Carlo Hemmer

Vu Wikipedia
Carlo Hemmer
Gebuer 26. Juni 1913
Kaiserslautern
Gestuerwen 11. November 1988
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ekonomist
Member vun Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal

De Carlo Hemmer, gebuer de 26. Juni 1913 zu Kaiserslautern, a gestuerwen den 11. November 1988 zu Ettelbréck, war e lëtzebuergeschen Ekonomist, Editeur an Auteur.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Carlo Hemmer goung zu Ettelbréck an d'Primärschoul, zu Dikrech an de Lycée an an der Stad Lëtzebuerg an d'Industrie- an Handelsschoul. 1932-1934 huet en op der Hautes études commerciales zu Paräis studéiert, a vun 1934-1936 op der Handelshochschule zu Leipzig, wou e säi Studium mat engem Doktorat ofgeschloss huet.

Carlo-Hemmer-Monument zu Ettelbréck[1]

Tëscht 1936 an 1940 huet hien als Attaché am Landwirtschaftsministère seng éischt berufflech Erfarunge gesammelt. Am Krich gouf hien 1941 fir d'éischt als Gérant vun engem Mëllechsyndikat op Ettelbréck versat, kuerz duerno awer nees entlooss, well en de politesche Virstellunge vun den Nazien net entsprach huet. Bis 1944 huet en zu München am juristeschen Déngscht vun enger Baufirma geschafft.

Vun 1944 bis 1958 war de Carlo Hemmer Generalsekretär vun der Lëtzebuerger Industrielle-Vereenegung FEDIL. Den 1. Januar 1954 koum déi éischt Nummer vun der Wochenzeitung D'Letzeburger Land eraus, déi vun him gegrënnt ginn ass.

1958 ass e fir e puer Joer op Bréissel gewiesselt, wou en an der Europäescher Kommissioun Direkter an der Verwaltung vun der Generaldirektioun Industrie gouf. Mä geschwënn duerno koum hien nees hannescht op Lëtzebuerg, wou en 1962 Direkter vun der Chambre de commerce als Nofollger vum Paul Weber gouf (hien ass dat bis zu senger Pensioun 1974 bliwwen), vun 1963 un President vum Office luxembourgeois pour l'acroissement de la productivité (OLAP) gouf (bis 1988), an och nach President vun de Lëtzebuerger Jugendherbergen gouf (1960 bis 1984).

Seng beandrockend Lëscht vun Ämter goung virun: 1970 bis 1986 war hie Member vum Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité, vun 1973 bis 1985 Member vum Verwaltungsrot vum CFL, 1976 bis 1988 President vum Conseil supérieur de l'aménagement du territoire, 1977 bis 1988 President vun der Lëtzebuerger Bourse an 1978 bis 1985 Member vum Verwaltungsrot vun der Banque générale du Luxembourg.

Do donieft war en nach tëscht 1978 an 1983 President vun der Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal.[2]

Hie war och Auteur vun enger ganzer Rëtsch Publikatiounen, déi sou ënnerschiddlech Theeme wéi Ekonomie, Demographie, Europapolitik, Wander- a Reesreportagen, Lännerbeschreiwungen, Noriff asw. ëmfaassen.

De Carlo Hemmer ass 1988 am Alter vu 75 Joer gestuerwen. Hie gouf um Ettelbrécker Kierfecht begruewen an op sengem Grafsteen steet: "CARLO / HEMMER / 1913 - 1988 / DAUSEND WEË BAS DE / GAANGEN, IWERALL / WARS DU DOHEEM... / EWELL HUES DU DEE / FRIDDE FOND, / DEEN NÉIRENS SOSS / ZE FANNEN ASS †††".

D'Gemeng Ettelbréck, wou hie gewunnt huet, huet him ee Gedenkstee gesat. Seng 1986 gegrënnte Fondatioun Lëtzebuerger Jugendherbergen ass dunn a Fondatioun Carlo Hemmer ëmbenannt ginn.

Bibliographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Hemmer, Carlo, 1948. L'économie du Grand-Duché de Luxembourg. Première Partie: Les conditions sociales. La production primaire. Éditions Beffort, Luxembourg.
  • Hemmer, Carlo, 1953. L'économie du Grand-Duché de Luxembourg. Deuxième Partie: La production secondaire: L'industrie sidérurgique. Éditions Beffort, Luxembourg.
  • Hemmer, Carlo, 1964. Wanderer am Athos, 90 S.
  • Hemmer, Carlo, 1966. Ultima Thule. Wanderungen im Lappland, 88 S.
  • Hemmer, Carlo, 1966. Türkischer Reisebericht, 92 S.
  • Hemmer, Carlo, 1974. Besinnlich-kritisches Luxemburger Wanderbuch (mit Photographien von Marcel Schroeder und Vignetten nach Lithographien, Stichen und zeichnungen aus romantischer Zeit). Dréckerei Bourg-Bourger, Lëtzebuerg, 224 S.
  • Hemmer, Carlo, 1981. Anekdotische Reise durch Luxemburg (mit Zeichnungen von Alphonse Deloos). Verlag der Luxemburger Jugendherbergszentrale, Luxemburg. Druckerei Joseph Beffort, Luxemburg, 146 S.
  • Hemmer, Carlo, & Marcel Schroeder, 1967. Images du Luxembourg. Bilder aus Luxemburg. Pictures from Luxembourg. 4e éd. Impr. Bourg-Bourger, Luxembourg, 103 S. [Vun dësem Buch gouf et 5 Oploe: 1960, 1963, 1965, 1967 an 1972.]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gillen, Roger, Lex Jacoby, Édouard Nicolay, Adrien Ries, Hugues Schaffner, Jeanny Zuang, [Carlo Hemmer], 1991. Carlo Hemmer: säi Liewe, säi Wierk. Sein Leben, sein Werk. Sa vie, son oeuvre. Impr. Saint-Paul, Luxembourg, 297 p.
  • Goetzinger, G. & C.D. Conter, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature Mersch, 687 S. [Carlo Hemmer: S. 252-253].[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Carlo-Hemmer-Monument steet virun der Marie-Thérèse-Plaz zu Ettelbréck, un där dem Carlo Hemmer säin Haus no hannen ugegrenzt huet, an op där hie reegelméisseg Sport gedriwwen huet, virun allem Basketball.
  2. www.igd-smp.lu (gelies den 23. Juli 2012)
  3. Kuck dozou: Rosch Krieps: Luxemburgs vergessene Autoren (2). Lëtzebuerger Journal 2010, Nr. 7 (12. Januar), S. 23.[1]