Franséisch Communautéit vun der Belsch
| Dëse Geographiesartikel iwwer d' Belsch ass eréischt eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Déi Franséisch Communautéit vun der Belsch ass mat ronn 4,3 Milliounen Leit déi zweetgréisste vun den dräi Communautéiten an der Belsch. Neierdéngs nennt si sech selwer Fédération Wallonie-Bruxelles; dësen Term ass awer net dee vun der Verfassung.
Zu hir gehéiere 4,3 Millioune Franséischsproocheger wourënner:
- 3,4 Milliounen (79.1%) déi an der Wallounescher Regioun wunnen (d.h. praktesch all Awunner vun do, ausser deene ronn 70.000 vun den däitschsproochege Gemengen, déi zu der däitschsproocheger Communautéit zielen) an déi frankophon Awunner vun de Facilitéitegemengen;
- geschaten 0,9 Millioun, déi an der Haaptstadregioun Bréissel wunnen (op 1,1 Millioun Awunner).
Wéi den Numm et seet, bezeechent dës Communautéit net en Territoire, mee eng Gemeinschaft vu Leit déi an de Regioune Wallounien oder Bréissel oder verschiddene Facilitéitegemenge wunnen. Déi belsch Verfassung huet implizit d'Kompetenze vun de Communautéiten un de Grenze vun de Regioune festgeluecht; d'Franséischsproocheg Communautéit huet deemno keng Kompetenz fir (déi geschaten 100.000-200.000) franséischsproocheg Awunner a Flandern (ofgesinn vun deene puer Facilitéitegemengen) - an ëmgedréint.
Deemno zielen eng 41% vun der belscher Gesamtbevëlkerung zu der Franséischsproocheger Communautéit.
D'Franséischsproocheg Communautéit huet e Parlament an eng Regierung, déi hire Sëtz zu Bréissel hunn. Si ass zoustänneg fir Kultur, Educatioun, Sport, Jugend a Gesondheet fir déi Frankophon an deenen uewe beschriwwenen Territoiren.
[änneren] Um Spaweck
Communautéiten: Däitschsproocheg Communautéit · Flämesch Communautéit · Franséisch Communautéit
Regiounen
Flämesch Regioun: Antwerpen · Flämesche Brabant · Limburg · Ostflandern · Westflandern
Wallounesch Regioun : Hainaut · Léck · Lëtzebuerg · Namouer · Wallounesche Brabant
Regioun Bréissel-Haaptstad
| Commons: Franséisch Communautéit vun der Belsch – Biller, Videoen oder Audiodateien |