecht mat de Griewer vum Heinrich Schliemann a senger Fra Sophia, dem Georgios Averof, der Melina Merkouri, dem Andreas Papandreou, an dem Adolf Furtwängler ;

D'Plaka ass den eelste Quartier vun Athen. Hei fënnt een an enger Zort Labberänt vill Restauranten a kleng Geschäfter. ist das älteste Quartier Athens. Dort, unterhalb der Akropolis, findet man in einem labyrinthischen Gewirr von Gassen viele Tavernen, Restaurants und kleine Geschäfte.

Zu Athen gëtt et eng Partie byzantinesch Kierchen, wéi zum Beispill d'Hagioi Theodoroi (11. Joerhonnert), d'Kapnikaréa (11. Joerhonnert), d'Hágios Ioánnis Theológos (11./12. Joerhonnert) oder d'Hágios Elefthérios (11./12. Joerhonnert). Byzantinesch Mosaike sinn och am Klouschter Daphni ze gesinn, e weidert Klouschter ass d'Klouschter Kaisariani.

Architektur vum 19. an 20. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem am 19. Joerhonnert de griichesche Stad gegrënnt gi war, koum et zu ville Bauprojeten. Vill Auslänner hunn an d'Stad investéiert. Eleng den Architekt Ernst Ziller huet iwwer 600 Gebaier baue gelooss. Zu de wichtegste Gebaier zu där Zäit zielen de Neoklassizisteschen Ensemble vun Akademie an Nationalbibliothéik. No de Pläng vum Christian Hansen ass 1841 d'Universitéitsgebai fir d'National a Kapodistria Universitéit Athen entstanen. 1891 gouf d'Akademie vun de Wëssenschafte no de Pläng vu sengem méi jonke Brudder Theophil Hansen ageweit. Am selwechte Joer gouf och d'Nationalbibliothéik fäerdeggestallt. An dirketer Noperschaft sinn d'kathoulesch Bëschofskierch (Leo von Klenze) an d'Aaeklinik. D'Parlamentsgebai op der Sytagma-Plaz ass vum Friedrich von Gärtner. D'Peloponnesesch Gare an d'Lárissa-Gare goufe vum Ernst Ziller geplangt.

D'Akademie vun Athen.

D'griichesch Modern war radikal am Géigesaz zum Klassizismus vum 19. Joerhonnert. Duerch d'Wunnengsnout nom Griichesch-Tierkesche Krich 1921 gouf nees vill gebaut. D'Charta vum Athen, e Manifest vu moderner Architektur, gouf 1933 ënnerschriwwen. Spéider gouf de Verloscht vun de klassizisteschen Haiser bedauert, an de leschte Jore goufen awer d'Appartementshaiser vun der fréier Modern zu Athen nees méi geschat.

Nom Zweete Weltkrich hunn och ëmmer méi dacks international Architekten zu Athen gebaut. Während der Zäit vun der Junta goufen aus Spekulatiounsgrënn vill zweetklasseg Appartementshaiser gebaut. Wichteg Gebaier vun der Modern zu Athen sinn d'Appartementshaiser zu Kolonáki, Exarchía an am weideren Zentrum (19201940), den Terminal Ost um fréiere Fluchhafen Hellenikón vum Eero Saarinen (19601963), d'Botschaft vun de Vereenegte Staaten an der Vassilis-Sophias-Avenue vum Walter Gropius (1961) an den Hotel Hilton aus dem Joer 1963.

Muséeën (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Zu den allgemenge Muséeë vun Athen zielt de Goulandris-Musée fir kykladesch Konscht, de Benaki-Musée an den Ellinikós Kósmos, en interaktive Musée. Duerch hir laang Geschicht gëtt et zu Athen natierlech och vill Archeologesch Muséeën, dorënner de Musée vun der Akropolis, den Archeologeschen Nationalmusée, de Byzantinesche Musée an den Archelogoesche Musée um Piräus. Fir méi nei Geschicht gëtt et de Volleksmusée zu Monastiráki, de jiddesche Musée an der Pláka, de Musée fir traditionell Musekinstrumenter, och an der Pláka, an de Musée vun der Stad Athen mat engem Modell vun der Stad aus dem Joer 1842.

Konscht an Design fënnt een am Nationale Musée fir Modern Konscht an der aler Fix-Fabréck, an der Nationalgalerie, an der Glyopthek - dem Musée fir modern Skulptur, am Musée vum griicheschen Theater an am Schmuckmusée Ilias Lalaounis.

Méi technesch Saache sinn am Krichsmusée, am Schëffsmusée Trokadero Marina zu Palio Faliro, am Musée fir Telekommunikatioun vun der OTE, am Eisebunnsmusée vun der OSE an am griichesche Marinemusée um Piräus ze gesinn. Naturgeschichtlech kënnt een am Naturgeschichtleche Musée Goulandis an am Zoologesche Musée vun der Universitéit Athen op seng Käschten.

Weider méi speziell Muséeë sinn de Kannermusée, de Postmusée vun der ELTA an den Numismatesche Musée.

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

Bekannten Athener[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Sotiris Chtouris, Elisabeth Heidenreich an Detlev Ipsen, Von der Wildnis zum urbanen Raum. Zur Logik der peripheren Verstädterung am Beispiel Athen, Frankfurt/Main, 1993.
  • Robert Schediwy, Städtebilder – Reflexionen zum Wandel in Architektur und Urbanistik, Wien, 2005.
  • Raimund Schulz, Athen und Sparta, Wissenschaftliche Buchgesellschaft, Darmstadt, 2003.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Athen – Biller, Videoen oder Audiodateien