1948
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1943 | 1944 | 1945 | 1946 | 1947 | 1948 | 1949 | 1950 | 1951 | 1952 | 1953
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1948.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- 1. Januar: D'GATT (General Agreement on Tariffs and Trade) trëtt a Kraaft.
- 7. Abrëll: D'Weltgesondheetsorganisatioun WHO gëtt gegrënnt.
- 10. Dezember: D'UNO hëlt d'Universal-Deklaratioun vun de Mënscherechter un.
Europa [änneren]
- 1. Januar: Italien gëtt eng Republik; den Enrico De Nicola gëtt éischten italienesche Staatspresident.
- 1. Januar: Groussbritannien verstaatlecht seng Eisebunnen.
- 3. Januar: Am Saarland gëtt de Franséische Frang agefouert.
- 18. Februar: Den John A. Costello gëtt Premierminister (Teasoach) an Irland.
- 25. Februar: De kommunistesche Ministerpresident vun der Tschechoslowakei, Klement Gottwald, entléisst zwielef biergerlech Minister aus senger Regierung, sou datt d'KP aleng d'Muecht am Land huet.
- 28. Mäerz: Bei de Parlamentswalen a Rumänien kritt d' Volleksdemokratesch Eenheetsfront 93,2 Prozent vun de Stëmmen.
- 3. Abrëll: Den US-President Harry S. Truman ënnerschreift de Marshall-Plan, woumat 5,3 Milliarden Dollar fir Europa nees opzebauen, fräigi ginn.
- 13. Abrëll: Rumänien gëtt sech eng Verfassung no sowjeteschem Modell.
- 1. Mee: Nom Attentat op de griichesche Justizminister Christos Ladas rifft d'Regierung d'Krichsrecht aus a léisst 213 Kommunisten exekutéieren.
- 7. Mee: An der Tschechoslowakei trëtt eng nei Verfaassung nom sowjetesche Modell a Kraaft.
- 11. Mee: De Luigi Einaudi gëtt zum Staatspresident vun Italien gewielt.
- 18. Juni: An Italien si fir d'éischt nom Zweete Weltkrich demokratesch Parlamentswalen.
- 21. Juni: An de westleche Besatzungszone vun Däitschland gëtt bei enger Währungsreform d'D-Mark agefouert an d'Reichsmark ofgeschaf.
- 24. Juni: Och déi dräi Westsektore vu Berlin féieren d'D-Mark an, doropshin kënnt et zu der Berliner Blockad.
- 25. Juni: Den US-Generol Lucius D. Clay gëtt den Uerder, eng Loftbréck tëscht de Westzonen a Westberlin opzeriichten.
- 8. Juli - 10. Juli: Op der Rittersturz-Konferenz zu Koblenz gëtt decidéiert, déi dräi westlech Besatzungszonen zu der Bundesrepublik Däitschland zesummenzeleeën.
- 19. Juli: A Frankräich trëtt déi éischt Regierung ënnert dem Robert Schuman zréck; de 26. Juli gëtt den André Marie Premierminister, wann och just fir 6 Wochen.
- 4. September: D'Juliana gëtt nom Récktrëtt vun hirer Mamm Wilhelmina Kinnigin vun Holland; se leet de 6. September den Eed op d'Verfassung of.
- 5. September: De Robert Schuman gëtt op en neies - fir zwéin Deeg - Premierminister a Frankräich.
- 11. September: Den Henri Queuille gëtt neie Premierminister a Frankräich.
Lëtzebuerg
- 2. Februar: Den éischte Fliger vun der Luxembourg Airlines Company,(dem Virleefer vun der Luxair), eng DC-3 Douglas, immatriculéiert LX-LAA, flitt op Paräis.
- 22. Mäerz: D'Fleesch, d'Fleeschwueren an d'Rahm däerfen erëm ouni Mark verkaaft ginn.
- 6. Juni: Partiell Chamberwalen am Süden an am Osten: D'CSV kritt 22 Sëtzer, d'LSAP der 15, de Groupement patriotique et démocratique der 9 an d'KPL der 5.
- 19. Juni: Déi éischt Foire-Ausstellung geet un.
- 14. Juli: D'Regierung Dupong-Schaus II hëlt hir Fonctioun op.
- 30. Juli: Eng kommunistesch Propositioun fir d'Ofschafe vun der Lëtzebuerger Arméi gëtt an der Chamber mat 30 géint 5 Stëmmen ofgeleent.
Afrika [änneren]
- 26. Mee: A Südafrika gëtt d'National Party, déi fir d'Apartheid ass, stäerkste Partei.
Amerika [änneren]
- 15. November: De Louis Saint-Laurent gëtt Premierminister vu Kanada.
USA [änneren]
- 2. November: Bei der US-Presidentschaftswal gëtt den Harry S. Truman a sengem Amt knapps confirméiert; Géigekandidat war de Republikaner Thomas E. Dewey.
Mëttel- a Südamerika [änneren]
- 7. Mäerz: D'Peroniste gewannen d'Walen an Argentinien.
- 30. August: Costa Rica gëtt onofhängeg.
- 24. November: Militärputsch a Venezuela géint de President Rómulo Betancourt.
Asien [änneren]
- 4. Januar: Birma (haut Myanmar) gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
- 4. Februar: Ceylon gëtt onofhängeg.
- 20. Juli: De Rhee Syng-man gëtt President vu Südkorea.
- 9. September: D'Volleksrepublik Nordkorea gëtt ausgeruff, si hieft fir sech an Usproch, ganz Korea ze vertrieden.
- 14. September: De Khawaja Nazimuddin gëtt neie pakistanesesche Staatschef.
- 16. Dezember: Kambodscha gëtt am Kader vun der Union Française onofhängeg.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Arabesch Welt an Noen Osten [änneren]
- 14. Mee: De Staat Israel gëtt gegrënnt. Den David Ben-Gurion gëtt éischte Ministerpresident. Egypten, Saudi-Arabien, Jordanien, Libanon, Irak a Syrien erklären dorposhin Israel de Krich.
- 28. Dezember: Membere vun de verbuedene Muslimbridder ermuerden den egyptesche Ministerpresident Mahmoud an-Nukrashi Pascha.
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
- Edmond Dune, Corps élémentaires.
Musek [änneren]
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Sport [änneren]
- 22. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:0 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Marcel Paulus a Victor De Bourcy geschoss.[1]
- 26. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu London 1:2 géint England.[2] De Goler fir d'Lëtzebuerger huet den Nicolas Kettel geschoss.[3]
- 27. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu London 0:1 géint Holland.[4]
- 18. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:4 géint Tschechoslowakei. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Fernand Schammel a Nicolas Kettel geschoss.[5]
- 2. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:7 géint Éisträich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jim Kremer an Nicolas Kettel geschoss.[6]
- 6. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Léck 0:1 géint Belsch.[7]
- 18. Juli: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Saint-Quentin 1:4 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Camille Wagner geschoss.[8]
- 26. Juli: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Brighton, op den Olympesche Summerspiller 1948 vu London, 6:0 géint Afghanistan. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jules Gales (2), Nicolas Kettel, Fernand Schammel a Marcel Paulus (2) geschoss.[9]
- 31. Juli: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu London op den Olympesche Summerspiller 1948 1:6 géint Jugoslawien. De Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Fernand Schammel geschoss.[10]
- 19. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Schwäiz. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Lucien Konter geschoss.[11]
- 21. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:7 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jean Becker geschoss.[12]
Gebuer [änneren]
- Michel Daleiden, Lëtzebuerger Moler a Serigraph.
- Paul Lafontaine: lëtzbuergeschen Historiker.
- David Levy, US-amerikaneschen Astronom.
- 2. Januar: Tony Judt, briteschen Historiker.
- 7. Januar: Ichirō Mizuki, japanesche Anisonsänger a Schauspiller.
- 10. Januar: Bernard Thévenet, franséische Vëlossportler.
- 10. Januar: Donald Fagen, US-amerikanesche Museker.
- 12. Januar: Gordon Campbell, kanadesche Politiker.
- 17. Januar: Davíð Oddsson, islännesche Ministerpresident.
- 16. Januar: John Carpenter, amerikanesche Regisseur, Dréibuchauteur, Produzent, Schauspiller, a Filmmusek-Komponist.
- 29. Januar: Guido Knopp, däitsche Journalist, Publizist a Moderator.
- 30. Januar: Aly Jaerling, lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.
- 30. Januar: Charles Hamer, lëtzebuergeschen Auteur an Economist.
- 3. Februar: Henning Mankell, schwedesche Schrëftsteller.
- 4. Februar: Alice Cooper, US-amerikanesche Rockmuseker.
- 7. Februar: Josef Ackermann, Schwäizer Banquier a Manager.
- 19. Februar: Pim Fortuyn, hollännesche Politiker a Publizist († 2002)
- 20. Februar: Andrew Fabian, briteschen Astronom an Astrophysiker.
- 23. Februar: Raymond Weydert, lëtzebuergesche Politiker an Agronom.
- 24. Februar: Rolf Tarrach, spuenesche Physiker a Rekter vun der Université du Luxembourg.
- 29. Februar: Jemp Schuster, lëtzebuergeschen Auteur, Kabarettist an Theateregisseur.
- 2. Mäerz: Rory Gallagher, iresche Gittarist.
- 7. Mäerz: Montserrat Figueras, spuenesch Sopranistin.
- 9. Mäerz: Chris Thompson, britesche Museker.
- 11. Mäerz: Dominique Sanda, franséisch Schauspillerin.
- 22. Mäerz: Andrew Lloyd Webber, englesche Komponist.
- 29. Mäerz: Fern Weirich, lëtzebuergesche Comics-Zeechner.
- 31. Mäerz: Al Gore, US-amerikanesche Politiker.
- 1. Abrëll: Jimmy Cliff, jamaikanesche Reggaemuseker.
- 2. Abrëll: Nibio Orioli, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 3. Abrëll: Jaap de Hoop Scheffer, hollännesche Politiker.
- 6. Abrëll: Georges Jacquemart, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 6. Abrëll: Patrika Darbo, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 8. Abrëll: Danuta Hübner, polnesch Politikerin an EU-Kommissarin.
- 12. Abrëll: Joschka Fischer, däitsche Politiker.
- 19. Abrëll: Michel Foret, belsche Politiker.
- 20. Abrëll: Jean-Paul Lehners, lëtzebuergeschen Enseignant an Historiker.
- 28. Abrëll: Terry Pratchett, englesche Schrëftsteller.
- 7. Mee: Marc Agosta, lëtzebuergesche Liichtathlet.
- 9. Mee: Hans Georg Bock, däitsche Mathematiker.
- 11. Mee: Jeannot Moes, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 12. Mee: Steve Winwood, Museker.
- 16. Mee: Christiane Steinmetzer, lëtzebuergesch Konschthistorikerin.
- 18. Mee: François Felten, lëtzebuergesche Moler an Theolog.
- 19. Mee: Grace Jones, Sängerin, Fotomodell a Schauspillerin.
- 26. Mee: Stevie Nicks, US-amerikanesch Sängerin.
- 28. Mee: Pierre Rapsat, belsche Sänger.
- 29. Mee: Norbert Berens, lëtzebuergesche Pedagog an Auteur.
- 6. Juni: Jürgen Marcus, däitsche Schlagersänger.
- 15. Juni: Pierre Warin, belsche Geeschtlechen an Auxiliairebëschof vun Namur.
- 17. Juni: Joaquín Almunia, spuenesche Politiker an EU-Kommissar.
- 8. Juli: Nathalie Baye, franséisch Schauspillerin.
- 13. Juli: Catherine Breillat, franséisch Schauspillerin a Regisseurin.
- 22. Juli: Otto Waalkes, däitsche Komiker, Cartoonist a Schauspiller.
- 30. Juli: Jean Reno, franséische Schauspiller.
- 1. August: Abdelmalek Sellal, algeresche Politiker.
- 3. August: Jean-Pierre Raffarin, franséische Politiker, Premierminister.
- 11. August: Jan Palach, Philosophie-Student an der deemoleger Tschechoslowakei.
- 20. August: Jeanne Peiffer, lëtzebuergesch Mathematikerin a Wëssenschaftshistorikerin.
- 24. August: Jean Michel Jarre, franséische Komponist.
- 24. August: Sauli Niinistö, finnesche Politiker.
- 24. August: Boris Pergamenschikov, russeschen Cellist.
- 26. August: Jean Stock, franséische Journalist.
- 5. September: Benita Ferrero-Waldner, éisträichesch Politikerin, EU-Kommissarin.
- 12. September: Louis Trierweiler, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 19. September: Jeremy Irons, britesche Schauspiller.
- 2. Oktober: Siim Kallas, estnesche Politiker an EU-Kommissar.
- 5. Oktober: Joseph Bruyère, belsche Vëlossportler.
- 8. Oktober: Claude Jade, franséisch Schauspillerin.
- 22. Oktober: Jeannot Schaul, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 30. Oktober: Lucien Zeimes, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 19. November: Robert Biever, lëtzebuergesche Jurist a fréiere Member vum Staatsrot.
- 28. November: Furio Cardoni, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1. Dezember: Raphael Constant, belsche Vëlossportler.
- 1. Dezember: Martin Klein, lëtzebuergeschen Dokter.
- 8. Dezember: Mars Klein, lëtzebuergesche Journalist, Kabarettist an Auteur.
- 21. Dezember: Samuel L. Jackson, US-amerikanesche Schauspiller.
- 22. Dezember: Nicolae Timofti, moldawesche Jurist a Staatspresident.
- 23. Dezember: John Huchra, US-amerikaneschen Astronom.
- 24. Dezember: Edwige Fenech, italienesch Filmschauspillerin.
- 27. Dezember: Gérard Depardieu, franséische Schauspiller.
- 31. Dezember: Donna Summer, US-amerikanesch Sängerin.
Gestuerwen [änneren]
- 8. Januar: Kurt Schwitters, däitsche Moler.
- 15. Januar: Henri-Alexandre Deslandres, franséischen Astronom.
- 30. Januar: Mahatma Gandhi, indesche Politiker.
- 30. Januar: Orville Wright, US-amerikanesche Fluchpionéier a Fligerbauer.
- 8. Februar: Samuel Prescott Bush, US-amerikaneschen Industrieller.
- 9. Februar: Karl Valentin, däitsche Komiker, Kabarettist, Auteur a Filmproduzent.
- 11. Februar: Sergei Michailowitsch Eisenstein, sowjetescher Regisseur.
- 4. Mäerz: Antonin Artaud, franséische Schauspiller, Dramatiker, Regisseur, Dichter an Theater-Theoretiker.
- 31. Mäerz: Egon Erwin Kisch, Prager Journalist.
- 14. Abrëll: Gusty Kemp: lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 5. Juli: Georges Bernanos, franséische Schrëftsteller.
- 15. Juli: John Pershing, US-amerikanesche Generol.
- 21. Juli: D. W. Griffith, US-amerikanischer Schauspiller, Regisseur a Filmproduzent.
- 12. August: Jean-Baptiste Merkels, lëtzebuergesch-US-amerikaneschen Auteur a Konsul.
- 3. September: Edvard Beneš, tschechesche Politiker.
- 10. September: Ferdinand I., Zar vu Bulgarien.
- 13. September: Paul Wegener, däitsche Schauspiller.
- 17. September: Folke Bernadotte, schwedeschen Offizéier.
- 19. September: Jan Welzl, genannt Eskimo Welzl, tschecheschen Aventurier, Weltreesender an Eskimohäuptling.
- 24. Oktober: Franz Lehár, éisträichesche Komponist.
- 24. September: Auguste Thorn, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 8. November: Jean-Pierre Muller, lëtzebuergesche Vëlosportler.
| Commons: 1948 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 22. Februar 1948 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch England-Lëtzebuerg de 26. Mäerz 1948 um Site European Football
- ↑ Artikel am Wort iwwer de Foussballmatch England-Lëtzebuerg vum 26. Mäerz 1948
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg de 27. Mäerz 1948 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tschechoslowakei den 19. Abrëll 1948 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Éisträich den 2. Mee 1948 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 6. Mee 1948 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 18. Juli 1948 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Afghanistan de 26. Juli1948 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Jugoslawien den 31. Juli1948 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 19. September 1948 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 21. November 1948 um Site European Football