Olne

Vu Wikipedia
Olne
An anere Sproochen wa: Ône
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Awunner 4.087 (1. Januar 2018)
Fläch 15,99 km²
Koordinaten 50°35'N, 5°45'O
Telefonszon 087
Postcode 4877
Websäit https://www.olne.be/

Olne, op Wallounesch Ône, ass eng belsch Gemeng an der wallounescher Regioun, an der Provënz Léck, an am Arrondissement Verviers.

D'Gemeng setzt sech aus 4 Uertschaften zesummen: Olne, Hansez, Saint-Hadelin a Gelivaux.

Olne dat op eng dausendjähreg Geschicht zeréckkucke kann, huet fréier zur Grofschaft Dalhem gehéiert. Vu 1794 un ass an der Tëschenzäit am Süden een Deel vu Vaux, am Norde Riessonsart, an déi kleng Seigneurerie vum Mont Saint-Hadelin, déi zum Fürstentum Stavelot-Malmedy gehéiert huet, derbäikomm.

Olne ass Member vun der Associatioun vun de schéinsten Dierfer a Wallounien.

D'Nopeschgemenge sinn:

Flëss a Baachen[änneren | Quelltext änneren]

Am Süde vun der Gemeng um Fouss vum Plateau de Herve mécht d'Vesdre d'Grenz mat der Gemeng Trooz. Duerch Gemeng lafen dräi riets Niwebaache vun der Vesdre:

  • De Ri de Vaux och nach Ry de Vaux geschriwwen, an de Ruisseau de la Hazienne, déi um Lieu-dit Tonvoie zesummelafen, fir da ronn 1 Kilometer méi déif an d'Vesdre ze lafen.
  • De Ri des Chenaux ass eng kleng Grenzbaach tëscht de Gemengen Olne an Trooz, a si leeft westlech vun der Steekoll vu Trooz, an d'Vesdre.
  • D'Magne déi vu Soumagne kënnt, an dann ee Stéck am Nordwesten duerch d'Gemeng leeft fir um Lieu-dit Prayon an d' Vesdre ze lafen.
  • De Ruisseau des Carrières och nach Gueule des Loups genannt mécht op engem Deel vu sengem Laf d'Grenz mat der Gemeng Trooz, fir duerno an d'Magne ze lafen.
  • Zwou weider Baachen am Nordweste vun der Gemeng sinn de Ri des Hés an de Ruisseau de Riessonsart.

Technesch Infrastrukturen[änneren | Quelltext änneren]

Um Territoire vun der Gemeng steet riets laanscht de Wee a Richtung Forêt, d'Station de Radioguidage OLNO.

Bemierkenswäert Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Kierch vu 1761
  • An der Rue des Combattants stinn d'Haiser N° 23 a 24, déi am Fong nëmmen ee grousst Gebai sinn, dat aus dem Enn vum 17. Joerhonnert staamt. Zanter 1843 Ass et vun der Famill Regnier bewunnt. D'Fass op der Stroossesäit ass aus rouden Zille gebaut, a ganz mat Wëllem Wäin bedeckt. Well un deem Haus ni eng grous Verännerung gemaach gouf kann ee sech e gudeen Androck vun den Dekoratioune maache, wéi se virun en ettlech honnert Joer gemaach goufen, an dat grad sou gutt vu bausse wéi vu bannen.
    Dat ganzt Gebai ass mat Zille gedeckt, an am Daach si vill véiereckeg Daachliichten. Am Pyramidendaach vum Tiermchen deen am 19. Joerhonnert bäigebaut gouf si ronn Liichten. Vis-à-vis vum Gebai goufe géint 1900 Päerdställ aus rouden Zille gebaut. Hautdesdaags si Garagen an deem Gebai.
  • Op N° 29 an der selwechter Strooss steet dat sougenannte Schlass. Et ass ee Gebai an L-Form mat engem Tuerm am Wénkel vum L. An der Mauer déi ronderëm déi ganz Propriétéit geet ass ee Portal aus dem 17. Joerhonnert vun deem een an ee grousse Gaart kënnt.
    D'hëlze Paart steet an engem gebaute Portal aus Kalleksteng, an d'Gebaier sinn am sougnannte Style rocaille gebaut, dat heescht eng Mëschung vun Zillen a Steng.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Olne – Biller, Videoen oder Audiodateien