Gare Liège-Guillemins

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
2013

Liège-Guillemins ass d'Haaptgare vu Léck an der Belsch.

D'Gare läit am Quartier Guillemins um Fouss vun der Kopp op där de Quartier Cointe ass. Et ass déi zweetgréisst Gare a Wallounien mat engem Trafic vun ongeféier 36.000 Passagéier den Dag. Et ass eng TGV-Gare fir internationalen Zuchverkéier. Hei lafen ënner anerem den ICE eran an den Thalys.

Et ass eng vun den eelste Garen aus der Belsch an ass am Gaang, komplett ëmgebaut ze gi fir déi nei LGV-Linn Bréissel-Oochen kënnen ze bedéngen. Et gëtt dofir eng nei Gare nieft der aller opgeriicht mat enger komplett neier Infrastruktur mat neie Parkingen asw. D'Autobunnsopfaart fir déi nei Gare besteet schonn zanter 2002. D'Pläng fir déi nei Gare si vum Architekt Santiago Calatrava Valls deen och d'Pläng fir d'Bréck gemaach huet déi an den neie Parking geet, a vun de Lécker dowéinst Calatravas-Bréck genannt gëtt. Si féiert vun der rue de l'Observatoire an de Parking. Déi nei Gare sollt sou wéi déi nei Linn Enn 2007 fäerdeg ginn. Den Délai gouf spéider op Enn 2008 verluecht, an duerno op Joer 2009.

Den 18. September 2009 gouf d'Gare ageweit.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gare Guillemins « Belle Epoque » vu 1905
D'Gare Guillemins « Belle Epoque » vu 1905

1838 knapps dräi Joer no där éischter Eisebunnsstreck um Kontinent, haten d'Belsch eng Eisebunnslinn vu Bréissel op Ans op den Héichte viru Léck gebaut. Wëll d'Steigung vu Léck op Ans eng zimlech géi war, sinn d'Zich op deem Deel mat Seeler eropgezu ginn. Déi ganz Installatioun fir dat ze maache war bekannt ënner dem Numm Plan incliné de la côte d'Ans. Haut gëtt et och nach eng Strooss déi deen Numm dréit. An et kann een nach Iwwerreschter vun där Installatioun gesinn.

1842 gouf dunn wéi op ville Plazen eng éischt hëlze Gare opgeriicht op der Plaz wou fréier ee Klouschter stoung dat dem Guillemiteruerde gehéiert huet, vun deem den Numm hierkënnt.

1843 gouf déi éischt belsch international Linn Léck-Oochen-Köln opgemaach.

Déi hëlze Gare war als Provisorium geduecht gewiescht well déi Lécker Gemengepäpp d'Gare gäre méi am Zentrum vun der Stad gehat hätten, zimlech no bei der Place St. Lambert an no beim Bëschofspalais.

De belsche Staat hat awer eng ganz aner Iddi an der Kopp an dofir ass op därselwechter Plaz 1863 eng komplett nei Gare gebaut gi mat engen grousse Glassgiewel. Dës Gare gëtt vun 1881-1882 ëmgebaut a 1905 fir d'Universalausstellung zu Léck nach eng Kéier vergréissert. Deemools si Gleiser bäigeluecht ginn an ënnerierdesch Passage gebaut ginn, fir op Quaien ze kommen. 1958 gouf dës schéi Gare ewechgerappt an et ass e neit modernt Gebai ouni vill Fassong opgeriicht ginn. Déi Gare ass am Laf vun 2009 ofgerappt ginn.

Déi nei TGVs-Gare[änneren | Quelltext änneren]

Duerch d'Decisioun, eng TGV's Linn vu Bréissel iwwer Léck bis op Oochen ze bauen, huet missen eng ganz nei Infrastruktur opgeriicht ginn an domat och eng nei Gare déi de Qualitéitsusprech vum TGV gerecht gëtt.

No engem internationale Concours krut de katalaneschen Architekt Santiago Calatrava Valls d'Missioun fir déi nei Gare ze bauen. Hien hat scho virdrun zu Zürich d'Gare vu Stadelhofen an zu Lyon Gare Lyon-Saint-Exupéry gebaut (fréier: Satolas).

Déi nei Gare kritt 9 nei Gleiser. D'Gleiser 1 an 2 gi reservéiert vir d'Departen an Däitschland an 3 a 4 fir d'Départen op Bréissel.

Fënnef nei 8 Meter breet Quaie ginn ugeluecht, 3 dovu mat enger Längt vu 450 m fir duebel Thalysreien opzehuelen an déi zwéin aner ginn 350 Meter laang.

Fir den Numm vun der neier Gare ass nach bis elo keng Decisioun getraff ginn.

Konstruktiounsphasen[änneren | Quelltext änneren]

Watfir Zich fueren do fort?[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Op der Linn 40[änneren | Quelltext änneren]

Tunnel vu Froidmont - Gare du Longdoz - Pont de Namur

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Offiziell Websäiten[änneren | Quelltext änneren]

Net offiziell Websäiten[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Liège-Guillemins – Biller, Videoen oder Audiodateien