Légion d'honneur

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Offizéierkräiz vun der
Légion d'honneur, 1880

D'franséisch Éierelegioun, fr.: Légion d'honneur, ass eng franséisch Auszeechnung, en Uerden, deen de 19. Mee 1802 vum Napoléon I. no dem Virbild vun eelere Monarchien, z. B. vum engleschen Hosenbanduerden, geschafe gouf. D'Légion d'honneur ass zanterhier den héchsten a bekanntesten Uerden vu Frankräich a gouf nom Doud vum Napoléon bäibehalen. Haut ass de President vun der Republik Groussmeeschter vum Uerden (Grand maître).

Den Uerde kréien zu ronn zwéin Drëttel Zaldoten an zu engem Drëttel Zivilpersounen.

Déi éischt Auszeechnung mat dësem Uerden war de 15. Juli 1804[1]. Deen eelste Mënsch, deen d'Éierelegioun krut, war de Marcellin Babaud, en Zaldot aus dem Éischte Weltkrich. Hie gouf de 27. Juli 1994 am Alter vun 106 Joer Ritter vun der Legioun.

[änneren] Graden

Lëtzebuergesch Franséisch Zil am Code Bestand am Joer 2000 Gielchen
Ritter Chevalier[2] 125.000 87.371 Legion Honneur Chevalier ribbon.svg
Offizéier Officier 10.000 22.401 Legion Honneur Officier ribbon.svg
Commandeur Commandeur[3] 1.250 3.626 Legion Honneur Commandeur ribbon.svg
Groussoffizéier Grand officier 250 321 Legion Honneur GO ribbon.svg
Grousskräiz Grand-croix 75 61 Legion Honneur GC ribbon.svg
Groussmeeschter Grand maître 1 1

[änneren] Persounen, déi ausgezeechent goufen

Éischt Verdeelung vum Uerden de 15 Juli 1804 an der église des Invalides.
Bild vum Jean-Baptiste Debret, 1812. Musée national du château de Versailles

[änneren] Fransousen

Abbé Pierre - Jacques Anquetil - Hélène Boucher - Jean Bringer - Albert Deriot - Blaise Illig - Charles Messier - Aimé Ramond - Paul Matthieu Hermann Laurent - Jules Liégeois - Tino Rossi - Marcel Marceau - Maurice Koechlin - Gaston Carré - François de Curel

[änneren] Belsch

André Grétry - Félicien Rops

[änneren] Däitscher

Hubert Rohde

[änneren] Italiener

Umberto Eco

[änneren] Lëtzebuerger

François Altwies - Anne Beffort - Nicolas Cito - Arthur Didderich - Joseph Hansen - Jules Hoffmann - Emile Krieps - Astrid Lulling - Charles Marx - Joseph Weyland

[änneren] Schotten

Sean Connery

[änneren] US-Amerikaner

Audie Murphy

[änneren] Institutiounen, déi ausgezeechent goufen

[änneren] Stied a Gemengen a Frankräich

Abbeville - Albert (Somme) - Amiens - Argentan - Arras - Ascq - Audun-le-Roman - Badonviller - Bapaume - Bazeilles - Beauvais - Belfort - Béthune - Bitche - Boulogne-sur-Mer - Brest - Caen - Calais - Cambrai - Chalon-sur-Saône - Château-Thierry - Châteaudun - Dijon - Douai - Dunkerque - Étobon - Évreux - Falaise (Calvados) - Gerbéviller - Landrecies - Le Havre - Lens (Pas-de-Calais) - Lille - Longuyon - Longwy - Lorient - Lyon - Metz - Montdidier - Nancy - Nomeny - Noyon - Oradour-sur-Glane - Paris - Péronne (Somme) - Phalsbourg - Pont-à-Mousson - Rambervillers - Reims - Roanne - Rouen - Saint-Dié-des-Vosges - Saint-Dizier - Saint-Jean-de-Losne - Saint-Lô - Saint-Malo - Saint-Nazaire - Saint-Quentin - Soissons - Strasbourg - Thionville - Tournus - Valenciennes - Verdun

[änneren] Stied am Ausland

Stad Land Datum vun der Auszeechnung
Alger Flag of Algeria.svg Algerien 2004-08-1515. August 2004
Belgrad Flag of SFR Yugoslavia.svg Jugoslawien 1920-12-2828. Dezember 1920
Léck Flag of Belgium (civil).svg Belsch 1914-08-077. August 1914
Lëtzebuerg Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg 1957-06-1818. Juni 1957
Volgograd[4] Flag of Russia.svg Russland 1984-12-2020. Dezember 1984

[änneren] Schoulen

[änneren] Entreprisen

  • Déi franséisch Eisebunn, d'SNCF

[änneren] Organismen

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Referenzen

  1. Cf. de Kapitel Les premières remises d'insignes op der Säit Historique vun der grande chancellerie op http://www.legiondhonneur.fr
  2. D'Bezeechnung vum chevalier war bis 1808 légionnaire (Legionär)
  3. D'Bezeechnung vum commandeur war bis 1816 commandant (Kommandant)
  4. Volgograd ass den haitegen Numm vu Stalingrad.
Commons: Légion d'Honneur – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen