Yves Mersch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Yves Mersch 2012

Den Yves Mersch, gebuer den 1. Oktober 1949 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Banker, Jurist a Politolog. Um Europäesche Conseil vum 22. November 2012 gouf hien zum Member vum Directoire vun der Europäesscher Zentralbank(EZB) ernannt. Hien trëtt säin Amt de 15. Dezember 2012 un.[1]

Hie war am Finanzministère Directeur du Trésor a vun 1985 un, ë. a. Regierungscommissaire bei der Lëtzebuerger Bourse.

Zënter hirer Grënnung 1998 bis Enn 2012 war hie President vun der Banque centrale du Luxembourg.

Hie war och Member vum Rot vun der Europäescher Zentralbank, an huet Lëtzebuerg an enger Rei vun internationalen Organisatiounen vertrueden, ë. a. als Vizegouverneur fir Lëtzebuerg beim Fonds monétaire international.

Seng Ernennung zum Directiounsmember vun der EZB war mat vill Krämpes verbonnen, well d'Europäescht Parlament, dat zu der Kandidatur gehéiert gouf, majoritär der Meenung war, et wier besser, eng Fra kréich dee Posten. D'Staats- a Regierungscheffen hu sech dann awer fir de Mersch entscheet.[2]

Inhaltsverzeechnes

Publicatiounen a Konferenzen vum Yves Mersch [änneren]

  • The reform of the Governing Council of the ECB, Panel statement by Mr Yves Mersch, President of the Central Bank of Luxembourg and Member of the Governing Council of the ECB, at the Central Bankers' Panel, European Banking & Financial Forum, Prague, 25 März 2003
  • Monetary Policy and Time Inconsistency in an Uncertain Environment, 2006
  • Monetary Policy in the Eurozone, 2006
  • Introduction by Yves Mersch to the speech by Václav Klaus, President of the Czech Republic, 2006
  • Recent financial market developments
  • The eurozone, the US, and global markets
  • AMCHAM/ Principles versus rules
  • Im Fokus der Europäischen Zentralbank - Die Monetäre Analyse im Euroraum : Aktuelle Herausforderungen und Ausblick

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. "Yves Mersch nommé membre du directoire de la BCE". gouvernement.lu, 22-11-2012.
  2. "Mersch rückt ins EZB-Direktorium auf." wallstreetjournal.de, 23. November 2012, 03:51 Uhr.