Jean Witry

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean Witry

De Jean Witry, gebuer den 3. September 1876 zu Schieren, a gestuerwen den 3. Oktober 1948, war vun 1929 bis 1945 President vun der Handwierkerkummer.

Hien huet als Wonermeeschter zu Esch-Uelzecht geschafft an huet eng heelewull Associatiounen matgegrënnt (Fédération des Artisans, Fédération des Maîtres-Forgerons, Association des Artisans de la Ville d'Esch...). 1917 huet hie bei den Escher Gemengewale kandidéiert[1], an 1918 bei de Chamberwalen[2].

De Jean Witry war zanter 1924 Member vun der Handwierkskummer.[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Escher Tageblatt, 1. März 1917
  2. Ben Fayot, 120 Jor - Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber, Luxembourg, La Mémoire Socialiste, 2016. Säit 272.
  3. « Jean Witry », D’Handwierk, 1948, p. 188.