Musel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Musel
 
Statut {{{14}}}
Längt 544 km
Héicht vun der Quell
oder Zesummelaf
715 m
Duerchschnëttsdebit m³/s
Fläch vum Baseng Frankräich
Lëtzebuerg
Däitschland km²
Leeft an: Rhäin
Floss - Hydrologie
D'Quell vun der Musel
Wéngerte bei Schwéidsbengen 1991 nom Remembrement.

D'Musel ass ee Floss deen duerch Frankräich, laanscht Lëtzebuerg a laanscht an duerch Däitschland leeft.

[änneren] Kleng hydrographesch a geologesch Notiz

Virun e puer dausend Joer huet d'Musel zum Anzochsgebitt vun der Meuse gehéiert. D'Meurthe déi net wäit dervu gelaf ass, huet awer lues a lues un den Uwännere vun der Musel gefriess, bis déi zwéi Flëss zesummegelaf sinn.

Vun do unn ass d'Musel den Haaptfloss ginn, a si ass am Bett vun der Meurthe mat weidergelaf.

Haut gëtt et zu Pagny-sur-Meuse net wäit vun der Plaz, wou fréier d'Musel an d'Meuse gelaf ass, am ale Bett vun der Musel, eng grouss Supp déi e 77 ha grousst Naturschutzgebitt ëmfaasst.

An der franséischer Geologie gëtt dës Verännerung vum Laf vum Floss als Capture de la Moselle bezeechent.

[änneren] D' Musel haut

D'Musel huet hir Quell um Col de Bussang, no bei Rupt-sur-Moselle an de Vogesen op enger Héicht vu 735 m a leeft no 544 km um Däitschen Eck zu Koblenz an de Rhäin.

Den Numm Musel geet zeréck op dat keltescht Mosea iwwert d'laténgescht Mosella, dat eng Verklengerungsform vu Mosa, dem laténgesche Numm vun der Meuse ass, déi zäitweileg parallel dozou gelaf ass. De réimeschen Dichter Ausonius huet hir schons am 4. Joerhonnert e literarescht Monument gesat (Lëtzebuergesch Iwwersetzung vum Robert Bruch).

D'Musel bei Waasserbëlleg

A Frankräich gëtt d'Musel den Departementer Moselle a Meurthe-et-Moselle den Numm. Tëscht Metz an Diddenuewen leeft se duerch eng staark industrialiséiert Géigend; knapps virun der Lëtzebuerger Grenz fänkt de Wäibau un.

[änneren] Wäibau

Zu Lëtzebuerg an an Däitschland ass d'Musel eng wichteg Wäibauregioun. Zu Lëtzebuerg kritt de Wäin dee vun do hier kënnt, an déi gesetzlech Oploen erfëllt, eng Appelation d'origine contrôlée. An Däitschland zielt se zum Ubaugebitt vun der Mosel-Saar-Ruwer.

De Wäibau un der Musel geet op d'Réimer zeréck.

[änneren] D'Musel als Grenzfloss

D'Musel mécht op der ganzer Längt vu 37,35 km laanscht Lëtzebuerg, d'Grenz mat Däitschland vu Waasserbëlleg bis op den Dräilännereck zu Schengen, an duerno mat Frankräich bis op d'Héicht vun der Grenzmaark FL 241 déi am Süde vum Stroumbierg um lénksen Uwänner vun der Musel steet.

Op deem Deel tëscht Lëtzebuerg a Frankräich ass fir d'Landesgrenz, d'Mëtt vum Floss festgehalen. Op deem Deel laanscht Däitschland sinn d'Landesgrenzen op de respektiven Uwännere festgehalen, an déi ganz Fläch vun der Musel gëtt op där Streck als Condominum behandelt, deen am Kader vun engem Staatsvertrag tëscht dem Lëtzebuerger Staat an der Bundesrepublik Däitschland, zu Lëtzebuerg den 19. Dezember 1984 ënnerschriwwe gouf.

[änneren] Nieweflëss

Schëff op der Musel bei Wasserliesch

[änneren] Uertschafte bei der Musel

Fir eng komplett Lëscht, kuckt: Lëscht vun den Uertschafte bei der Musel

D'Musel (uewen am Bild) leeft zu Koblenz um "Däitschen Eck" an de Rhäin

[änneren] Schëfffahrt

Besonnesch Frankräich war drun interesséiert, datt grouss Schëffer d'Musel erop kinnte fueren, well esou déi loutrengesch Industriegebidder iwwert de Rhäin un d'Mier ugebonne wieren. 1956 ass et zu engem Vertrag tëscht den dräi betraffene Länner komm, datt d'Musel sollt kanaliséiert ginn.

1967 war et esou wäit: déi kanaliséiert Musel gouf tëscht Metz a Koblenz als Schëfffahrtsstrooss mat 18 Schleise fräiginn. Nieft Penichen, déi Gidder transportéieren, ginn et och en etlech Ausfluchsschëffer, déi mat Touristen u Bord tëschent de Wäindierfer hin an hier fueren.

[änneren] Literatur

  • Myriam Sunnen, 2008. D'Musel. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 235-240. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporté, éditeurs. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.

[änneren] Kuckt och

Commons: Mosel – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools