Soumagne

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Soumagne
Soumagne armoirie.jpg
Land Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Liege provence flag.svg Léck
Arrondissement Léck
Telefonszon 04
Postcode 4630
Koordinaten 50° 36' 44" N
05° 44' 47" O
Fläch  2.714 ha
Bevëlkerung  15.747 (01.01.2005)
Lag vu Soumagne an der Provënz Léck.
Schlass vu Wegimont

Soumagne, op Wallounesch Soûmagne, ass eng belsch Gemeng an der wallounescher Regioun, an der Provënz am Arrondissement Léck, am Pays de Herve.

Duerch Gemeng leeft d'Héichvitessestreck déi Léck mat Däitschland verbënnt, an zum gréissten Deel do duerch de 6,3 km laangen Tunnel vu Soumagne féiert, deem säin Ostportal um Territoire vun der Gemeng läit.

D'Uertschaft Soumagne déi der Gemeng den Numm ginn huet, besteet aus zwéin Deeler déi nëmme labber zesummenhänken, Soumagne-Haut um Plateau dat sech ëm déi al Gare vu Micheroux op der Linn 38 a laanscht Nationale 3 entwéckelt huet, a Soumagne-Bas neierdéngs op Soumagne-Vallée gedeeft am Dall vun der Magne.

Am haitegen Domaine Provincial de Wegimont haten d' SS e Lebensborn-Heem ageriicht.

Inhaltsverzeechnes

Uertschaften an der Gemeng [änneren]

Ayeneux, Cerexhe-Heuseux, Évegnée-Tignée, Mélen, Micheroux a Soumagne.

Geschichtleches [änneren]

Vum Enn vumm 19. Joerhonnert bis an 60er Joren war um Territitoire vun der Gemeng, duerch d'Exploitatioun vun de Kuelegrouwen eng grouss industriell Aktivitéit. Wéi d'Kuelegrouwen zougemaach hunn gouf en Aissainissement gemaach, an op den industrielle Plazen hu sech Geschäfter, nei Citéeën, a Fräizäitplazen installéiert.

Trotz der Industrie déi do installéiert war, huet d'Gemeng haut nach iwwer 60% landwirtschaftlech Fläch.

Verkéier [änneren]

Soumagne ass un d'Stroossenetz ugeschloss mat folgende Stroossen:

Kuckeswäertes an der Gemeng [änneren]

  • Den Domaine provincial de Wégimont.
  • D'Kierch Saint-Lambert mat dem Parc Eugène Ysaye zu Soumagne-Vallée.
  • D'Kierch Notre-Dame och Chapelle d'Évegnée genannt zu Évegnée
  • D'Kierch Saint Job zu Mélen
  • D'Kierch Saint-André zu Cerexhe
  • D'Muttergottesstatu Vierge du Magnificat zu Tignée
  • Den Domaine du Bas-Bois
  • D'Grenzmaark La Belle Pierre
Soumagne-Vallée vu Süde gesinn
Commons: Soumagne – Biller, Videoen oder Audiodateien