Diddenuewen
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Diddenuewen-Ost Diddenuewen-West |
||||
| Kanton | Thionville-Est Thionville-Ouest |
||||
| Code Insee | 57672 | ||||
| Postcode | 57100 | ||||
| Koordinaten | 49° 21' 32" N 06° 10' 09" O |
||||
| Fläch Uertschaft | 4.986 ha | ||||
| Bevëlkerung Uertschaft | 41.795 (2007) | ||||
Diddenuewen (fr.: Thionville; de.: Diedenhofen) ass eng franséisch Stad am Departement Moselle an den Haaptuert vun zwéin Arrondissementer an zwéi Kantonen.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geographie
Diddenuwen läit am Dall vun der Musel, a mat Ausnahm vum Quartier mat der Gare läit d'Stad ganz um lénksen Uwänner.
D'Stad Diddenuewen huet sech staark duerch Fusioune mat Nopeschgemengen vergréissert :
- Veymerange am Joer 1967
- Volkrange mat den Uertschafte Metzange a Beuvange am Joer 1969
- Koeking an Œutrange am Joer 1970
Nopeschuertschaften: Algrange, Angevillers, Entrange, Cattenom, Hettange-Grande, Florange, Illange, Manom, Terville, Yutz.
[änneren] Geschicht
Diddenuewen gëtt fir d'éischte Kéier an enger Chronik vum Joer 753 ernimmt, an zwar als Theodonis Villa. D'Stad huet bis zum Joer 1659 zum Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert an ass nom Traité vun de Pyrenäen u Frankräich gaangen. Vun do u war se bal an den Hänn vun de Fransousen, bal an deene vum Däitsche Räich. Vun 1918 u gehéiert Diddenuewen zu Frankräich, wann ee vun der däitscher Okkupatioun am Zweete Weltkrich emol ofgesäit.
[änneren] Demographie
Während der Industrieller Revolutioun ass d'Bevëlkerungszuel vun Diddenuewen schëtzeg an d'Luucht gaangen. Wéinst dem economesche Réckgank an de 1970er Joren huet se dunn awer nees ofgeholl, wat souguer nach haut an der Agglomeratioun esou weidergeet, wann och e wéineg méi lues. Diddenuewen selwer a seng Faubourgen hunn zënter den 90er Joren awer nees zougeluecht, virun allem duerch eng nei Populatioun vu Frontalieren, déi all Dag a Richtung Lëtzebuerg schaffe fiert. Doduerch sinn zu Diddenuewen d'Immobiliepräisser och däitlech geklommen, mee ëmmer nach net grad esou staark wéi zu Lëtzebuerg selwer.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
- Departement Moselle
- Arrondissementer am Departement Moselle
- Kantonen am Departement Moselle
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Moselle
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Diddenuewen – Biller, Videoen oder Audiodateien |