Martelange

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Martelange
lb: Maartel
D'Kierch
D'Kierch
Land Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Flag of Wallonia.svg Franséisch Communautéit
Provënz Flag of the Province of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Arrondissement Arel
Telefonszon 063
Postcode 6630
Koordinaten Gnome-globe.svg49° 49’ 51.35’’ N
     05° 44’ 16.24’’ O
Fläch  2.967 ha
Bevëlkerung  1.566 (2008)
Lag vun der Gemeng an der Provënz Lëtzebuerg
Lag vun der Gemeng an der Provënz Lëtzebuerg

Martelange (Däitsch: Martelingen; Wallounesch: Måtlindje; Lëtzebuergesch: Maartel) ass eng Gemeng an Uertschaft an der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Maartel läit un der Sauer, direkt op der Grenz mat Lëtzebuerg.

Op annerhallwem Kilometer mécht d'N4, déi vu Bréissel op Arel geet, d'Grenz mat Lëtzebuerg. Dat huet mat sech bruecht, datt op der ganzer Längt, op der Lëtzebuerger Säit, eng Bensinsstatioun un där aner ass.

D'Nationale 4 gehéiert tëscht der Grenz um Rosenberg a Baaschtnech zu der Voie de la Liberté.

D'Camionsexplosioun 1967[änneren | Quelltext änneren]

Den 21. August 1967, op Kiermesméinden, hat e franséische Camion, deen aus Richtung Baaschtnech koum an dee 40.000 Liter Flësseggas (Propylen) gelueden hat, Mëttes um zéng op zwielef, wéi d'Leit aus der Kierch komm sinn, d'Kéier matten an der Uertschaft verpasst, ass an d'Mauer vun der Sauerbréck gerannt an doropshin explodéiert. 22 Doudesaffer waren ze bekloen an eng Rëtsch Haiser si komplett verbrannt.

Monumenter an Natur[änneren | Quelltext änneren]

Zu Maartel stinn ënner Naturschutz bzw. ënner Monumentschutz (an der Belsch Biens classés):

  • Zu Maartel selwer:
    • de Wäschbur an der Groussstrooss (klasséiert den 20/10/1980)
    • d'Louheck op der Gewan in der Wolsch (klasséiert den 21/06/1977)
  • Zu Gréimel
    • D'Kapell vum Hl. Jousef (klasséiert den 09/12/1991).

Krichsmonumenter[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Martelange – Biller, Videoen oder Audiodateien
En zweesproochegt Stroosseschëld