Tschechesch Republik

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


Česká republika

Tschechesche Fändel

Tschechescht Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: Pravda vítězí
("D'Wouregt wënnt")
EU location CZE.png
Offiziell Sprooch: Tscheschech
Haaptstad: Prag
Staatsform: Republik
 • President: Václav Klaus
 • Premierminister: Petr Nečas
Fläch: 78 886 km²
Bevëlkerung: 10 349 372 [1]
 • Bevëlkerungsdicht: 131,2/km²
Onofhängegkeet: 1. Januar 1993 (Tschechien)
28. Oktober 1918 (Tschechoslowakei)
Nationalfeierdag: 28. Oktober
Nationalhymn: Kde domov můj?
(Lauschteren)
Währung: Tschechesch Kroun
Zäitzon: UTC +1
Internet TLD: .cz
Internationalen
Telefonsprefix
:
+420

D'Tschechesch Republik (tschechesch: Česká republika) oder Tschechien (Česko) ass e Land a Mëtteleuropa. Tschechien grenzt am Norden u Polen, am Osten un d'Slowakei, Éisträich am Süden, an Däitschland am Westen.

1918, nodeems d'éisträischech-ungaresch Duebelmonarchie nom Éischte Weltkrich an d'Gette gaang war, gouf d'Tschechoslowakei, de Virgängerstaat vum haitegen Tschechien an der Slowakei gegrënnt. Vun Nazi-Däitschland okkupéiert an opgeléist gouf d'Tschechoslowakei 1945 frësch opgeriicht a war vun 1948 un e kommunistesch regéierte Staat. D'Federatioun huet d' Tscheschech Sozialistesch Republik an d'Slowakesch Sozialistesch Republik um Pabeier gläichgestallt, gouf an der Praxis awer staark vun den Tscheschen dominéiert. Enn 1989, no de sametter Revolutioun huet d'Kommunistesch Partei der Oppositioun musse Plaz maachen. Den 1. Januar 1993 sinn Tschechien an d'Slowakei offiziell vun enee getrennt hirer eegener Wee an d'Onofhängegkeet gaangen.

D'Tschechesch Republik ass zënter 1999 Member vun der NATO a vun 2004 un an der Europäescher Unioun.

Haaptstad a gréisst Stad am Land ass Prag.

[änneren] Notizen a Referenzen

  1. Zuel fir den 30. September 2007, Source: Czech Statistical Office (Februar 2008)

[änneren] Um Spaweck

Commons: Tschechesch Republik – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • www.czech.cz Offizielle Site vun der Tschechescher Republik

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen