Arel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Arlon
lb: Arel
CommunesBelgique-Arlon.svg
Land Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Flag of Wallonia.svg Franséisch Communautéit
Provënz Flag of the Province of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Arrondissement Arel
Telefonszon 063
Postcode 6700
Koordinaten 49° 40' 59" N
05° 48' 49" O
Fläch  11.929 ha
Bevëlkerung  26.929 (1. Januar2008)
Lag vun der Gemeng (rout) an der Provënz Lëtzebuerg (hellgro) am Arrondissement Arel (donkelgro)
Lag vun der Gemeng (rout)
an der Provënz Lëtzebuerg (hellgro)
am Arrondissement Arel (donkelgro)
Vue op Arel. Zeechnung vum Nicolas Liez.

Arel (Arlon op Franséisch; Årlon op Wallounesch) ass eng Stad am Süd-Oste vun der Belsch. Si ass de Chef-lieu vun der Provënz Lëtzebuerg, huet 25.818 Awunner (2004) a läit, op 404 m, un den Uwänner vun der Semois, déi hei entspréngt.

Duerch Arel leeft d'Nationalstrooss N4 déi bis op Baaschtnech zu der Voie de la Liberté gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Arel ass mat Tongeren an Tournai eng vun deenen eelste Stied an der Belsch. Si gouf ëm 52 v. Chr. als "Orolarum" gegrënnt, an huet sech schëtzeg entwéckelt, well se gënschteg op der Kräizung vun zwou Réimerstroossen louch, där vu Reims op Tréier an där vun Tongeren op Metz. Am Musée du Luxembourg zeien déi sëllechen archeologesch Fondsaachen aus der Réimerzäit nach haut dovun.

Am 10. Joerhonnert war Arel mat sengem Ëmland eng Grofschaft, duerno eng Maarkgrofschaft. Am spéide Mëttelalter gouf dës Grofschaft a Personalunioun mat Limburg regéiert; zanter 1214 huet se zu Lëtzebuerg gehéiert.

Wéi Lëtzebuerg 1839 tëscht der Belsch an dem hollännesche Kinnek gedeelt gouf, sollt dat am Fong laanscht d'Sproochgrenz geschéien. Arel ass awer, obwuel do Lëtzebuergesch geschwat gouf (an zum Deel nach gëtt), der Belsch zougerechent ginn, well éischtens soss keng Stad do gewiescht wier, déi grouss genuch war, fir Chef-lieu vun der Provënz Lëtzebuerg kéinten ze sinn, an zweetens d'Strooss vu Lonkech erop op Baaschtnech (déi haiteg Nationale 4) strategesch sou wichteg war, datt d'Belsch se net wollten hierginn.

Arel am Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Sou wéi vill Uertschaften an der Géigend hat Arel och ënner der däitscher Besatzung ze leiden.

Nodeem zu Arel eng Bomm an d'Vitrin vum engem Collaborateur (Geschäft Ambroise) geworf gi war, goufen an der Nuecht vum 24. op de 25. August 40 Geisele vun Arel an aus der Ëmgéigend festgeholl, dorënner den Dokter Jean Hollenfeltz en de Procureur André Lucion déi direkt erschoss goufen. Déi aner goufen a Konzentratiounslagere verschleeft, wou déi meescht ëmkoumen. Dozou huet och de Paschtouer vun Éibeng, den Adolphe Alzinger, ee vun de wéinegen Iwwerliewende gehéiert. Hien huet déi batter Zäit spéider an e puer Wierker beschriwwen ënner dem Pseudonym Josse Alzin.

Vun Arel selwer waren et 26 Mann: Raymond André, Fritz Barnich, Pierre Bestgen, Michel Bidaine, Léon Billot, Fernand Biot, René Biren, Henri Bosseler, Albert Burhin, Prosper Crochet, Edgard Defraene, Emile Dumont, René Feck, Auguste Felten, Paul Gathy, Joseph Hansel, Léon Jacquelart, Théophile Lambe, Aimé Lambin, Albert Laroche, Georges Lejeune, Joseph Ney, Joseph Origer, Emile Pesch, Achille Schockert a Lucien Sitinger.

Areler Knippchen[änneren | Quelltext änneren]

E lëtzebuergescht Vollekslid spillt Zu Arel op der Knippchen.

Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

Arel ass jumeléiert mat:

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arel – Biller, Videoen oder Audiodateien