InterRegio m

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Déi lëtzebuergesch 3003 virum IR 115 um Y zu Angleur
Den InterRegio m op der CFL-Linn 10 um Pk. 81,800. Den Zuch kënnt vun Ëlwen a fiert Richtung Klierf

Den InterRegio m ass en internationalen Zuch, deen op der Streck Liers - Léck - Gouvy - Lëtzebuerg am Zweestonnentakt fiert.

An der Woch kommen nach dräi Zich derbäi an zwar um véier Auer an um halwer sechs Mëttes an owes um eelef Auer.

Zënter dem 28. Mee 2000 ass de ganzen Trajet elektrifizéiert an d'Zich gi vun de lëtzebuergesche Lokomotive vun dem CFL aus der Serie 3000 oder vun de belsche baugläiche Lokomotive vun der SNCB aus der Serie 13 gezunn. D'Voiturë sinn aus de belsche Serien I10 an I6, sporadesch kommen och CFL Corailen an den Asaz.

Streckeverlaf [änneren]

Den InterRegio m fiert iwwer folgend Linnen:

An der Belsch:

Zu Lëtzebuerg:

Gare wou den Zuch hält [änneren]

Liers - Herstal - Gare Liège Palais - Gare Liège Jonfosse - Léck Guillemins - Angleur - Poulseur - Rivage- Stroumwiessel 3kV / 25kV - Aywaille - Coo - Trois Ponts - Vielsalm - Gouvy - Ëlwen - Klierf - Draufelt - Wëlwerwolz - Kautebaach - Ettelbréck - Miersch - Lëtzebuerg

Numerotatioun vun den Zich [änneren]

Liers-Lëtzebuerg : IR 111 bis 125 (ongerued),
Lëtzebuerg-Liers : IR 108 bis 122 (gerued).