Durbuy

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Durbuy
center}}}
Land Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Flag of Wallonia.svg Franséisch Communautéit
Provënz Flag of the Province of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Arrondissement Virton
Telefonszon 086
Postcode 6940
Koordinaten Gnome-globe.svg50° 21’ 10’’ N
     05° 27’ 23’’ O
Fläch  15.661 ha
Bevëlkerung  10.780 (1. Jan. 2008)
Lag vun der Gemeng (rout) an der Provënz Lëtzebuerg (hellgro) am Arrondissement Marche-en-Famenne (donkelgro)
Lag vun der Gemeng (rout)
an der Provënz Lëtzebuerg (hellgro)
am Arrondissement Marche-en-Famenne (donkelgro)

Durbuy ass eng Stad a Gemeng an der belscher Provënz Lëtzebuerg, déi sech aus der Fusioun am Joer 1977 vu folgenden 12 Gemengen zesummesetzt: Barvaux-sur-Ourthe, Bende, Bomal, Borlon, Durbuy, Grandhan, Heyd, Izier, Septon, Tohogne, Villers-Sainte-Gertrude, Wéris.

Zesummenhank mat Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Den Heinrich IV., Grof vu Lëtzebuerg an Namouer huet ëm 1150 d'Grofschaft Durbuy gierft, déi awer eréischt méi spéit, ënner dem Heinrich VII., definitiv u Lëtzebuerg gefall ass. 1331 huet Durbuy vum Jang de Blannen de Fräiheetsbréif kritt an huet zu de 15 Stied gehéiert déi an den ale lëtzebuergesche Stänn vertruede waren.

Zu Bouneweg erënnert eng Plaz (place de Durbuy) un dësen Deel vun der lëtzebuergescher Geschicht.

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

Durbuy ass jumeléiert mat:

Hanyu Flag of Japan.svg Japan
Nieuwpoort Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Östhammar Flag of Sweden.svg Schweden

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Durbuy – Biller, Videoen oder Audiodateien
Schlass vun de Grofe vun Ursel