Huy

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag of Huy.svg Huy
Thumb
Land Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Liege provence flag.svg Léck
Arrondissement Huy
Telefonszon 085
Postcode 4500
Koordinaten 50° 31' 07" N
05° 13' 58" O
Fläch  4.774 ha
Bevëlkerung  20.295 (2008)
Lag vun der Gemeng an der Provënz Léck
Lag vun der Gemeng an der Provënz Léck

Huy ass eng belsch Stad a Gemeng am Weste vun der Provënz Léck.

Inhaltsverzeechnes

Geographie [änneren]

Huy läit am Dall vun der Meuse op halwem Wee tëscht Léck an Namur, op enger Héicht vu ronn 75 Meter. Huy gëtt vun der Meuse an zwee gespléckt.

Um rietsen Uwänner läit d'Alstad, déi dominéiert gëtt vun der Festung, der Citadelle de Huy, déi op um ëstlechen Ausleefer vun der laangezunnener Kopp, dem Mont Picard läit.

Um lénksen Uwänner an engem grousse Meander dee praktesch en Hallefkrees mécht läit de Faubourg Statte.

Zu Huy lafen d' Mehaigne an den Houyoux an d'Meuse.

Aner Uertschaften an der Gemeng [änneren]

Geschicht [änneren]

Den Ansfrid, de leschte Grof vu Huy huet 985 seng Grofschaft dem Prënz-Bëschof Notger vu Léck vermaach.

Am Joer 1066 huet de Lécker Bëschof Theoduin vu Bayern e Fräiheetsbréif ginn. Dëse Fräiheetsbréif ass haut dat eelsten Dokument an deem Sënn, an Europa dat erhale blouf. Et war just eng Konditioun dermatter verbonnen, an déi war datt d' Hutois, also Leit vu Huy, sech missten un de Käschte vum Bau der Collégiale bedeelegen.

1235 kruten d'Awunner vu Huy dunn och nach d'Recht zwéi Buergermeeschteren, e Gemengerot an d'Vertrieder vun de Stänn ze wielen.

Huy war ëmmer e Sträitapel tëscht de Fransousen an dem Fürstebistum Léck. D'Stad gouf méi wéi eng Kéeir a Kricher verwéckelt, d'Festung huet dacks de Proprietaire gewiesselt, a gouf e puer mol ofgerappt an erëm opgeriicht.

Dat schlëmmst war awer wéi 1689 de Louis XIV. den Uerder ginn huet d' Stad nidderzebrennen. Aachthonnert Haiser an zwou Kierche si verbrannt ginn. D'Wéngerten an den Häng ronderëm goufen dobäi och zerstéiert, an domatter de Revenu vum Verkaf vun enger hallwer Millioun Litere Wäin am Joer.

Vu 1717 un hat Huy du seng Rou bis 1814 wou et ënner den Attacke vun den deemolegen Alliéierten ze leiden hat, an 100 Joer méi spéit wéi et vun der däitscher Arméi iwwerfall gouf.

Jumelagen [änneren]

Huy ass jumeléiert mat:

Sport [änneren]

Zënter 1983 ass d'Arrivée vun der Flèche Wallonne zu Huy.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Huy – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Citadelle vu Huy vum Quai Batta aus gesinn. D'Foto gouf ënner dem Pont de Fer gemaach.