Ardennen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
An der Mëtt vum Bild dat grenziwwerschreident Biergland vun den Ardennen an der Äifel, begrenzt duerch Meuse, Semois, Musel a Rhäin

D'Ardennen, keltesch Arduenna, fir Héichland, sinn een Deel vum Rheinische Schiefergebirge, dat Ausleefer iwwer d'Grenze vun Däitschland ewech huet.

D'Ardenne leien am Südweste vun deene Bierger, a se sinn en dissymetresche Biergmassiv deem seng Kräit gréisstendeels no Süde weist. Se zeie sech duerch de südlechen Deel vun der Belsch, den Norde vu Lëtzebuerg, an den Nordoste vu Frankräich.

Se schléissen am Oste mat dem Héije Venn un d'Äifel un.

No Westen zéie se sech dann duerch d'Provënz Léck mat dem Condroz an der Calestienne, d'Provënz Namouer an d' Provënz Hainaut mat der Fagne, an no Südwesten duerch d'Provënz Lëtzebuerg mat der Famenne, an duerch Lëtzebuerg mat dem Éislek.

D'Ausleefer no Weste sinn a Frankräich an den Departementer vun der Meuse an Ardennes. Do grenze si op hirem Fouss un d'Champagne.

An hirer Entwécklung hunn d'Ardennen dräi Phasen duerchgemaach. Am Äerdaltertum goufe se gediebelt, am Äerdmëttelalter goufe se ofgedroen, a ware vu verschiddene Miere bedeckt, an am Paläogen goufe se deelweis an d'Luucht gehuewen, wat déi déif Däller als Folleg hat.

Se hunn e raue Klima mat kale Wanteren, a vill Reen. Am Summer ass et dacks niwweleg. D'Biedem sinn aarm, an an der Landwirtschaft huet ëmmer misse gedüngt ginn. Den natierlechen Dünger wéi Mëscht a Piff hunn net vill do derbäi gehollef. Eréischt wéi um Enn vum 18. Joerhonnert de Phosphat als Düngemëttel erkannt gouf huet déi Situatioun sech verbessert. Grousse Liwwerant vun Dünger waren dunn d'Kallekgrouwe vu Ciply, an duerno d'Stolindustrie mam Thomasmiel.

Héchst Plaze vun den Ardennen[änneren | Quelltext änneren]

D'Meuse bei Laifour an de franséischen Ardennen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ardennes – Biller, Videoen oder Audiodateien