Léck
| Dëse Geographiesartikel iwwer d' Belsch ass eréischt eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Léck (fr.: Liège; nl.: Luik; dt.: Lüttich; wa.: Lidje; it.: Liegi; spuen.: Lieja; lat.: Leodium; ) ass eng Groussstad am Oste vun der Belsch an d'Haaptstad vun der Provënz Léck, déi hiren Numm dréit. Déi ganz Lécker Agglomeratioun huet ongeféier 600.000 Awunner. Si ass déi gréisste Stad vu Wallounien an hannert Bréissel an Antwerpen déi drëttgréisste Stad vun der Belsch.
Vu Lëtzebuerg aus brauch een 2 Stonnen an 30 Minutte fir Léck mam Zuch z'erreechen (167 km mam Auto).
Kulturell gesinn, ass Léck, mat senge Muséeën, prächtege Gebaier, Universitéit an aneren Héichschoulen (17 000 Studenten) eng ganz wichteg Stad. Och wirtschaftspolitesch gesinn; vill grouss an international Entreprisen hunn do hire Sëtz.
Inhaltsverzeechnes |
Fréier Gemengen a Quartieren [änneren]
Fréier Gemengen [änneren]
D'Stad Léck ëmfaasst déi fréier Gemengen Angleur, Bressoux, Chênée, Glain, Grivegnée, Jupille, Léck, Rocourt, Wandre an och, ënnert anerem, den Uertschaftsdeel Sclessin vun der fréierer Gemeng Ougrée. All dës Gemenge goufen 1977 an d'Stad Léck am Kader vun der Gemengefusioun integréiert.
Quartieren [änneren]
Geschicht [änneren]

Légion d'honneur [änneren]
De 7. August 1914 krut Léck déi franséisch Dekoratioun Légion d'honneur.
Citatioun: Ce splendide fait d'armes constitue, pour la Belgique et pour la ville de Liège en particulier, un titre impérissable de gloire dont il convient que le gouvernement de la République perpétue le souvenir mémorable en conférant à la ville de Liège la croix de la Légion d'honneur.
Kuckeswäertes [änneren]
Leit déi mat Léck ze dinn hunn [änneren]
- Érard de La Marck, Prënzbëschof vu Léck
- Justine Henin, Tennisspillerin gebuer zu Léck
- Joseph Jean Baptiste Neuberg, laangjärege Professer op der Universitéit
- Bernard Foccroulle, Organist a Komponist, gebuer zu Léck
- Louis-Joseph Kerkhofs, Bëschof vu Léck
- Henri Simon belschen Auteur gebuer zu Léck
- Jean Rey, belsche Politiker, gebuer zu léck
- René Greisch, Bréckebauingenieur mat Bureau um Sart Tilman bei Léck, gestuerwen zu Léck.
- Jean Curtius, Industriellen.
- Louis de Geer, Industriellen, gëtt als de Papp vun de Wallouner a Schweden ugesinn, an als de Grënner vun der schwedescher Metallindustrie.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Léck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vu Léck
- Lécker Oper
- (fr) (en) (nl) Liégeois
Amay - Amel - Ans - Anthisnes - Aubel - Awans - Aywaille - Baelen - Bassenge - Berloz - Beyne-Heusay - Blegny - Braives - Büllingen - Burdinne - Burg-Reuland - Bütgenbach - Chaudfontaine - Clavier - Comblain-au-Pont - Crisnée - Dalhem - Dison - Donceel - Engis - Esneux - Eupen - Faimes - Ferrières - Fexhe-le-Haut-Clocher - Flémalle - Fléron - Geer - Grâce-Hollogne - Hamoir - Hannut - Héron - Herstal - Herve - Huy - Jalhay - Juprelle - Kelmis - Léck - Lierneux - Limbourg - Lincent - Lontzen - Malmedy - Marchin - Modave - Nandrin - Neupré - Olne - Oreye - Ouffet - Oupeye - Pepinster - Plombières - Raeren - Remicourt - Saint-Georges-sur-Meuse - Saint-Nicolas - Sankt Väit - Seraing - Soumagne - Spa - Sprimont - Stavelot - Stoumont - Theux - Thimister-Clermont - Tinlot - Trois-Ponts - Trooz - Verlaine - Verviers - Villers-le-Bouillet - Visé - Waimes - Wanze - Waremme - Wasseiges - Welkenraedt