Lontzen

Vu Wikipedia
Lontzen
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Awunner 5.695 (1. Januar 2018)
Fläch 2.873
Koordinaten 50° 40’ 49’’ N
      06° 00’ 26’’ O
Telefonszon 087
Postcode 4710
Websäit http://www.lontzen.be

Lontzen ass eng belsch Gemeng, déi zu der däitschsproocheger Communautéit an der Provënz Léck gehéiert.

Et ass eng vun de sougenannte Facilitéitsgemengen an der Provënz Léck.

Uertschaften an der Gemeng an Awunnerzuelen[änneren | Quelltext änneren]

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Déi héchst Plaz vun der Gemeng ass op der Südgrenz mat Eupen um Walhornerfeld a läit op 310 Meter. Déi déifst Plaz ass am Dall vum Lontzenerbach am Norde vun der Gemeng op der Grenz mat Hergenrath mat 207 Meter.

Am Nordosten ass nach eng niddreg Plaz op 209 Meter am Dall vun der Gueule déi do och op enger Längt vu ronn 720 Meter d'Grenz mat Hergenrath mécht. Soss verspreet sech Gemeng am grousse Ganzen op engem flaache Plateau op enger Héicht tëscht 240 an 250 Meter.

D'Landschaft ass staark vu landwirtschaftlechen Aktivitéite markéiert, besonnesch d'Mëllechproduktioun. Et gëtt op der ganzer Gemengefläch just am Osten eng Bëschfläch vu ronn 60 ha.

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Duerch d'Gemeng féieren d'Nationale 3, déi do Route Charlemagne heescht, d'Nationale 68, déi och en Deel vun der E 421 ass, an d'Nationale 67.

Um hallwe Wee tëscht Herbesthal an Eupen ass en Uschloss un d'Autoroute Roi Baudouin.

Obschonn e puer Eisebunnslinnen duerch d'Gemeng lafen, gëtt et keng Gare an der Gemeng. Dat war awer net ëmmer sou. Zu Herbesthal gouf et eng Marchandisen- a Rangéiergare déi deemools Grenzgare war an déi Zäit op däitschem Gebitt louch, ëstlech vun der Nationalstrooss 67, déi deemools d'Grenz gemaach huet, an tëscht Herbesthal a Welkenraedt den Numm Neutralstrasse (fr: Rue mitoyenne) huet. Haut ass d'Gare op déi aner Säit vun der Strooss geplënnert a läit domat um Territoire vu Welkenraedt. An der Rue de Limbourg zu Herbesthal konnt ee bis d'Joer 2000 nach Gleisanlagen an ee Maschinneschapp vun der aler Gare gesinn. De meescht Gleiser goufen awer erausgerappt. De Stroossentunnel an der Rue de Limbourg geet op der ganzer Breet ënner der fréierer Rangéiergare erduercht.

D'Eisebunnsstrecken um Territoire vu Lontzen sinn:

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

An der Uertschaft[änneren | Quelltext änneren]
  • D'Haupeschkierch vu 1770 steet ënner Denkmalschutz
  • D'Schlass vu Lontzen Großhaus vun 1853
  • De Bauerenhaff Heidhof vun Ufank 18. Joerhonnert
  • D'Helleg Anna-Kapell zu Lontzen-Busch vu 1696
  • Weißes Haus: E Baurenhaff vu 1792 haut e Restaurant
An der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]
  • Katherinenstift zu Astenet
  • Hammerbréck
  • Kalvariebierg zu Walhorn

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lontzen – Biller, Videoen oder Audiodateien