Hamoir

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Hamoir
Armoiries Hamoir.png
Land Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Flag of the Province of Liège.svg Léck
Arrondissement Huy
Telefonszon 04 / 086
Postcode 4180
Koordinaten 50° 25' 36" N
05° 31' 37" O
Fläch  2 780 ha
Bevëlkerung  3 620 (1. Jan. 2008)


Hamoir Schëld.jpg
D'Gemeng vun Hamoir

Hamoir, och nach Hamoir-sur-Ourthe genannt ass eng Uertschaft an der belscher Provënz Léck, an Haaptuert vun der Gemeng mat demselwechten Numm.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Hamoir läit am Dall vun der Ourthe op enger Héicht vu ronn 120 Meter. Do leeft och den Néblon an de Ruisseau de Renale an d'Ourthe.

Fir aus Hamoir eraus ze kommen huet en d'Wiel tëscht der Eisebunn, mat senger Gare op der Streck Léck-Jemelle, an tëscht den Nationalstroossen N 623, N 831, N 66 an N 654.

Wa genuch Waasser an der Baach ass kann e mam Kajak bis op Léck fueren.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Hamoir huet am 15. Joerhonnert zu der Meierei Hamoir-Xhignesse, déi ierflech war, gehéiert. Déi war e Fief deen de Prënz-Äbt vu Stavelot-Malmedy gehéiert huet. Am 15. Joerhonnert huet se der Herrschaft Ramelot gehéiert. De Jean vun Hodister war 1550 do Meier. Säi Meedchen hat sech mam Wauthier vu Maillen bestuet, a sou koum d'Meierei an déi Famill an huet den de Maillen bis 1751 gehéiert. Op engem Sigel vu 1612, ass deenen hire Wopen ze gesinn. 1751 huet de Claude-Walther vu Maillen d'Meierei dem François-Gaspard Donnea (1702-1768) verkaaft. Dee koum aus enger Famill déi Schmelzen hat an Eisenhandel bedriwwen huet. Den 13. September 1763 gouf de François-Gaspard zum Chevalier du Saint Empire Romain geadelt.[1]

No him koum se an de Besëtz vu sengem Bouf Hubert-Joseph (1731-1801) dee Chanoine vu Saint-Jean zu Léck war. E Sigel vu 1783 weist de Wope vun der Famill Donnea.

Hamoir krut 1925 [2] d'Autorisatioun fir de Wope vun deenen zwou leschten Herrschaften ze droen, an no der Gemengefusioun vun 1977, duerch en Arrêté vum 30. September 1977, publizéiert am Moniteur Belge den 31. Dezember 1977, gouf de Wope vun der neier Gemeng confirméiert. Dee Wopen ass zimlech komplizéiert a meeschtens gëtt nëmmen d'Schëld dovu gebraucht, sou wéi et hei am Artikel ze gesinn ass, a wat am Fong dem Fändel entsprécht. (D'argent au lion de sinople armé et lampassé de gueules.)

D'Gemeng, sou wéi se haut besteet ass, bei der belscher Gemengereform vun 1977 entstanen duerch Fusioun vun Hamoir mat de fréieren Nopeschgemengen Comblain-Fairon a Filot.

Déi nei Gemeng besteet deemno aus 3 Sektiounen mat folgenden Uertschaften a Lieu-diten:

  • Comblain-Fairon mat: Bloquay, Comblain-la-Tour, Comblinay, Cretalles, Delà-les-Monts, Fairon, Lawé, Moulinchamps a Sparmont.
  • Filot mat: Chienrue, Fi, Fond des Gottes, Inségottes, Marlières, Paradis, Rond de Pierreux, Sawire, Sur les Hés, Sur les Tailles, Vieux Moulin a Xhavée.
  • Hamoir mat: Entre-deux-Serres, Hagneuse-Pré, Lassus, Rennes, Sur Coisse, Sur Rinvau, Sur Tombeux, Tabreux, Wéroumont an Xhignesse.

Nopeschuertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Ellemelle Anthisnes Comblain-la Tour
Fairon
Ouffet Compass card (de).svg Filot
Grand-Houmard Sy My

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Zu Hamoir gebuer[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hamoir – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Lettre de Patente ausgestallt vum Grof François-Antoine de Zeyll, Baron de Waldburg
  2. DC 7.3.1924 - AR 23.3.1925. - MB 9-10.11.1925