Bourse vu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Bourse vu Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Bourse (Homonymie). |
| Dësen Economiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Bourse vu Lëtzebuerg ass duerch e Gesetz vum 30. Dezember 1927 an e groussherzoglechen Arrêté vum 22. Mäerz 1928 geschafe ginn. Déi éischt Bourse-Sessioun huet de 6. Mee 1929 stattfond.
D'Lëtzebuerger Bourse ass spezialiséiert an der Cote vun Obligatiounen an Investmentfongen (OPC). 2005 waren 24.292 Emprunten op der Lëtzebuerger Bourse cotéiert. D'Hallschent dovu sinn an Euro ausgedréckt. Hiren Ëmsaz huet 2000 4.591,3 Milliounen Euro erreecht, mat engem Undeel vun 73% vun den Emprunten, déi an Euro libelléiert sinn. Et ginn och Aktie cotéiert (242 Positiounen am Joer 2004, dovun 44 Aktië vu Lëtzebuerger Gesellschaften).
D'Lëtzebuerger Bourse publizéiert een eegenen Index, de LuxX.
E puer Meilestäng [änneren]
- 30. Dezember 1927: Gesetz iwwer d'Creatioun vun der Bourse,
- 6. Mee 1929: Éischten Handelsdag,
- 21. Abrëll 1969: D'international Emprunten ginn an hirer Ursprungswährung cotéiert,
- 17. Mäerz 1981: D'Gold gëtt cotéiert,
- 1991: Aféierung vun engem computergesteierten Handel,
- 14. Februar 1997: Den éischten an Euro ausgedréckten Emprunt kënnt op de Kursziedel,
- 4. Januar 1999: de LuxX Index gëtt agefouert
- 2000: Konventioun iwwer d'Zesummenaarbecht mat der Bourse Euronext.
Presidente vum Verwaltungsrot [änneren]
- Aloyse Meyer
- Victor Buck
- Tony Neuman
- Paul Weber (1964-1976)
- Carlo Hemmer (1977-1988)
- Edmond Israel (1989-1996)
- Remy Kremer
- Jean Krier (2001-2003)
- Raymond Kirsch (2004-2011)
- Frank Wagener (zënter 2011)