Hannut

Vu Wikipedia
Hannut
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Waremme
Awunner 16.435 (1. Januar 2018)
Fläch 8.653
Koordinaten 50° 41’ 00’’ N
      05° 15’ 00’’ O
Telefonszon 019
Postcode 4280
Websäit https://www.hannut.be/
Hannut, D'Kierch Saint-Christophe.

Hannut (Wallounesch: Hanut, Hollännesch: Hannuit) ass eng belsch Stad, a Wallounien, Provënz Léck, an der Hesbaye.

Hannut huet 13.936 Awunner (1. Juli 2004) an eng Fläch vu 86,49 km².

Den 12. Mee 1940 war do déi éischt Panzerschluecht tëscht de franséischen an däitschen Arméien.

Aner Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Abolens, Avernas-le-Bauduin, Avin, Bertrée, Blehen, Cras-Avernas, Crehen, Grand-Hallet, Lens-Saint-Remy, Merdorp, Moxhe, Petit-Hallet, Poucet, Thisnes, Trognée (nl.: Truielingen), Villers-le-Peuplier a Wansin.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Zu Hannut goufe Reschter aus der Virgeschicht fonnt. Zur Réimerzäit huet duerch Hannut en Diverticulum gefouert, deen haut ënner dem Numm Chemin de Liège bekannt ass. Vum 9. Joerhonnert un huet Hannuth wéi se deemools geheescht huet zur Grofschaft vu Moha gehéiert, bis et am 14. Joerhonnert an de Besëtz vun de Grofe vu Léiwen koum. Et war déizäit eng kleng Uertschaft do sech ëm e Schlass regruppéiert huet, dat am 12. Joerhonnert gebaut gouf, a vum Henri I., Herzog vu Brabant, befestegt gouf. 1222 krut den Äerzbëschof vu Köln Hannut geschenkt, koum awer gläich duerno erëm zeréck bei de Brabant, a gouf eng Bonne ville vum Herzogtum. Den Herzog gouf vun engem Vogt, zwéi Buergermeeschteren a siwe Schäffe vertrueden. Ënner dem franséische Regime gouf Hannut eng Gemeng am Departement Ourthe.

An den 1970er Joren huet Hannut zweemol mat anere Gemenge fusionéiert: Fir d'éischt de 17. Juli 1970 mat Abolens, Avernas-le-Baudouin, Bertrée, Blehen, Cras-Avernas, Crehen, Lens-Saint-Remy, Poucet a Villers-le-Peuplier. Bei der belscher Gemengereform vun 1977 koumen nach Avin, Grand-Hallet, Merdorp, Moxhe, Thisnes an Trognée dobäi.

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Beschreiwung:

De gueules à une enceinte hexagonale crénelée d'or, la porte ogivale ouverte, herse levée, renfermant un donjon carré crénelé du même, chargé d'un écusson écartelé aux 1 et 4 de sable au lion d'or armé et lampassé de gueules (Brabant), aux 2 et 3 d'argent au lion de gueules, armé, lampassé et couronné d'or, la queue fourchue et passée en sautoir (Limbourg).

De Wope vun der Stad baséiert um Wope deen d'Gemeng de 16. August 1844 accordéiert krut, sou wéi e schonn op engem Sigel vun 1360 duergestallt ass.

De Fändel[änneren | Quelltext änneren]

Thumb
Thumb

Beschreiwung:

Deux laizes transversales, vert et rouge, avec au centre la silhouette d'un donjon entouré de 18 étoiles à 5 rais disposées en hexagone, le tout jaune.

De Fändel huet déi traditionell Faarwe vun der Stad, mat an der Mëtt de Buergfrid aus dem Wopen. Vun de Stäre stellen der 12 d'Villes d'Europe duer an déi aner 6 op den Ecker, stellen d'Gemengen duer déi 1977 mat Hannut fusionéiert hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Websäit vun der Stad

Commons: Hannut – Biller, Videoen oder Audiodateien