Dikrech
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Diekirch de: Diekirch |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Dikrech | ||||||
| Kanton: | Dikrech | ||||||
| Gemeng: | Dikrech | ||||||
| Buergermeeschter: | Claude Haagen (LSAP) | ||||||
| Awunner Gemeng: | 6.252 (2003) |
||||||
| Fläch Gemeng: | 1.241,9905 [1] ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 52' 05" N 06° 09' 24" O |
||||||
|
D'Gemeng Dikrech (orange) am Kanton Dikrech (rout) |
|||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Dikrech ass eng vun den 12 lëtzebuergesche Stied an déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng Dikrech.
D'Stad ass den Haaptuert vum Kanton Dikrech, wéi och vu sengem Distrikt. Dikrech bilt, zesumme mat de Gemenge Bettenduerf, Ettelbréck, Ierpeldeng, Schieren a Kolmer-Bierg den Zentrum vun der Nordstad. Déi Regioun gëllt, nom IVL, nieft der Stad an Esch-Uelzecht, als drëtten Entwécklungspol vum Grand-Duché.
D'Symbol vun Dikrech ass den Iesel. Zu sengen Éiere steet den Ieselsbuer, entworf vum Bonifatius Stirnberg, an der Groussgaass.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dikrecher Iesel ![]()
Inhaltsverzeechnes |
Den Numm [änneren]
Den Numm Dikrech, Diecirke, gouf fir d'éischt am Joer 1182 an engem Dokument ernimmt.
Geschicht [änneren]
Schonn zur Réimerzäit gouf et op der Plaz vun der haiteger Alstad e grousse landwirtschaftlechen Haff. Do virdrun huet de Kiem Tongeren-Tréier iwwer d'Sauer gefouert.
Hiren Numm huet d'Stad dem Vaterländliches Lesebuch für die luxemburger Volkschule 1885 no aus der Zäit vum Karel dem Groussen. Hien huet um Enn vum 8. Joerhonnert Sachsen an d'Géigend vun Dikrech ëmsidele gelooss, fir s'ënnert seng Kontroll ze bréngen. Fir déi heednesch Sachsen zum Chrëschtentum ze bekéieren huet hien dunn zu Dikrech eng Kierch baue gelooss. Duerch den Numm déi d'Sachsen der Kierch ginn hunn (Diet-Kirch - "Vollekskierch") ass am Laf vun der Zäit den Numm Dikrech entstanen.
Am Mëttelalter hunn d'Dikrecher sech mat Festungsmauere geschützt, mat 8 Tierm a 4 Paarten, virun deenen e Waassergruef war.
Dikrech ass och bekannt duerch säi fréieren Hippodrom, op deem 1895 déi éischt Päerdscourse zu Lëtzebuerg geridde gouf. D'Päerdscourssen, déi do bis zum Zweete Weltkrich, an nach eng Kéier duerno, geridde goufen, waren ëmmer staark besicht.
Déi schwéierst Zäit hat Dikrech, wéi déi meescht Éisleker Gemengen, am Zweete Weltkrich. Zemols am Dezember 1944, wou de ganze Sauerdall d'Südflank vun der Ardennenoffensiv war, gouf et zu Dikrech schwéier Gefechter, bei deenen den Zentrum vun der Stad bal ganz zerstéiert gouf.
Zënter 1955 ass zu Dikrech, um Härebierg, an der eenzeger Millitärkasär vum Land, d'Lëtzebuerger Arméi stationéiert.
Kuckeswäertes [änneren]
De gréisste Musée zu Dikrech ass den Nationale Militärgeschichtsmusée, den National Museum of Military History. Nieft dem wichtegsten Deel, senger Sammlung aus der Ardennenoffensiv, behandelt d'Ausstellung och Theme wéi d'Gefaangeschaft vun de Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierten oder d'Grënnung vun der Lëtzebuerger Arméi an hir Aufgaben nom Krich.
- Weider Muséeë sinn de Conservatoire national de véhicules historiques an der fréierer Kutschefabréck Jean Wagner.
- De Beiemusée.
- E Réimermosaik aus dem 3. Joerhonnert ass nieft der St. Laurenz Kierch am Musée d'histoire(s) Diekirch ausgestallt. Vum Musée aus kann een d'Krypta vun där Kierch gesinn. De Musée ass de 17. September 2011 opgaang.
- Am Staddeel Al Dikrech steet déi fréier Parkierch St. Laurenz Kierch aus dem 6. Joerhonnert an där regelméisseg Concerte sinn. Déi nei St. Laurenz Dekanatskierch ass aus dem 19. Joerhonnert.
- Den Ieselsbur an der Groussgaass.
- D'Dikrecher Brauerei kann een iwwregens och kucke goen. Visite-guidéeë mussen ugefrot sinn. Et gouf ufanks vum Joer 2010 ugekënnigt, datt d'Brauerei, déi zum internationale Konzern Anheuser-Busch InBev gehéiert, eventuell am Laf vum Joer hir Diere géif zoumaachen.
- Dat eelst Monument zu Dikrech as den "Däiwelselter". De 7 Meter héije Steebou ass awer keen Altor, mä et soll sech ëm e Graf handelen, dat vun 2000 v. Chr. stame soll, dat 1892 zu engem Steebou zesummegesat ginn ass.
[änneren]
- Dikrech huet 3 Lycéeën:
- de Lycée classique de Diekirch (LCD), mat zwee Gebaier: dem ale Gebai an der Avenue de la Gare, an dem neie Gebai an der Rue J. Merten;
- de Lycée technique hôtelier Alexis Heck (LTHAH, Hotelsschoul);
- den Nordstad-Lycée (NoSL).
- Dikrech war 1977 déi éischt Lëtzebuerger Stad mat enger Foussgängerzon.
Manifestatiounen [änneren]
Zu Dikrech gëtt et e puer grouss Manifestatiounen déi am ganze Land a souguer iwwert d'Grenzen eraus bekannt sinn:
Bekannt Dikrecher [änneren]
- Joseph Bech (1887-1975), fréiere Staatsminister vu Lëtzebuerg an ee vun de Grënnerpappe vun der Europäescher Union.
- Yves Clausse (* 1969), Schwëmmer, huet bei den Olympesche Spiller vu Seoul (1988) a vu Barcelona (1992) deelgeholl.
- Frank Engel (* 10. Mee 1975), Politiker (CSV), Deputéierten am Europäesche Parlament.
- Paul Eyschen (1841-1915), fréiere Staatsminister vu Lëtzebuerg.
- Alexis Heck (1830-1908), Grënner vum Lëtzebuerger Tourismuswiesen, no deem den LTHAH genannt gouf.
- Jos Kinzé (1918-2003), Organist a Komponist, Citoyen méritant vun Dikrech.
- Michel Lentz (1820-1893), Lëtzebuerger Dichter a Verfaasser vun der Heemecht.
- Mathias Mongenast (1843-1926), fréiere Staatsminister vu Lëtzebuerg.
- Claude Turmes (* 26. November 1960), Politiker (Déi Gréng), Deputéierten am Europäesche Parlament.
- Lucien Weiler (* 3. August 1951), Politiker (CSV).
- Pascal Zeihen (* 18. Mäerz 1972), Mathematiker a Fuerscher.
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Dikrech
- Ficellesbréck zu Dikrech
- Gare Dikrech
- Dikrecher Wéngerten
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Dikrech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Biller [änneren]
-
Dikrech op enger Foto vum Charles Bernhoeft, 1891
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi se an dësem Artikel stinn enspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.