Verviers

Vu Wikipedia
Verviers
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Awunner 55.198 (1. Januar 2018)
Fläch 3.307
Koordinaten 50° 35’ 22’’ N
      05° 51’ 41’’ O
Telefonszon 087
Postcode 4800
Websäit https://www.verviers.be/
Geriicht zu Verviers
Ortmans-Sprangbur zu Verviers realiséiert vum Clément Vivroux

Verviers (wa.: Vervî) ass eng Stad a Gemeng an der belscher Provënz Léck. D'Gemeng wéi se haut besteet ass bei de Gemengefusioune vun 1977 entstanen, bei deenen déi fréier Nopeschgemengen Ensival, Heusy, Lambermont, Petit-Rechain a Stembert mat Verviers fusionéiert hunn. 1930 war schonn Hodimont bei Verviers geprafft ginn.

Zu Verviers wunnen eppes iwwer 53.000 Awunner, déi "Verviétois" genannt ginn. D'Stad läit drësseg Kilometer vun der däitscher Grenz ewech, am Dall vun der Weser net wäit vum Barrage vun der Gileppe. Se ass den Haaptuert vum Arrondissement Verviers, deen 29 Gemenge begräift.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Rose des vents Herve Dison Rose des vents
Pepinster N Limbourg
W    Verviers    O
S
Theux Jalhay

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem 10. Joerhonnert huet Verviers zum Fürstentum Léck gehéiert. De Kinnek vu Frankräich Charel den Einfachen hat der Kierch vu Léck dësen Territoire iwwerlooss. Well d'Bëscheef vu Léck och d'Prënze vu Léck waren, koumen dës Territoirë bei de Fürstentum Léck dobäi. Verviers war en Deel vun de 5 bans de Franchimont dat heescht vun der Maarkgrofschaft Franchimont.

Bis an d'Mëtt vum 15. Joerhonnert war Verviers e klengt Bauerenascht, d'Haiser waren aus Holz gebaut, d'Lächer an d'Fouen tëscht den hëlzen Deeler ware mat enger Mëschung vu Stréi a Leem (fr:torchis, de:Kleiberlehm) gestoppt an d'Diech ware mat Stréi oder Lëtsche gedeckt.

Déi éischt Haiser stoungen op enger Plaz déi Sommeleville geheescht huet. Haut erënneren dodrun nach de Pont Sommeleville, d'Place Sommeleville, den Numm vun der Nationalstrooss N61 déi hei Percée de Sommeleville genannt gëtt.

Déizäit hat d'Textilindustrie sech nach net am Dall vun der Vesdre installéiert. D'Woll déi zu Verviers hiergestallt gouf, gouf zu Leiden, dat déizäit eng Textilmetropol war, veschafft. Vill Aarbechter vu Verviers sinn och op Leiden schaffe gaangen. Vu 1638 un huet déi Situatioun sech awer lues a lues geännert. Zu Verviers goufen dunn Dicher hiergestallt, déi mat Woll déi aus der Géigend vun Oochen a Maastricht koum, gewieft goufen, an haaptsächlech op Frankfurt a Stroossbuerg verkaaft goufen. Duech deen Ëmschwonk huet déi ekonomesch an demographesch Situatioun sou geännert, datt Verviers schliisslech 1651 zu der 23. Bonne Ville am Fürstentum Léck ernannt gouf. Am 18. Joerhonnert gouf et um Bord vun der Vesdre Dosende vun Textilfabrécken.

Wéinst dem Merkantalismus tëscht 1650 a 1665 huet Verviers de Marché mat Frankräich an de Vereenegte Provënze verluer. Déi grouss Clientèle koum dunn aus Däitschland soudatt ëm 1740 80% vum Export op de Foirë vu Frankfurt, Leipzig, Köln, a Stroossbuerg gemaach gouf, a vun do weider a Mëttel- an Osteuropa verdeelt gouf. Déi aner 20% goufen an de südlechen a méi spéit an den éisträicheschen Nidderlanden ofgesat.

Grousse Schued war zu Verviers den 18. September 1692 bei engem Äerdbiewen entstane bei deem d'Géigend vu Verviers am Epizentrum louch. Dat Äerdbiewe gëtt zu de Grousse Biewen a Westeuropa gezielt.

Et war an där Zäit vu grousser Prosperitéit, wéi 1781 d'Stadhaus vu Verviers gebaut gouf. D'Pläng ware vum Jacques-Barthélemy Renoz an et hat deemools 300.000 brabännesch Florine kascht.

Un déi grouss Textilbranche zu Verviers erënneren haut nach en ettlech Schlässer a grouss Villaen an der Stad. Um fréieren Douanes-Entrepôt op der Gare Verviers-Ouest dee komplett restauréiert gouf, ërënneren op den zwou Fassaden, d'Wope vun all de Stied déi Handel mat Verviers gemaach hunn, un déi grouss Zäit. Bei der Restauratioun goufen déi fréier Wopen mat enger moderner stiliséierter Fassong ersat.

Scho virum Zweete Weltkrich war Verviers eng vun de wéinege Stied déi eng Fernheizung hat, a wou de Gaz an d'Elektresch an den Trottoire louch. De Liwwerant vum waarmen Damp a vum Stroum war d'Firma Intervapeur, de spéider vun der Electrabel iwwerholl gouf.

Haut gëtt et zu Verviers nach just zwéi grouss Textilfabrikanten, dorënner déi weltbekannt Firma Iwan Simonis déi sech an der Fabrikatioun vu Filzer fir Billardsdëscher spezialiséiert huet, a bei där de William Cockerill säin éischt Engagement als Maschinnebauer hat.

Am Ufank vum 17. Joerhonnert hat Verviers d'Stadrechter gefrot a krut déi awer eréischt 1651 accordéiert.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Garen zu Verviers[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Leit[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Verviers – Biller, Videoen oder Audiodateien