Habay

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Habay
Blason commune de Habay (Belgique).svg
Land Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Flag of the Province of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Arrondissement Virton
Telefonszon 063
Postcode 6720
Koordinaten 49° 43' 00" N
05° 39' 00" O
Fläch  10 364 ha
Bevëlkerung  8 026 (1. Jan. 2008)

Habay (lb.: Habech) ass eng Gemeng an der belscher Provënz Lëtzebuerg. De Chef-lieu ass Habay-la-Neuve.

Inhaltsverzeechnes

Sektiounen [änneren]

D'Gemeng Habay ass bei der belscher Gemengereform vun 1977, duerch Fusioun vun de fréiere Gemengen Anlier, Habay-la-Neuve, Habay-la-Vieille, Hachy (lb:Häerzeg), Houdemont a Rulles enstanen. Déi fréier Gemenge bilden déi haiteg Sektiounen.

Aner Uertschaften an der Gemeng sinn: Harinsart, Orsinfaing, a Marbehan.

Geschicht [änneren]

Habay gouf fir fir d'éischt 1267 ënner dem Numm Habbaye ernimmt. Den actuellen Territoire vun der Gemeng huet zur Herrschaft Bologne gehéiert. Vum Sëtz vun den Häre vu Bologne ass näischt méi erhalen, just de Bësch Bois de Bologne am Norweste vun Habich erënnert nach dorunner.

De Wopen [änneren]

Lag vun der Gemeng Habay

Als Wope féiert d'Gemeng dee vun der fréierer Gemeng Habay-la-Neuve.

Beschreiwung am Originaltext: D'or à un chêne terrassé au naturel, englanté d'or, adextré d'un demi sanglier de sable, mouvant du fût. L'écu sommé d'une couronne à cinq fleurons et supporté par deux lions d'or, armés et lampassés de gueules.

Iwwer de Wope gouf de 15. Mäerz 1958 am Gemengerot ofgestëmmt. Den Arrêté royal ass vum 24. Mee 1960, an d'Publikatioun war de 6. Februar 1962 am Moniteur belge.

De Wopen enstprécht deem vun der Famill De Bost-Moulin, Maarkgrofe vum Pont-d'Oye déi tëscht 1742 a 1786 Hären zu Habich waren, an deenen och e puer Schmelzen an der Géigend gehéiert hunn. De Bam an d'Wëllschwäi stellen déi grouss Bëscher an der Géigend duer, déi besonnesch duerch den Habichter-Wald mat senger Hirschbrunft bekannt sinn.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Habay – Biller, Videoen oder Audiodateien

Offiziell Websäit vun der Gemeng

D'Schlass vum Pont d'Oye.
Habay am Fréijoer