Postcode

Vu Wikipedia
Stroosseschëld am Postdistrikt 2 zu Cork

De Postcode ass en Ensembel vun Zifferen an/oder Buschtawen dee vun de Postgesellschafte gebraucht gëtt fir d'Verdeelung an d'Sënnere vum Courrier méi séier a méi einfach kënnen ze maachen.

Postcode kënne vun automatesche Sënnermaschinne gelies ginn, an d'Verdeelung vum Courrier op déi respektiv Verdeelerplaze ka sou ouni manuell Interventioun gemaach ginn.

D'Postcode vun de verschiddene Länner sinn am Prinzip no geographeschen Zonen agedeelt. Verschidde Spezialcode si fir Postkëschten oder wéi z. B. a Frankräich fir Institutiounen oder Entreprise reservéiert. Dat ass do de System CEDEX (Courrier d'Entreprise à Distribution Exceptionnelle).

Zu Lëtzebuerg gouf de Postcode 1980 agefouert a besteet aus 4 Zifferen. Mat him gi ganz prezis d'Stroossen an den Uertschaften definéiert, an heiansdo sou, datt souguer déi riets an déi lénks Säit ënnerscheet gëtt, oder eng méi laang Strooss vun enger bestëmmter Hausnummer un en anere Code kritt. Och gréisser Entreprisen, Administratiounen a Postkëschtadressen hunn hiren eegene Postcode.

Zu Singapur huet all gréissert Gebai säin eegene Postcode.

Irland ass dat eenzegt Land an der EU, dat laang kee landeswäite Postcodesystem hat. Just an de Stied Dublin a Cork gouf en een- oder zweestellege Code benotzt[1], ier 2015 den Eircode agefouert gouf[2].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Postal Addresses in Ireland
  2. Getting an Eircode. www.eircode.ie. Gekuckt de(n) 2020-12-05.