Gouvy
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Communautéit | Franséisch Communautéit | ||||
| Provënz | |||||
| Arrondissement | Baaschtnech | ||||
| Telefonszon | 080 | ||||
| Postcode | 6670 | ||||
| Koordinaten | 50° 11' 00" N 05° 56' 00" O |
||||
| Fläch | 16 511 ha | ||||
| Bevëlkerung | 4 826 (1. Jan. 2008) | ||||
Gouvy (lëtzebuergesch Gäilech, däitsch Geilich) ass eng Uertschaft a Gemeng an der belscher Provënz Lëtzebuerg.
D'Gemeng Gouvy ass bei der belscher Gemengereform vun 1977 duerch Fusioun vun de fréiere Gemengen Beho, Bovigny, Cherain, Limerlé a Montleban entstanen. Virdru war Gouvy eng Uertschaft an der fréierer Gemeng Limerlé. D'Gemengenhaus vun der neier Gemeng steet zu Bovigny.
Gouvy ass international bekannt fir säi Gouvy Jazz & Blues Festival, deen zënter 1979 den éischte Weekend am August um Site vum Jazz Club op der Ferme Madelonne zu Sterpigny bei Gouvy organiséiert gëtt.
Gouvy huet en Schnellzuchhalt un der Verbindung Lëtzebuerg-Léck an ass een vun den Terminus vum InterCity O.
Sektiounen an der Gemeng [änneren]
All Sektioun besteet aus méi Uertschaften:
- Limerlé: Cherapont, Gouvy, Limerlé, Steinbach
- Bovigny: Bovigny, Cierreux, Courtil, Halconreux, Honvelez, Rogery
- Beho: Beho, Deiffelt, Ourthe, Wathermal
- Cherain: Brisy, Cherain, Rettigny-Renglez, Sterpigny
- Montleban: Baclain, Halonru, Langlire, Lomré, Montleban
Wopen [änneren]
Beschreiwung am Originaltext:
Ecartelé aux 1 et 4 parti à dextre de gueules à un bélier passant d'argent ( qui est de Zaluski ), à senestre d'argent à trois fleurs de lis de sable au pied posé ( qui est de Rivière d'Arschot ) ; aux 2 et 3 d'argent à cinq fasces de gueules, au lion brochant d'or armé et lampassé de gueules ( qui est de Hayne ).
De Wope gouf duerch Decisioun vum Gemengerot de 15. Juli 1977 ugeholl an duerch en Arrêté vum 12. Februar 1980 autoriséiert, an am Moniteur Belge den 11. Juni 1980 publizéiert.
De Wope gläicht deem vun der fréierer Gemeng Cherain an deem d'Wope vun de fréieren Häre vun do iwwerdro goufen. Dat waren de Grof Jean vu Rivière deen och Här zu Houffalize war a vum Léonard-Bernard Baron vun Hayne.
Kuckeswäertes [änneren]
- D'Schlass vu Steinbach
- Op der Gewan no bei der lëtzebuergescher Grenz de Memorial Les 4 frères Leonard
50° 10’ 07’’ N 05° 57’ 47’’ O
Kuckt och [änneren]
- La traversée des pays et des âges, e belsch-lëtzebuergesche Wanderwee deen duerch Gouvy féiert
- Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy
- Eisebunnsstreck Libramont - St. Vith
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Gouvy – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Arel - Atert - Baaschtnech - Bertogne - Bertrix - Bouillon - Chiny - Daverdisse - Durbuy - Éibeng - Erezée - Étalle - Fauvillers - Florenville - Gouvy - Habay - Herbeumont - Hotton - Houffalize - La Roche-en-Ardenne - Léglise - Libin - Libramont-Chevigny - Manhay - Marche-en-Famenne - Maartel - Meix-devant-Virton - Miezeg - Musson - Nassogne - Neufchâteau - Paliseul - Rendeux - Rouvroy - Saint-Hubert - Saint-Léger - Sainte-Ode - Tellin - Tenneville - Tintigny - Vaux-sur-Sûre - Vielsalm - Virton - Wellin