Manom

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Manom
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Blason Lorraine.svg Loutrengen
Departement Blason département fr Moselle.svg Moselle
Arrondissement Diddenuewen-Ost
Kanton Yutz
Koordinaten Gnome-globe.svg49° 22’ 11’’ N
     06° 11’ 20’’ O
Bevëlkerung Uertschaft  2.700 ((2005))

Manom (Munnowen oder Munnhuewen bei der eelerer Bevëlkerung), (Postcode:57100) , ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle a Loutrengen.

An der Uertschaft, déi zum Arrondissement Thionville-Est, am Kanton Yutz gehéiert, liewen 2.700 Awunner (Stand 1999).

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Manom läit un der Kandel, déi do an d'Musel leeft, 3 km nordëstlech vun Diddenuewen.

Awunner[änneren | Quelltext änneren]

D'Awunner ginn "Manomois" genannt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Zanter der Steenzäit ass d'Géigend vu Manom bewunnt. Keltegriewer, déi 1946 um Flouer Keltestreeschen fonnt goufen, weisen op eng Besiddlung zu där Zäit hin. Den Numm Manom huet sech aus dem germaneschen Munn-owen entwéckelt, wat op e gewësse Munno, deen hei eppes ze soen hat, zréckgeet. 1050 ass et fir d'éischt schrëftlech ernimmt ginn. Deemools war et nach keen Duerf, just e puer eenzel Häff, déi zu der Herrschaft Meilburg. 1160 ass et deelweis un d'Herschft Lagrange (oder Scura/Scheure) iwwergaangen, och d'Abtei St. Maximin vun Tréier hat hei Lännereien. 1467 ass et Lehen vum Herzogtum Lëtzebuerg ginn. Zanter dem Traité vun de Pyrenäen gehéiert et zu Frankräich. Tëscht 1870 an 1919 wou et zum Däitsche Räich gehéiert huet, gouf et Monhofen genannt.

Manom ass mat Diddeleng jumeléiert.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Persounen an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]