Stavelot

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Belgium stub.svg Dëse Geographiesartikel iwwer d' Belsch ass eréischt eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Plaz Saint-Remacle.
D'Abtei
Lag vun der Gemeng an der Provënz Léck

Stavelot (wa.: Ståvleu) ass eng belsch Stad an der Gemeng Stavelot-Francorchamps an der Provënz Léck am Oste vum Land. Vu Stavelot aus sinn et 50 km bis op Léck an 150 km bis op Bréissel.

[änneren] Geschicht

Stavelot ass eng vun den eelste Stied an der Belsch. Si gouf am Joer 648 vum Hellege Remacle gegrënnt, deen op d'Ureegung vum Sigebert III. d'Evangelium an der Géigend verkënnegt huet.
D'Abteie vu Stavelot a Malmedy hunn eng kierchlech Regentschaft gebilt, déi dem Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun( lat.Sacrum Romanorum Imperium Nationis Germanicæ) ënnerstallt war. Den ieweschte Chef war de Prënz-Abt (Prince-Abbé), deen all Pouvoiren hat, politesch a reliéis. Déi Situatioun ass 1794, wärend der Franséischer Revolutioun zu Enn gaangen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fürstentum Stavelot-Malmedy Nuvola apps xmag.png

De Wiener Kongress huet Stavelot dat deemols, wéi de Rescht vun der Belsch zu Holland gehéiert huet, vu Malmedy getrennt, dat dunn zu Preisen geschloe gouf. Wéi d'Belsch 1830 onofhängeg gouf, ass d'Grenz déiselwecht bliwwen, a gouf 1839 um Terrain duerch Maarke gezeechent. D'Grenzmaarke vun deemols, déi meeschtens secheckeg, a ronn annerhalwe Meter héich sinn, an an déi op der belscher Säit e B an op der deemols preisescher Säit e P gemeesselt ass, sinn haut nach laanscht d'Uertschaften Francorchamps, Hockai a Ster ze gesinn. D'Grenz gouf do vun de Baachen Eau Rouge a Ru de Targnon gemaach.

[änneren] Geographie

D'Gemeng, déi am Häerz vun den héijen Ardennen läit, ass de Mëttelpunkt vun enger Landschaft, déi duerch d'Nieweflëss vun der Amblève (de: Amel) bewässert gëtt.

[änneren] Kuckeswäertes

[änneren] Berühmt Perséinlechkeete vu Stavelot

  • De Guillaume Apollinaire huet 1899 do mat sengem Brudder während enger Saison gelieft . Hien huet d'Géigend an engem Gedicht: Fagnes de Wallonie beschriwwen.

[änneren] Linken

[änneren] Um Spaweck

Stavelot vun der Rue du Château aus gesinn.


Commons: Stavelot – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen