Limbourg
Limbourg (dt. an nl.: Limburg; wa.: Limbork) ass eng Stad a Gemeng an der belscher Provënz Léck, a Wallounien.
Limbourg läit un der Vesdre, huet eng Fläch vun 24,63 km² a 5.610 Awunner (2005). Aner Uertschaften an der Gemeng sinn Dolhain, Bilstain, Goé an Hèvremont.
[änneren] Geschicht
D'Buerg Limburg war vun ongeféier 1020 un de Sëtz vun de Grofen, a méi spéit den Herzoge vu Limburg. Nom Doud vum leschten Herzog, 1280, a senger Duechter an Ierwin, 1283, koum et zu engem Sträit em d'Ierfschaft, dee bis zu der Schluecht vu Worringen eskaléiert ass. Dës Schluecht gouf vum Herzog vu Brabant gewonnen, deen zënterhier och den Titel "Herzog vu Limburg" dréit. D'Buerg selwer huet an de Joerhonnerten dono eng ëmmer manner wichteg Roll gespillt, an ass zerfall.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Herzogtum Limburg ![]()
An der Mëtt vum 15. Joerhonnert hat Limbourg ënner dem Inquisateur Jamolet en Etleches z'erdroen, deen ënner anerem eng ganz Famill hiriichte gelooss hat.[1]. Eng ronn honnert Joer méi spéit haten d'Limbourger dat awer scho vergiess, an eng Parti protestantesch Bierger hunn de Magistrate vu Limbourg hiert Uleies virbruecht fir hire Glawen dee se schonn 30-40 Joer am Geheime praktizéiert haten, fräi an ëffentlech kënnen ze praktizéieren. Dat Uleies huet der Gouvernante vun den Nidderlanden der Marguerite vu Parma net an de Krom gepasst, a si huet hire Gouverneur vun de Pays d'Outremeuse de Jean vun Ostfrisen ugestallt do Remedur ze maachen. Dee war awer an där Saach schlecht drun, well et huet em un Zaldote gefeelt, an esou haten déi protestantesch Limbourger gutt Zäit fir sech Pabeieren ze besuergen, déi zertifiéiert hunn, datt si Katholike wieren. Si hunn nach mat enger grousser Feier den neie reforméierte Paschtouer François du Jon empfaangen, éier se dunn e puer Deeg duerno Limbourg verlooss hunn.
Am 19. Joerhonnert hu sech an der Ënnerstad, laanscht d'Vesdre, Industrien installéiert, déi Woll verschafft hunn. 1887 huet de Kinnek Léopold II., d'Gileppetalspär, déi südëstlech vun der Stad läit, ageweit.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
- Limburg fir aner Bedeitunge vum Numm
[änneren] Um Spaweck
Amay - Amel - Ans - Anthisnes - Aubel - Awans - Aywaille - Baelen - Bassenge - Berloz - Beyne-Heusay - Blegny - Braives - Büllingen - Burdinne - Burg-Reuland - Bütgenbach - Chaudfontaine - Clavier - Comblain-au-Pont - Crisnée - Dalhem - Dison - Donceel - Engis - Esneux - Eupen - Faimes - Ferrières - Fexhe-le-Haut-Clocher - Flémalle - Fléron - Geer - Grâce-Hollogne - Hamoir - Hannut - Héron - Herstal - Herve - Huy - Jalhay - Juprelle - Kelmis - Léck - Lierneux - Limbourg - Lincent - Lontzen - Malmedy - Marchin - Modave - Nandrin - Neupré - Olne - Oreye - Ouffet - Oupeye - Pepinster - Plombières - Raeren - Remicourt - Saint-Georges-sur-Meuse - Saint-Nicolas - Sankt Väit - Seraing - Soumagne - Spa - Sprimont - Stavelot - Stoumont - Theux - Thimister-Clermont - Tinlot - Trois-Ponts - Trooz - Verlaine - Verviers - Villers-le-Bouillet - Visé - Waimes - Wanze - Waremme - Wasseiges - Welkenraedt
[änneren] Referenzen
- ↑ Revue trimestrielle (Weissenbruch) vun 1856, Artikel Le protestantisme dans les pays de Limbourg et d'Outre-Meuse, p.10-11
| Commons: Limbourg – Biller, Videoen oder Audiodateien |