John Carpenter

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
John Carpenter

Den John Howard Carpenter gebuer de 16. Januar 1948 zu New York, ass en amerikanesche Regisseur, Dréibuchauteur, Produzent, Schauspiller, a Filmmusek-Komponist. En ass zu Carthage gebuer, an a Bowling Green (Kentucky) opgewuess. Schonn a jonke Joren huet hien ugefaange sech fir de Film z'interesséieren.

D'Leidenschaft fir d'Musek hat hie vu sengem Papp, de Museker war. Bei bal all vu senge Filmer huet hien d'Filmmusek selwer komponéiert.

Mat véierzéng Joer huet hien dunn ugefaange seng éischt Kuerzfilmer ze dréien. Fir d'éischt studéiert hien op der Western Kentucky Universitéit. Duerno geet hien op Filmschoul op d'Universitéit vu Südkalifornien, wou hien op der Sektioun Kino war. Do schonn huet hie säin éischten offizielle Kuerzfilm The Resurrection of Broncho Billy gedréint. Dëse Film huet him säin éischten Oscar fir Kuerzfilm abruecht. Net laang drop, an den John Carpenter gëtt als Meeschter vum Grujelfilm ugesinn.

Vun 1979 bis 1984 war e mat der Schauspillerin Adrienne Barbeau bestuet an huet sech eng zweet Kéier 1990 mat der Produzentin Sandy King bestuet.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Komponist[änneren | Quelltext änneren]

Produzent[änneren | Quelltext änneren]

Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Kuerzfilmer[änneren | Quelltext änneren]

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Dréibuchauteur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]